Aktualitéitsstonn iwwert d’Situatioun vun den Aarbechter mat enger Behënnerung

Published by Piraten on

Sven Clement:

Merci, Här President.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, als Éischt e schéine Bonjour un déi zwou nei Kolleeginnen. Mir gesinn dann déi nächst Wochen a Méint, wat déi nei Impulser an der Chamber wäerte sinn.

Loosst mech awer haut iwwer e Sujet schwätzen, dee mer um Häerz läit, nämlech iwwert d’Situatioun vun Aarbechterinnen an Aarbechter mam Statut vum Travailleur handicapé. Mir hunn dës Aktualitéitsstonn ugefrot, fir zesummen iwwer hir Situatioun ze schwätzen a méiglech Verbesserungen unzestoussen.

D’Piraten sinn der Meenung, datt dee jëtzege System vereelzt ass an datt dëse Leit onnéideg Steng an de Wee geluecht ginn. Et fänkt schonn u mam Statut. D’Gesetz vun 2003 ass an eisen Aen net méi zäitgeméiss. Fir sech kënnen als Travailleur handicapé anzeschreiwen, muss een ënner anerem jo virweisen, datt een eng Aarbechtsbeanträchtegung vu mindestens 30 % huet.

Persounen, déi d’Konditioune fir de Statut erfëllen, ginn dann awer oft op den zweeten Aarbechtsmarché orientéiert a schaffen an den Ateliers protégés. D’Ateliere sinn definitiv luewenswäert Projeten, allerdéngs muss een och soen, datt Persoune mat
engem Handicap, déi an dësem System integréiert ginn, oft e Liewe laang do bleiwen. Et ass nämlech esou, datt d’Aarbechterinnen an d’Aarbechter an den Atelieren no de Besoine vum Atelier ausgebilt ginn.

Wann also en Atelier e Gäertner brauch, da gëtt een zum Gäertner ausgebilt, och wann ee virdru vläicht aner Saache geléiert hat an obwuel um éischten Aarbechtsmarché kaum Gäertner gesicht ginn. Doduerch kënne Persoune mat engem Handicap spéider de Wee net méi op den éischte Marché fannen an hunn am Liewe manner Opstigschancen. Och kënnen Aarbechterinnen an Aarbechter sech nëmmen an anere Beräicher weiderbilden, wann de Patron et wëllt.

D’Méiglechkeet, fir also spéiderhin an engem anere Beräich ze schaffen, een anere Beruff ze léieren, deen engem besser läit an deen engem vläicht och méi Spaass géif maachen, ass leider ganz geréng. Falls dann awer e Patron um éischten Aarbechtsmarché wéilt eng Persoun mat engem Statut astellen, verléisst dee sech heefeg drop, vum Staat ënnerstëtzt ze ginn.

Elo kann et awer sinn, datt de Patron, nodeems en d’Persoun agestallt huet, gesot kritt, datt e kee Recht op staatlech Hëllefen hätt, dëst well d’Perte de rendement vum Aarbechter manner wéi 40 % bedréit. Duerfir misst scho virum Ënnerschreiwe vum Kontrakt kënne festgeluecht ginn, ob dëse Patron Ënnerstëtzungen zegutt huet, an et misst och iwwerluecht ginn, fir de Seuil vu 40 % nach eng Kéier ze revidéieren.

Mam aktuelle System huet een nämlech net nëmmen dem Aarbechter Steng an de Wee geluecht op der Sich no senger Aarbecht, mee och nach dem Patron, deen dëser Persoun wéilt eng Chance ginn; eppes, wat nëmmen déi allerwéinegst Patronen am Privatsecteur leider maachen, wéi aus enger vu menge parlamentaresche Froen ervirgaangen ass.

Just zu Erënnerung: Laut Artikel 562 vum Code du travail misst u sech all Firma mat méi wéi 25 Salariéen op d’mannst eng Persoun mat Handicap astellen. Eng Firma mat méi wéi 300 Aarbechter misst 4 % vun hire Poste mat Persoune mat Behënnerung besetzen. Ma ech muss soen, ech war nawell fatzeg erféiert, wéi ech d’Zuele vum Minister kritt hunn. 98 %, 98 % vun deene grousse Firmen halen d’Quoten net an. 80 % sinn et bei de mëttelgrousse Firmen an 81 % bei de Betriber mat bis zu 50 Aarbechter.

Am Kloertext: Eng breet Majoritéit ignoréiert d’Gesetz. Eleng am Privatsecteur sinn also ronn, wann ee just déi ënnescht Seuile géif kucken, 4.700 Plazen, déi laut Quote misste vu Persoune mat Handicap besat sinn, net un dës Leit gaangen.

Dëst geléngt awer just, wa mer se an Domäne weiderbilden, déi um éischten Aarbechtsmarché gesicht ginn, woumat mer dann erëm beim éischte Stolpersteen zréck sinn.

Och ass, niewebäi bemierkt, net sécher, datt d’Quote beim Staat respektéiert ginn. D’Inneministesch huet mer nämlech nach an enger Äntwert op eng aner Fro geäntwert, datt si net kéint soen, ob déi 5 % vun de Gemenge respektéiert ginn.

D’Quoten aus dem Code du travail bréngen de Leit um Terrain also effektiv näischt. Ech denken awer net, datt d’Quoten u sech hei eng schlecht Iddi sinn. Ech si just der Iwwerzeegung, datt se mussen iwwerschafft ginn, fir datt méi Persoune mat Handicap och wierklech eppes dovunner hunn an och eng Aarbecht am Privatsecteur kënne fannen. Well de Quoteregimm vun haut leet de Leit zwar keng Steng an de Wee, mee en hëlleft hinnen definitiv net derbäi, hire Wee ze fannen.

An da komme mer bei dee leschte grousse Steen, deen de Wee bei eng Aarbechtsplaz ka blockéieren; e Steen, fir deen de Mobilitéitsministère ganz eleng responsabel ass: d’Verdeelung vun den Adapto-Kaarten.

Wann et en Aarbechter trotz Handicap nämlech gepackt huet, eng Plaz enzwousch bei engem Patron ze fannen, wou e gutt Aarbecht leescht, da kann en deemno wéi trotzdeem net dohinner schaffe goen. Firwat? Ma well de Mobilitéitsministère decidéiert, datt hie capabel ass, capabel, fir op den ëffentlechen Transport zréckzegräifen, fir op seng Aarbecht ze kommen. Dës Entscheedung gëtt deemno wéi géint den Avis vum Hausdokter vun der jeeweileger Persoun getraff.

Verschiddener vun Iech wäerten den „Tageblatt“-Artikel gelies hunn, wou genau esou e Fall beschriwwe ginn ass. Den Här aus dem Artikel ka wéinst Gläichgewiichtsstéierungen net de Bus op d’Aarbecht huelen, well deen zu Stousszäite rammelvoll ass a well e sech net unhale kann. Den Här huet seng Aarbechtsplaz just net verluer, well säi Patron domat averstane war, datt en zu aneren Aarbechtszäite schaffe kënnt. E Patron aus dem ëffentlechen Déngscht, muss een dobäi soen. Deen Här kéint am Bus falen a sech verletzen, hie kéint nach ëmmer seng Aarbechtsplaz verléieren an hie kann och net méi esou einfach um gesellschaftleche Liewen deelhuelen. A firwat? Well de Staat Geld wëllt spueren!

580 Persounen, déi virun der Reform vun 2020 eng Kaart haten, krute keng méi accordéiert. Dat spuert dem Staat 1,2 Milliounen Euro d’Joer. Wann ee bedenkt, datt de Fuerpark vun der Regierung an de Beamten de Staat all Joer 14 Millioune kascht, da muss ee sech ganz kloer soen: Dat kann ech net novollzéien, beim beschte Wëllen net.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech hunn hei elo véier grouss Stolpersteng genannt. Mee et ginn och nach Honnerte méi kleng Steng, op déi d’Leit mat enger Behënnerung an hirem Alldag stoussen, Hindernisser, deene mer eis heibannen net bewosst sinn. Duerfir wëll ech op dëser Plaz och nach derfir plädéieren, datt méi mat de Leit um Terrain zesummegeschafft gëtt.

Ech hu mech am Virfeld vun dëser Aktualitéitsstonn mat verschiddene Vertriederinnen a Vertrieder zesummegesat. Si all hu sech gewënscht, méi an d’Decisioune vun de Ministèren agebonnen ze ginn. Leit mat Handicap fille sech vum Staat bevormund. Dobäi kann een als Mënsch ouni Behënnerungen engem Mënsch mat Behënnerunge just dann d’Liewe méi einfach maachen, wann een dësem nolauschtert a versteet, wou d’Problemer sinn.

D’Politik muss hir Meenungen a Virschléi eescht huelen an net ignoréieren. E kierperlechen Handicap ass net automatesch och e geeschtegen Handicap. A mir mussen aus enger paternalistescher Approche erauskommen. Persoune mat enger Behënnerung si scho mat genuch Erausfuerderungen an hirem Alldag konfrontéiert. De Staat muss also säi méiglechst maachen, fir dëse Persounen de Wee an d’Aarbechtesou einfach wéi méiglech ze maachen. De Staat muss Patronen ënnerstëtzen, déi eng Persoun mat Handicap astellen. D’Krittäre fir d’Adapto-Kaarte vun 2020 musse réckgängeg gemaach ginn an de Statut vum Travailleur handicapé, d’Quoten an d’Hëllefe fir d’Patrone mussen iwwerschafft ginn.

Dës Leit brauche kee Staat, deen hinne weider Steng an de Wee leet. Si brauchen e Staat, deen hinnen eng Hand reecht an hinnen hëlleft, hire Wee ze goen. De System, dee mir am Moment hunn, ass am beschte Fall eng Plooschter op eng Schosswonn. Mir sinn nach wäit ewech vun enger reeller Gläichstellung vun der Aarbecht a richteger, geliefter Integratioun. A vun Inklusioun muss ee bal net schwätzen.

Duerfir kommt, mir schaffen zesummen u Verbesserungen, déi bei de Leit um Terrain ukommen, déi mat hinnen zesummen ausgeschafft ginn, a mir entscheeden net iwwer hir Käpp ewech.

Merci.


0 Comments

Leave a Reply

Your email address will not be published.

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.