Agents de la coopération

Wéi vill Lëtzebuerger hunn de Statut vum Agent de la coopératioun a wéi ginn dës Leit agesat?
Mir hunn dem zoustännege Minister eng parlamentaresch Fro gestallt.

Mam Gesetz vum 6. Januar 1996 gouf de Statut vum Agent de la coopération geschaf. Dëse Statut kënnen Employéen aus Privatsecteur an och Staatsemployéen a Fonctionnaire kréien. Dës Persoune leeschten am Alldag e wichtege Bäitrag zur Kooperatiounspolitik um Terrain.

An deem Zesummenhang wéilt ech der Ministesch dës Froe stellen:

  • Opgedeelt no der Ënnerscheedung tëscht Privatsecteur, Employé de l’État a Fonctionnaire engersäits an opgedeelt no dem Déngschtalter anerersäits: Wéi vill Agents de la coopération sinn aktuell am Asaz?
  • Wéi vill dovunner sinn u lëtzebuergesch Ambassaden attachéiert? Wéi vill schaffen zu Lëtzebuerg?
  • Wéi vill Agente profitéiere vun enger indemnité de séjour? Wéi héich ass dës an der Moyenne? Ass dës un d’indemnité de poste vun den Diplomate gekoppelt? Wa jo, wéi eng Formel gëtt do applizéiert?

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen