M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, jo, Lëtzebuerg ass en trauregt Schlussliicht, wann et ëm d’sozial Ofséche- rung vu Mënsche geet, déi schaffe ginn. De Risiko, ënnert d’Aarmutsgrenz ze falen, ass immens héich fir Leit, déi Deelzäit schaffen, a fir Leit, déi eleng schaf- fen a Kanner hunn. Also, Elengerzéiend mussen hir Famill mat hirer Pai duerch de Mount bréngen.
Fir eis Piraten ass ganz kloer, datt deene Leit muss ge- hollef ginn, an dat net nëmmen op enger Front, mee op ville verschiddene Fronten. An do fänke mer u mat enger Steierreform, déi versprach gouf an net komm ass, déi awer misst kommen, fir déi Leit ze entlaasch- ten.
Mir Piraten fuerdere jo och eng Steierreform, déi géif op enger Individualiséierung baséieren. Dat heescht, datt Monoparentallen net méi géifen an eng méi onvirdeelhaft Steierklass zréckfalen, wa se de Status vum Monoparental kréien.
Dat bedeit och fir eis, datt de Mindestloun muss steierfräi sinn, an dann och bleiwen. Mam Mindest- loun muss et sech hei am Land liewe loossen! Mee haut geet et knapps duer fir ze iwwerliewen.
De Mindestloun non qualifié, no Ofzuch vun allem, no allen Transferten, läit netto ënnert dem Aarmuts- risiko. Mir hu 5.500 Leit an e puer, déi op abordabeleWunnraum waarde bei de staatleche Promoteuren. An d’Moyenne vun hirem Revenu pro Mount – also dat, wat se disponibel hätten, an do hu se nach keeLoyer bezuelt –: 1.700 Euro. 1.700 Euro ass 400 Euro manner wéi d’Aarmutsgrenz vun 2.111 Euro, déi mer de Moment hunn. Här President, fir eis ass dat net ak- zeptabel a mir mussen dorunner dréngend schaffen.
Fir eis ass awer och e weidere Schrëtt, fir d’Aarmut trotz Aarbecht ze bekämpfen, datt d’Interimagencë méi encadréiert ginn. Mir wëllen Interimaarbecht net verbidden – fir gewësse Leit an och fir verschidde Firme bitt et déi Flexibilitéit, déi se selwer sichen –, mee mir soe ganz kloer, datt et hei awer zu Abuse koum an och weiderhi wäert kommen, wa mer dat net strikt encadréieren.
Zum Beispill si Leit ëmmer erëm iwwert déi selwecht Agence bei deem nämmlechten Employeur agestallt ginn, ouni dee festen Aarbechtskontrakt ze kréien,deen am Gesetz u sech virgeschriwwen ass. Jo, et ass illegal! Mee wa keng Kontrollen do sinn a mer erwaarden, dass de Prekäersten an der Ketten op eemol dee mam meeschte Courage muss sinn, dann, mengen ech, hu mer net gutt geschafft.
Eng Politick, déi deene Leit zegutt kënnt, déi et brau- chen, dat bedeit fir eis och d’automatescht Ausbe- zuele vun de jeeweilege Steierkreditter fir déi Leit, déise zegutt hunn; dorënner zum Beispill de Crédit d’im- pôt monoparental. E soll net nëmmen automatesch ausbezuelt ginn an eisen Aen, nee, e soll och – änlech wéi d’Barèmen – indexéiert ginn, fir sécherzestellen, datt en de Leit och laangfristeg genuch hëlleft a mer net ëmmer erëm hei an der Chamber mussen iwwert déi nämmlecht Problematiken diskutéieren.
An och net nëmmen d’Steierkreditter sollen automa- tesch ausbezuelt ginn. Mee och Aiden, wéi zum Bei- spill d’Allocation de vie chère, sollen automatesch an all Mount de Leit zegutt kommen, wa se eligibel sinn.
Ech kann dat Argument, datt esou Saachen net méig- lech wären, u sech net méi héieren. Mir sinn 2023 a mir bréngen et fäerdeg, datt mer an engem Dag oder an zwee Deeg Produiten aus der ganzer Welt op Lëtzebuerg kréien, wann ee se bestellt. Mir kréie Virementen, wou mer et fäerdegbréngen, Instantané- Virementen ze maachen. A wann ech Viremente vum Staat kréien, dauert et ëmmer nach méi laang, wéi wann een e Virement vun enger Persoun bei eng aner mécht.
Et gëtt vill ze vill Leit, déi Aiden oder Crédit-d’impôten zegutt hätten a se duerch administrativ Hürde net ufroen. De Staat dierf hei net vun der Onwëssenheet vun de Leit profitéieren a muss deene Leit et esou einfach wéi méiglech maachen, fir un déi Aiden ze kommen, déi se zegutt hunn. Et kann net sinn, datt Geldausginn op enger Onlineplattform méi einfach ass, wéi eng Aide beim Staat unzefroen, déi een d’of- fice zegutt hätt!
Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, zum Schluss wëll ech awer de Kolleeginne vun déi Lénk Merci soe fir dës Heure d’actualité, well et ass e wich- tegt Theema. Et ass en Aarmutsbekenntnis fir eis Po- litick an et kann net esou weidergoen, wann ee sech d’Zuelen ukuckt. Dofir mussen déi Mesüren, déi ech elo hei ugerass hunn, séier ëmgesat ginn an ech hof- fen, dass déi nächst Regierung sech déi heite Propo- sen zu Häerz wäert huelen. Well leider schwätze mer all Joer iwwert dat nämmlecht, ouni datt sech nen- nenswäert eppes an déi richteg Richtung beweegt.