Ännerungsvirschléi zum neie Waffegesetz

D’Piraten hunn am Kader vun den vum Gesetzesprojet n°7425, mat deem een neit Waffegesetz erschaaft soll ginn, eng Réi Amendementer proposéiert fir eventuellen Ongerechtegkeeten aus dem Wee ze goen, déi no der aktueller Fassung vum Gesetz géife entstoen.

Den Ursprong vun dem Gesetz ass eng europäesch Direktiv 2015/2403, déi eng Verschäerfung vum aktuelle Waffegesetz virgesäit. De Justizminister Felix Braz schéisst mat aktuelle Gesetz iwwert d’Direktiv eraus an esou sollen no der aktueller Fassung vum Gesetzesvirschlag vollautomatesch Waffe verbueden a neutraliséiert ginn.

D’Piraten heeschen ee méi strengt Waffegesetz wëllkomm, mee mir däerfen awer net Sammler, déi historesch Waffen an hirem Besëtz hunn, am Noeneen dofir strofen. Ënnert dem aktuelle Gesetz misst all Sammler seng funktionell vollautomatesch Waffen neutraliséieren oder ëmännere loossen. Dës huet fir déi Läit 3 Käschten zur Folge: ee Mol fir d’Waff beim Waffeschmëtt ze modifizéieren, dann d’Bezuele vun enger Tax bei der Armurerie de la Police Grand-Ducale an dann och de Wäertverloscht vun der Waff, dee jee no Modell e puer dausenden Euro kaschte kann.

Dofir proposéiere mir der Regierung, dass d’Waffen ënnert Opsiicht vun engem unerkannte Musée sollen deposéiert kënne ginn oder am Fall, wou ee Sammler sech decidéiert d’Waff ze neutraliséieren, dëst vun der Taxe à l’Armurerie vun der Police ausgeholl gëtt.

Hei sinn d’Amendementer, déi mir proposéiert hunn:

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen