Aktualitéitsstonn iwwert d’Lëtzebuerger Kooperatioun

Published by Rebecca on

Sven Clement:

Merci, Här President.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, fir d’alleréischt wëll ech der Madamm Mutsch an der LSAP Merci soe fir d’Ufro vun dëser Aktualitéitsstonn, well et ass e wichtegt Theema.

Mir Piraten sinn och frou, datt d’Kooperatiounsassisen dëst Joer erëm konnte stattfannen an esou erëm mat den Acteuren um Terrain iwwert d’Lëtzebuerger Entwécklungshëllef konnt diskutéiert ginn.

D’Piraten freeë sech virun allem, datt d’Égalité du genre – also ee vun den dräi Kärtheeme vun der Lëtzebuerger Entwécklungshëllef – festgehale gouf. Covid huet vill Projeten no hanne verréckelt an d’Zukunft vu ville Kanner op d’Spill gesat. Laut den Zuele vun der Unesco wäerte 24 Millioune Schülerinnen a Schüler de Wee an d’Schoul net méi zréckfannen. Covid eleng huet d’Käschte fir de Bildungssystem an äermere Länner laut dem Global Education Monitoring Report ëm 50 Milliarde klamme
gelooss. Virun allem Meedercher a Kanner mat Handicap hunn hir Chance op Bildung an deene leschte Wochen, Méint, jo, an deem leschte Joer verluer. Dës Kanner gi vun hiren Elteren erëm schaffe geschéckt. Laut Unicef kéint d’Unzuel vu Kanneraarbechter esou déi éischte Kéier zanter 20 Joer erëm klammen. D’Kanner an hir Eltere wäerten Hëllef brauchen, fir erëm aus dësem Lach erauszefannen.

D’Piraten si frou, datt d’Gläichberechtegung bei all zukünftegem Investissement vu Lëtzebuerg sollt eng Roll spillen. Allerdéngs liest een am Plang vun der Regierung ganz vill vun der Gläichberechtegung tëscht Mann a Fra an net vill iwwert d’Rechter vun der LGBT+-Community. Mir all wëssen, datt Persoune wéinst hirer Sexualitéit oder hirem Geschlecht nach ëmmer a ville Länner ausgeschloss oder souguer bestrooft ginn. Dorun huet och d’Deklaratioun vun der EU, sech selwer als LGBTIQ-free-Zone – also fir sech do dergéint ze stellen – net direkt eppes geännert, och wann et e ganz wichtegt Zeeche war.

„Leave no one behind“ soll jo ee vun eise Mottoen a puncto Entwécklungshëllef sinn. A genau dorop poche mir Piraten och weiderhin. Fir eis musse Länner, déi Hëllef vu Lëtzebuerg kréien, sech net nëmme fir e politescht Matsproocherecht fir Fraen an eng Reduktioun vu Gewalt asetzen, mee se mussen och kloer weisen, datt LGBTQ+ Persoune bei hinnen als gläichwäerteg Membere vun der Gesellschaft unzegesi sinn, an dëst och net spéitstens 2030, mee elo direkt.

D’Piraten fuerderen, datt d’Kooperatiounspolitik vun eisem Land onofhängeg vun eise wirtschaftlechen Interessen ass. Duerfir sti mer der Prioritéit vun der Regierung, fir d’Finanzsecteuren an dëse Länner a puncto Digitaliséierung a Cybersecurity weiderzedreiwen, dach e bësse skeptesch géintiwwer.

Natierlech mussen déi sougenannt „FSPen“ (ndlr: Financial Service Provider) an dëse Länner hir Servicer kënne sécher ubidden, an natierlech huet Lëtzebuerg e groussen Knowhow weiderzeginn. Mee de Saz – an ech zitéieren – “As […] populations gain extended access to financial services, they can undertake investments in essential social services, which in turn improves their livelihoods” ass dach awer e bëssen ze kuerz gefaasst, well d’Mënschen am Mali am Moment wuel aner Suergen hu wéi de sécheren Accès op eng Bank.

Ech selwer hunn et am Senegal erlieft, wéi schwiereg d’Situatioun um Terrain ass, och wa Mikrokreditter zur Verfügung stinn, och wann et Mutualitéite gëtt. An do schwätzen ech nach net vun enger multinationaler Bank, mee wierklech vun enger Mutualitéit, déi um Terrain probéiert, Mikrokreditter ënnereneen ze vermëttelen. Mee dat ass net déi éischt Suerg vun de Leit!

Déi éischt Suerg vun de Leit um Terrain ass meeschtens, eng gutt Bildung ze kréie fir hir Kanner, wa se sech dat leeschte kënnen. Haaptsächlech eeben och fir Kanner, déi vläicht aus nach méi prekäre Situatioune kommen, haaptsächlech och behënnert Kanner. Dat ass e risege Problem, well déi Schoulsystemer si meeschtens net ekipéiert.

Dann hu mer de Problem vu Koranschoulen, eppes, wat souwisou och e ganz abstruust Konzept ass, wann ee sech dat hei zu Lëtzebuerg eng Kéier ukuckt, mee bei deem Kanner awer wéinstens – an do gesäit een dann och d’Kompromësser an der Entwécklungspolitik – nach iergendeng Bildung kréien! Soss wär d’Alternativ, datt se schaffe geschéckt ginn.

Mee den Accès zur Bank oder en digitale Bankeservice, wéi mir dat kennen, gëtt et do net. Ech si ganz éierlech: Ech hunn och e bëssen Zweifel dorunner, ob eis Finanzplaz, déi scho Richtung Webbanking, Digital Banking, Mobile Banking geet, iwwerhaapt direkt déi richteg Kompetenzen huet, fir mat engem afrikaneschen Handysprovider kënnen ze kooperéieren, bei deem et nach ëm ganz aner Zougäng zum Bankesystem geet, wéi dat hei zu Lëtzebuerg respektiv an der éischter Welt am Moment de Fall ass.

Wéi gesot, Lëtzebuerg huet eng gewëssen Expertis, an déi solle mer och weiderginn. Mee Piliere wéi Gläichberechtegung an Aarbechtsplazen am Secteur vun der Nohaltegkeet schafe sinn awer fir eis méi wichteg Prioritéiten, wéi datt mer Digitaliséierung a Cybersecurity vu Financial Service Providers stäerken.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, mir si mat den Ziler vun der Regierung, esou wéi se an den Assisë presentéiert goufen, grondsätzlech averstanen. Bildung, Gläichberechtegung an de Kampf géint op Geschlechter baséierend Gewalt dierfen net eréischt 2030 bei all eise Projeten eng Roll spillen, mee mussen haut schonn den Eckpeiler vun eiser Entwécklungspolitik sinn.

Mir sinn duerfir mat der genereller Richtung averstanen, wat d’Kooperatiounspolitik ugeet. Mee mir wëllen drop hiweisen, datt mer eis als eent vun deene räichste Länner op dëser Welt dach méi e héicht Zil misste setzen, wéi nëmmen „do not harm“.

Ech soen Iech Merci.


0 Comments

Leave a Reply

Your email address will not be published.

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.