Här President,
Et ass ee Mix aus Trauregkeet a Roserei
Ja, och bei den Awunner hei am Land.
Laang war een net méi gewinnt, Zuelen ze héieren, wéi Kanner musse stierwen. Dat net duerch iergend eng Pandemie, en Ongléck oder eng Naturkatastrophe, mee gewollt duerch Waffen aus engem anere Land, Zaldoten wou bewosst dohin geschéckt gi sinn.
Ech mengen déi Biller wou mir gesinn hunn, wou ganz normal Awunner, quasi mat engem Reech sech virun de Panzer stellen, fir dass deen net an d’Ukrain erakënnt. Dat si Biller, déi een aus dem europäesche Kontinent net méi kannt huet, an op d’Schlëmmst ze verurteele gëtt. An do gëtt et och keng Nuance oder eng Excuse, déi ee kéint fannen fir dat Verhale vun der aktueller russescher Regierung.
Elo musse ganz kloer d’Limitten opgewise ginn fir de Präsident Putin, well, mir mussen eis jo näischt virmaachen, wann en d’Ukrain sollt kréien, wat mir als Piraten net hoffen, mee sollt kréien, wäert déi Persoun mat deem psychologesche Schema wou an am Moment fiert net an der Ukrain ophalen.
Mir Piraten ënnerstëtzen d’Material an och d’Waffe-Liwwerung wou d’Lëtzebuerger Regierung beschloss huet, un d’Ukrain.
Wat d’Sanktiounen ugeet,
D’Energiepolitik, ja, déi musse mir iwwerdenken. Mir sinn awer nu mol lo an der Situatioun, dass mir et net vun haut op muer iwwerduecht kréien. Dass mir net einfach et geännert kréien.
Ech war selwer iwwerrascht, dass mir iwwerhaapt hei en RT-Sender, ech sinn och Client bei déier Lëtzebuergescher Kommunikatiounsfirma, dass mir iwwerhaapt sou eppes hei am Fernsee hunn.
Dat wär keng Meenungsfräiheet, genau am Contraire.
Eng kléng Kritik bréngen ech awer dann och un, un d’Lëtzebuergesch Regierung, wou mir mussen e klénge Schrëtt nobesseren, an ech mengen och do op oppen Oueren ze stoussen.
Mee d’Lëtzebuergesch Regierung huet awer Moyenen fir déi op de Buedem ze bréngen an ech mengen do stoussen ech op oppen Oueren fir dass net mir herno als Land do stinn, wou dat Lach opgelooss huet.
Et muss een och ganz kloer soen, et dierf een elo net all russeschen Bierger verdamen, am Contraire.
Ech mengen dir hutt alleguerte matkritt, déi éischt Demonstratiounen, wou d’Bevëlkerung, a mäi Respekt gëllt all deene Leit, déi de Courage iwwerhaapt hunn fir zu Moskau oder St. Péitersbuerg op d’Strooss ze goen fir ze demonstréieren.
Dass de Präsident déi mat, ja, aller Gewalt rëm agedämmt huet, fir dass och nëmme net iergend eng Demonstratioun ka stattfannen, mee ech si fest dovun iwwerzeegt, dass e groussen Deel vun deene Leit déi a Russland liewen net averstane sinn, mat deem wat hire Präsident gemaach huet.
Zu der Demande fir den EU-Bäitrëtt vun der Ukrain, do sti mir Pirate ganz favorabel fir dat Verfaren opzehuelen. An dat ass och en Dossier, wou bësse leie bliwwen ass, well bekanntlech, 2014 bei der oranger Revolutioun, waren déi Diskussioune schonn, mee, egal wéi mir d’Verfaren herno géingen dréinen a kéieren, wäert dat an der aktueller Situatioun leider net schnell genuch sinn, fir der Ukrain ze hëllefen.
D’Solidaritéit an Europa ass immens wichteg. Ech kann se och bal nëmme luewen, haut koum e klénge Bémol bäi, wéi Ungarn gesot huet, se géinge keng Waffeliwwerunge vun europäesche Länner duerchloossen. Ech huelen dat mol einfach als, naja…
Dir kennt den Orban.
Mee, déi grouss Solidaritéit an Europa steet awer an ech mengen mir wäerten och nach um diplomatesche Wee, Ungarn iwwerzeegen fir déi Waffeliwwerung, och vun hirer Grenz duerchzeloossen.
Wa mir alleguerten zesummenhalen als Europa, NATO, weltwäit, ech mengen dir musst iech bewosst sinn, och Australien mécht mat, ganz wäit ewech, dir Waffen ze liwweren, fir der Ukrain ze hëllefen, kënne mir déier Situatioun entgéint goen.
Et ass elo de Moment fir der russescher Regierung d’Limitten opzeweisen, fir net dass nach méi Leed wäert entstoen.
Merci.
- November 30, 2023
- 3:28 pm
- Parlamentaresch Froen, Wirtschaft
Ee Client, deen zu Lëtzebuerg een Abonnement fir Telefon an Internet kafe wëll, huet de Choix tëschent verschiddenen Ubidder a verschiddene Flatraten, déi jeeweils