Aktualitéitsstonn iwwert d’Hausse vun der Bensinnstax

Marc Goergen:
Merci, Här President.
Merci der CSV fir dës Aktualitéitsstonn, déi wierklech wichteg ass, well mir sinn, och wa Corona elo eng Kéier méi lues wäert trieden, nach ëmmer an enger Klimakris. Dat däerf ee bei deem ganzen Theema net vergiessen. An all Drëps Pëtrol, déi iergendwou duerch e Motor geet, verknascht herno eis Loft. Dat däerfe mer och bei där ganzer Diskussioun net vergiessen. A mir Piraten erkenne ganz kloer d’Klimakris un an dofir och, dass muss reagéiert ginn, och wann dat eeben onpopulär ass. Et ass natierlech méi populär ze soen, et misst alles bëlleg sinn, mee mir hunn nun emol och eng Klimakris, déi sech net einfach esou vum selwe wäert léisen.
Bei de Virbereedungen hu mer geduecht, et géif e bësse méi ëm d’CO2-Steier goen. Et ass esou, dass jo elo vill gezielt ginn ass vun all den Haussen, déi awer guer näischt mat der CO2-Steier a sech ze dinn haten. Dat si Phenomeener vun der Bourse. An ech mengen, et ass och elo keng Partei – d’CSV an den ADR hu jo e bëssen an déi Richtung gedréckt mat den Haussen -, déi elo seet: „Mir ginn hin a mir huelen zu Lëtzebuerg d’Präisgestaltung vun de Boursen ewech!“ Well dat wär jo eigentlech d’Léisung gewiescht. Hei sinn et jo d’Boursen, déi de Präis eropgedréckt hunn. Ech hu mol bei de Recherchë fonnt, dass de Barrel bis zu 71 % deementspriechend eropgaangen ass, natierlech duerch politesch Iwwerleeungen. Déi aktuellsten ass do sécherlech elo den Iran, wou mer op Walen zousteieren an d’OPEC am Moment de Krunn zouhält, well se net wëssen, wéi do d’Walen ausginn an deementspriechend hei dann de Pëtrol an d’Luucht geet.
Déi aner Alternativ wär eeben do fir ze soen – a Lëtzebuerg ass schonn europäesch gesi fortschrëttlech -, dass een e Präis huet, deen awer fix ass. Gitt eng Kéier an Däitschland tanken. Do tankt der all Stonn fir en anere Präis! Bon, ech behaapten elo mol einfach: Do sinn d’Pëtrolsentreprisen déi grouss Gewënner an net de Bierger!
Mir zu Lëtzebuerg hunn awer nach e System, wou de Präis op d’mannst regléiert ass, wat awer fir eis net heescht, dass mir am Moment géife soen, de Bensinnspräis, Pëtrolspräis – och wa mir d’CO2-Steier nawell sympathesch fannen, och wa se eis
net sozial genuch ass -, wär fair. Et ass nämlech esou, dass dës Regierung nach ëmmer zouléisst, an dat hate mer deemools scho gesot, dass grouss Camionsentreprisë mat Remisen tanke ginn. Dat heescht, de klenge Bierger bezilt elo de volle Präis vun den Haussen, a grouss Entreprisë bis hin zu Firmen, déi dann déi Kaarten hunn, dat sinn déi schéi Plastikskaarten, déi kréien dann 2, 3, 10 Cent Remisen op der Statioun.
Dat ass fir eis net dee richtegen Effekt, deen ee wëllt hunn, wann ee wierklech eng Klimakris wëllt bekämpfen. Dat selwecht kënnt bei den Ongerechtegkeete fir de Kerosinn. Dir hutt nach ëmmer keng Lenkungsmanövere gemaach, fir iergendwéi de Kerosinn anzegrenzen. Den Här Bausch huet mer gëschter nach op eng Question parlementairegeäntwert, an ech huelen do fairerweis 2019 … 2020 war jo e Coronajoer, an do ass jo méi geflu ginn, fir eebe Material eranzebréngen. D’Cargolux …, den Här Bausch huet déi leschte Kéier hei grouss ervirgehuewen, wéi erfollegräich hien d’Gesellschaft gemaach hätt vun un, dass hien do ass. Dat heescht, hien ass och verantwortlech fir déi CO2-Emissiounen, déi bäikomm sinn.
Dat heescht, eng Cargolux, déi flitt zum Beispill mat 1,1 Milliounen Tonne Kerosinn. Dee klenge Mann op der Pompel, dee seng 50 Liter tanke geet, muss bezuelen, awer déi grouss, zum Beispill eng Airline mat 1,1 Milliounen Tonne Kerosinn nix, keng Accisen, näischt! Dat ass de Problem.
Dat mécht dann 3,6 Milliounen Tonnen CO2, als Beispill. Do geet awer keen drun. Mee dee klenge Mann op der Tankstell mat senge 50 Liter, dee muss awer bezuelen. Bon, ech schwätzen Iech elo guer net vun Ärer Militärflott, déi Der bestallt hutt als gréng Partei, well ech mengen, do wär d’Bilanz net besser am Kerosinn.
Dat selwecht, jo, do hate mer och virun zwee Joer eng Motioun, wann een higeet an et hëlt een déi 200 Schëffer, déi Der fuere loosst ënner Lëtzebuerger Fändel, och alt nees ouni iergendee Wierkungsgrad oder soss eppes. Mee de Mann op der Tankstell muss fir seng 50 Liter seng CO2-Steier bezuelen.
Dann zum Tanktourismus: Jo, ech hunn e puer Interviewe gelies an der Virbereedung vum Här Turmes, dass dat dote vläicht Lenkungsméiglechkeeten hätt. Et muss een awer och éierlecherweis soen: Wat maache mir mam Tanktourismus? Ma zumindest hei an der Regioun ënnergruewe mer d’Méiglechkeeten, déi déi aner Regierungen aus den Nopeschlänner sech huelen, fir op d’Klima anzewierken, andeems mir einfach higinn an hire Leit hei de Bensinn méi bëlleg verkafen. Dat ass net wierklech e richtege Klimaschutz. An ech erhoffe mer och do, dass grad vun engem grénge Minister wäerten nei Moossname kommen. Well Dir wësst selwer, an ech mengen, Dir hutt et och schonn e puermol op der Tëlee gesot, wivill Ëmweeër e Camion iwwerhaapt a Kaf hëlt, fir op Lëtzebuerg tanken ze kommen, trotz CO2-Steier nach, well mer nach ëmmer vill méi bëlleg sinn.
Dat selwecht, an dee Projet kënnt och nach eng Kéier an d’Chamber, mir schwätzen hei vun enger Lenkung, déi Der wëllt erzilen iwwert d’CO2-Tax, Dir hëlleft awer elo zum Beispill zu Steebrécken erëm, eng Megatankstell ze bauen. Dat heescht, mir wëllen, dass de Konsum erofgeet, ginn awer Projeten hei eran an d’Chamber, fir dass de Konsum erëm soll eropgoen. Wësst Der, dat ass e bësse kontradiktoresch, wa mer wierklech eng CO2-Steier wëlle maachen, déi awer de Klimaschutz als Zil huet an net nëmme fir ze soen: Mir hunn iergendeppes gemaach.
Als Fazit also: Déi ganz CO2-Steier, wa se fir de klenge Bierger ugewannt gëtt, muss se awer och sozial gerecht a fair fir jidderee sinn. Well et gëtt Konsumenten, déi vill méi Ëmweltschied maachen, déi vill méi Pëtrol, Kerosinn verbrauche wéi e klenge Bierger mat senge 50 Liter. An do muss gehandelt ginn an d’Ongerechtegkeete mussen aus der Welt geschaf ginn an et musse méi fair Moossname komme fir de Klimaschutz.
Merci.

Zesummenhang posts

 Dëst Joer gouf zu Rodange ee Park&Ride mat iwwer 1500 Parkplazen opgemaach.  An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt: Am Koalitiounsaccord
Präsent vum Präsidium waren : Gilles, Marc, Sven, Mandy, Camille, Starsky, Raymond.  Debut 9h00, Schluss 15h00 Walanalyse 2023 (Huis Clos)  D’Parteileedung huet aus strategesche Grënn
De Centre pénitentiaire d’Uerschterhaff ass zoustänneg fir d’Leit, déi an Untersuchungshaft sinn. Eisen Informatiounen no, si beim Bau vum Uerschterhaff och Büroe fir Untersuchungsriichter