Här President, Dir Dammen an Dir Hären,
Och eis Gedanke sinn um haitegen Dag beim Felix Braz a senger Famill a mir wënschen him vill Kraaft an dass hien erëm schnellstméiglech op d’Been kennt.
D’Piraten hunn elo wärend engem Joer Erfarungen am Parlament konnte sammelen a mir hunn eis mëttlerweil an eiser Roll als Oppositiounspartei mengen ech gutt agelieft. Mir wëllen eng konstruktiv a kompromëssbereet Politik maachen.
U sech ass et der Oppositioun hire Rôle, fir nom Etat de la Nation op dësen ze reagéieren an sech inhaltlech un deem ze reiwen, wat de Premier am Numm vun der ganzer Regierung iwwert den Zoustand vum Land an – vill méi wichteg – iwwert d’Visiounen an d’Pläng fir d‘Zukunft ze soen hat. Dëst fält mer haut ëmsou méi schwéier, well d’Ried vum Premierminister inhaltlech leider wierklech substanzlos war.
Mir haten eis eng Ried mat kloere Proposë fir d’Zukunft erwaart, mat Proposen, wéi mir eis Klimaziler zu Lëtzebuerg areeche kënnen, wéi jiddereen sech en Daach iwwert dem Kapp leeschte kann a wéi mir jonken a manner jonke Mënsche mat alle Bildungshannergrënn Perspektiven um Aarbechtsmarché kënnen ginn.
Wat mir krute war eng Beschreiwung vun der Welt, en einfachen Constat– mee keng Léisungsusätz!
Et geet net duer sech Ziler ze setzen, et muss een och seriö eppes dofir maachen, fir se z’erreechen! Gëschter konnte mer héieren, datt weiderhin un de Klimaziler fir 2030 festgehale soll ginn an d’Netto-Null fir 2050 och nach ëmmer een Zil vun der Regierung bleift. Daat freet eis natierlech ze héieren, allerdéngs muss een och agesinn, dass Lëtzebuerg schonns widderhuelt gewisen huet, datt Klimaziler zwar ugekënngt kënne ginn, mee dofir nach laang net erreecht musse ginn. Wann et haart op haart koum, gouf d’Lat bis elo nach all Kéiers op en Neits gerappt. Dat muss sech änneren.
Et geet eben net duer dass de Xavier Bettel sech privat eng kleng Jughurt-Maschinn kaf huet, fir de Klima an domadder de Planéit ze retten. Mir musse méi maachen, méi wäit goen an net nëmmen iwwert d’Konsequenze vun eisem Handelen schwätzen, mee eis gutt Virsätz och tatsächlech liewen an eis esou konsequent fir de Schutz vun eiser Welt asetzen.
Souguer d’europäesch Kommissioun, déi bis elo eigentlech net fir ambitiéis Klimaziler bekannt war, huet sech beklot, datt eis Approche fir eis eegen, national Klimaziler z’areechen nach onkloer an ondefinéiert wier.
Erlaabt mer Här President, léif Kolleginnen a Kollegen, d’Fro opzewerfe wéini d’Regierung plangt, de Prinzip vum Pollueur-Payeur endlech konsequent ëmzesetzen?
Ab wéini wäert de realen Impakt vum individuellen Handelen op Basis vun transparente Berechnungen fir d’Konsumente wierklech gräifbar gemaach ginn?
Et ass kee Geheimnis datt e Liter Bensin ronn 2,3kg CO2 produzéiert – beim Diesel sinn et souguer 2,66kg CO2 pro Liter.
Eis aktuell CO2-Steier um Bensinn mécht nëmmen ronn 11 Euro pro Tonn CO2 aus. Dat entsprécht net am geréngsten dem Präis fir Emissiounszertifikater, deen aktuell op de Boursen dofir opgeruff gëtt. Géife mir eis un dësem Präis orienteiren, da missten eis Taxe bei ronn 25 Euro pro Tonn leien, also méi wéi duebel sou héich sinn!
Konkret géif dat heeschen, dass de Bensinspräis ëm ronn 3 Cent pro Liter an d’Luucht goe misst. Fir den Duerchschnëttskonsument géif dat bedeiten, dass ee pro Mount zousätzlech Ausgabe vu ronn 5 Euro hätt. Mee dat traut d’Regierung sech net auszeschwätzen; si traut sech net hire Wieler d’Wourecht ze soen a spillt net mat oppene Kaarten. Léiwer bretzt si sech domat vermeintlech Ëmweltschutzmesuren ëmzesetzen, obwuel dës just e minimalen oder einfach guer keen Impakt hunn.
Wann d’Regierung vun enger ökologescher Steierreform schwätzt, da muss se och vun enger Steier op Zäregase schwätzen. Mee se muss awer och Propose maache kënnen, wéi eng CO2-Steier sozial verträglech gestallt ka ginn, fir Léit mat klengen Akommen, déi op hiren Auto ugewise sinn, net zousätzlech ze belaaschten.
Et geet net duer just iwwert d’Gratuitéit vum ëffentlechen Transport ze schwätzen. Et muss een och Pisten hunn, fir den ëffentlechen Transport méi accessibel ze maachen. Grad déi Léit, déi am dréngendsten op den ëffentlechen Transport ugewise wieren, fir hire Mobilitéitsbudget ze reduzéieren, hunn oft ee schlechten Zougang zu dësem. Et sinn net déi Léit, déi sech an der Stad en Appartement oder en Haus kafe kennen, déi op d’Gratuitéit vum ëffentlechen Transport ugewise sinn, mee déi Léit, déi sech just nach ausserhalb vun der Staat an um Land en Doheem leeschte kennen a wéinst den héije Logementspräisser trotzdeem um Enn vum Mount net wëssen, wéi se d’Änner beienee solle kréien. Mir brauche besser Verbindungen am ganzen Land a méi breet a flexibel opgestallte Fuerpläng. An och dat sinn nëmmen eenzel Deeler vun enger méi komplexer Léisung vum Mobilitéitsproblem, déi haut de Kader vum Debat sprenge géifen.
Dir Dammen an Dir Hären,
Eis Klimaziler sinn – ech erënneren nach eemol drun – trotz Wuesstem, bis 2030 eis Zäregasemissiounen ëm 55% par Rapport zu 2005 ze reduzéieren an den Undeel un erneierbaren Energien op 25% erop ze setzen.
Do stellt sech natierlech d’Fro: Wou si mir haut drun? Wéi wäit si mir schonns komm?
Dat huet de Premier eis gëschter net esou genee duergestallt, an hien wäert och sécher seng Grënn gehat hunn, well mir hunn an de leschte 14 Joer eis Emissioune just ëm ongeféier 26% reduzéiert. Et feelen also nach weider 30% fir eist Zil fir 2030 z’erreechen an et bleiwen elo awer just nach 11 Joer. Beim Taux vun den erneierbaren Energië gesäit et nach méi dramatesch aus. Mir waren 2017, Eurostat no, nämlech just bei 6,38% erneierbaren Energien.
Mat eppes huet de Premier gëschter Recht gehat: et ass nach Zäit eppes ze änneren. Mee da geet et net drëms weider ‘ze maachen’, mee endlech unzefänken!
A fir dësen Ufank ze maachen, erlabt mer et Här President, Dir Dammen an Dir Hären, deposéieren ech heimadder eng Proposition de loi an eng Motioun, mam Zil der „Netto-Null“ méi no ze kommen. Et geet ëm eng Proposition de Loi, déi d’Planze vu Beem am Kader vu Bauprojeten virgesäit, fir en Deel vum CO2, deen duerch de Bau entsteet, erëm ze bannen a gläichzäiteg d’Natur ze stäerken.
Eis Motioun proposéiert zousätzlech, datt an Zukunft Dengschtreese beim Staat duebel mat CO2-Zertifikater kompenséiert solle ginn, fir esou e positive Bäitrag fir d’Ëmwelt ze leeschten. E Bréif, an deem gefrot gëtt, datt d’Chamber dat selwescht maache soll, goung och well un de Bureau.
Här President, léif Kolleginnen a Kollegen,
Och wann de Klimaschutz e wichtegen Aspekt vun der Lag vun der Natioun ass, sou ass et bei Wäitem net den eenzegen. Net méi spéit wéi virgëscht huet de STATEC déi nei Zuelen zur Immobiliepräisentwécklung publizéiert:11% Croissance an engem Joer. Domadder schloen eis steigend Immobiliëpräisser op en Neits all Tauxen op de Bourssen, den Taux vun der Inflatiounan bei wäitem an natierlech och all Zënssätz op engem Spuerbuch.
Wa mir d’Entwécklung vum Immobiliemarché mat den Zënsen um Spuerbuch vergläichen, wuessen d’Präisser fir ze wunnen iwwert honnert mol sou séier wéi d’Kapital op engem Spuerbuch.
Et dierf net sinn, datt een, deen sech en Appartement fir 400.000 € kafe wëll an dofir all Mount 2.000 € spuert, net hannendru kënnt, well en no engem Joer zwar 24.000 € gespuert huet, mee d’Appartement dann op eemol awer 444.000€ kascht!
D’Leit sinn esou verzweiwelt op der Sich no bezuelbarem Wunnraum, datt se et op sech huelen, fir virun de Büroen vun der SNHBM ze campéieren fir Moies déi éischt ze sinn, déi eng Demande ofginn. Et ginn och am räiche Lëtzebuerg ëmmer méi Fäll vu Leit, déi zwar net obdachlos sinn, mee a ganz prekäre Situatioune wunne mussen a wéinst héije Loyeren net vun eleng aus hirer Situatioun erauskomme kënnen. Net jidderee kritt e Prêt an un dësem Trend wäert sech – wéi mer rezent an der Kommissioun beim Projet 7218 konnten erliewen –wuel net esou séier eppes änneren. Ganz am Géigendeel, et wäert fir Privatpersounen just nach méi schwéier ginn, e Prêt ze kréien. Wann een sech säin doheem awer weder mat sengem Spuerbuch, nach mat engem Prêt finanzéiere kann, wat bleift engem dann nach?
Här President, léif Kolleginnen a Kollegen,
Déiwéinegst vun eis hei bannen hunn de Problem vun der Wunnengsnout un der eegener Haut erlieft. Dat heescht awer net, datt mir de Problem dierfen ignoréieren. Wärend mir hei setzen, liewe Leit, déi e festen Job hunn, op Campingsplazen, well se sech keng Wunneng leeschte kënnen, déi besser wier wéi eng Roulotte. Et liewe Leit an hiren Autoen! An anerer huelen all Dag a Kaf hiren Aarbechtsdag ëm Stonnen a Stonnen ze verlängeren, fir ze pendelen, well si keng aner Méiglechkeet hunn. Zur Dignitéit vum Mënsch gehéiert och d’Recht op en anstännegen Daach iwwert dem Kapp an d’Recht, genuch iwwreg ze hunn, fir sech gesond ze ernären.
D’sozial Schéier geet zu Lëtzebuerg ëmmer méi wäit auseneen, an de Logement ass een – wann net souguer de gréisste Facteur derbäi –mee net deen eenzegen. Jo, mir hu gesond Staatsfinanzen, mee wat bréngt eis dat, wann d’Inegalitéiten an d’Ongerechtegkeeten ëmmer méi grouss ginn. Ganz egal, wéi héich de Wuesstem vun eisem Land ass, en ass näischt wäert, wann net jidderee gläichermoossen dovun profitéiere kann.
Eist Land, dat sech mat sengem Triple-A no bausse bretzt huet den Triple-A a soziale Froe längst verluer!
Wa mir wëllen ufänken de Problem vun de sozialen Ongläichheeten ze léisen, da musse mir jidderengem nees Opstiegschancë bidden. D’ADEM muss méi performant ginn, fir Aarbechtssichender méi zilgeriicht ze beroden an ze begleeden an mir brauchen e soziaalt Netz, wat perséinlecht Engagement belount.
Zousätzlech musse Prozedure vereinfacht ginn, fir de Betraffenen ze erméiglechen, d’Iwwersiicht ze behalen.
Mir hunn schliisslech déi läscht Woch gesinn, datt et eng ganz Rei onduerchsichteg Prozeduren zu Lëtzebuerg gëtt, an dass souguer gestane Gemengepäpp sech an de Prozeduren – z. B. ronderëm Baugeneemegungen – ire kënnen. D’Kompetenze goufen einfach op ze vill verschidde Plaze verdeelt.
Här President, Léif Kolleginnen a Kollegen,
Et kann een net weider maachen, wann nach näischt gemaach gouf.
Dann muss een sech als éischt emol trauen, unzefänken.
“Ufänken”, dat muss bedeiten, et klenge Betriber méi einfach ze maache qualifizéiert Fachpersonal anzestellen ouni onnéideg administrativ Barrièren.
“Ufänken”, dat muss bedeiten, qualitativ héichwäerteg Betreiungsstrukture fir den 3. Alter ze garantéieren, déi net esou vill kaschten, dass eeler Léit an hire leschte Liewensjoren gezwonge sinn alles ze verkafen, fir dat si ee Liewe laang gespuert hunn.
Dat muss bedeiten, méi soziale Wunnraum fir 10 Euro pro Quadratmeter z’offréieren.
An dat muss bedeiten, jidderengem ze erméiglechen, Vertrauen an eis Reegelen a Kritären ze hunn, dee Moment wou se ufänke mat plangen amplaz eréischt duerno. De Staat eleng kann a wäert net all déi néideg Wunnenge bauen. Dofir ass een op Privat-Proprietären a Promoteuren ugewisen, déi mat staatlecher Ënnerstëtzung oder mat staatleche Garantië fir en abordabele Präis bauen, verkafen oder verlounen.
Här President, Dir Dammen an Dir Hären,
Gëschter hate mer eis mengen ech alleguerten e bëssi méi Substanz erwaard, net nëmmen bei der Fro vun der Klimakris, der Logementsproblematik oder der sozialer Kohäsioun, mee virun allem och bei der sou heefeg well ugekënnegter Steierreform.
Bref, mir sinn enttäuscht ginn, d’Regierung firt weider mat hirer Salami-taktik a kënnegt d’Steierreform ëmmer nees un, ouni awer konkret Proposen ze liwweren.
Gëschter hu mir wéinstens en neit Adjektiv kennegeléiert, dat d’Steierreform beschreiwe soll: sie wäert nämlech „ekologesch“ ginn. Wat dat elo konkret bedeite soll, nierft all deenen aanere Wierder déi mir déi läscht Méint schonns héieren hunn, fir d’Steierreform ze beschreiwen, ass awer emmer nach schleierhaft.
D’Piraten bleiwen bei hirer Fuerderung, datt et eng Steierklass fir jiddereen soll ginn, also mei einfach gesott,
D’Steierklass 2 fir jiddereen
Ech begréissen et, datt d’Steierpolitik vun der Regierung endlech an der Realitéit vum 21. Jorhonnert ukomme soll, an d’Fra net méi als puren Unhängsel vun hirem schaffende Mann ugesi soll ginn. Fir dat ëmzesetzen, misst een awer villäicht emol endlech ufänken d’Steierkaart 2 net d’office dem weibleche Partner auszestellen. D’Steierverwaltung kéint beim Bestiednis ganz einfach informéiert ginn, wien d’Steierkaart 1 a wien déi zweet soll kréien. E klengen Hoken op engem Formulaire, fir e patriarchalechen Anachronismus opzehiewen, dat ass alles wat et bräicht. Natierlech wier dat nëmmen en Ufank, mee en Ufank an engem Domaine, an deem bis elo nach iwwerhaapt näicht gemach – geschweige dann “weider gemaach” gouf.
De Fait, datt eng grouss Reform usteet, kann keng Excuse dofir sinn, datt Problemer, déi elo schonns geleist kéinte ginn, ignoréiert ginn.
Bis déi Steierreform endlech Realitéit gëtt, ginn allengerzéiend Elteren an och Witleit ëmmer wieder benodeelegt, obwuel eigentlech e breete Konsens doriwwer besteet, dass eng stéierleg Benodeelegung opgrond vun individuellen Liewensemstänn offensichtlech diskriminéirend ass. Mir kéinten schonns virun der grousser Steierreform heirun eppes änneren. Et misst een dofir just de Courage hunn, fir aus senger klenger Bull erauszekucken an endlech eppes ze maachen, wat direkt am Portemonnaie vun de Leit ukënnt, an domadder och d’Wirtschaft um dréinen hält.
Et gëtt aktuell ganz kloer Ongerechtegkeeten an eisem Steiersystem. Mee aplaz méiglechst schnell géint dës virzegoen, wëll eise Premier Ännerungen just „progressiv[…] Aféieren […] iwwer e méiglechst laangen Zäitraum“. Waat deen Zäitraum mei laang gëtt, wat déi Betraffe mei laang leiden. Dat kann et net sinn.
Dofir fuerdere mir, datt kuerzfristeg Abattementen an degressiv Steierkrediter ëmgewandelt ginn, fir esou kleng Paien schon elo ze entlaaschten an d’Kaafkraft ze stäerken!
Dass Persounen, déi sech en emissiounsaarmen Auto kafen oder hiert Haus sanéiere steierlech entlaascht ginn, ass eng Saach. Dass Léit, déi sech awer iwwerhaapt mol keen Auto an en eegent Haus leeschte kënnen, iwwerhaapt net dovu profitéiere kennen, eng aner.
Jidderee muss d’Chance kréie fir säin Deel géint dës Klimakris bäizedroen, mee breet Schëllere sollten dobäi eigentlech méi droe wéi schmueler. Eis “ökologesch Steierreform” däerf net esou ausfalen, dass déi, déi am meeschten hunn, am meeschten ofsetze kennen, wärend déi, deenen et um Néidegste feelt, dës Méiglechkeet net hunn.
Här President, Dir Dammen an Dir Hären,
Et gi vill ganz konkret a kuerzfristeg ëmsetzbar Moossnamen, mat deene mir akut Problemer ugoe kéinten. E puer dovun hunn ech elo hei ugeschnidden an ech hoffe wierklech, datt e puer vun deenen Iddien Uklang fannen an onkomplizéiert wäerten ëmgesat ginn.
Dir gesitt, mir maachen hei konstruktiv Oppositioun. Virun allem hunn d’Piraten keng Angscht. Angscht ass genee dat, wat eis an der Politik net virubréngt. Angscht huet zum Brexit gefouert, Angscht féiert zu spaltereschen Discour’sen a kengeswees zu engem politesche Konsens, deen eist Land virubréngt. Mir mussen haut dofir suergen, datt eis Kanner muer an enger Gesellschaft liewe kënnen, déi weiderhin vun der gesellschaftlecher Kohäsioun zu Lëtzebuerg profitéiere kann. Den Dialog ass et, dee mir sollte virubréngen, den Dialog ass et, deen eist Land viru bréngt. Et gouf haut op dëser Platz well eng Kéier ugeschwat. Et sinn eis Veräiner an Associatiounen, déi d’friddlecht Zesummeliewen an den Echange tëscht de verschiddene Gruppen an eiser Gesellschaft garantéieren.
Mir Piraten wëllen dëst Zesummeliewen op en aneren Niveau bréngen.
Mir deposéieren dowéinst eng weider konkret Propositioun de loi “fir unzepaken” – eng konkret Mesure fir den Echange tëscht de Biergerinnen a Bierger virunzedreiwen. Wat mengen ech domat?
An der Belsch gouf am Februar vun dësem Joer e sougenannten “permanenten Biergerdialog” agefouert. Eng Assemblée citoyenne an en Conseil citoyen, zesummegesat aus Biergerinnen a Bierger aus alle gesellschaftleche Schichten, aus verschiddene Regiounen, opgedeelt no Paritéitskritären, sëtzen an dësen zwee Organer. Dës Bierger sinn duerch d’Lous ausgewielt. Mir Piraten wëllen e sou e Biergerrot och zu Lëtzebuerg aféieren. Dëst ass ENG Méiglechkeet fir di gesellschaftlech Kohäsioun hei am Land weiderhin ze garantéieren. Well eppes ass kloer, Problemer wéi dee vum Logement, wäerte dëst Zesummeliewen sécherlech op d’Prouf stellen.
Här President, léif Kolleginnen a Kollegen,
D’Chamber ännert hir Kompositioun a leider ass keen eent vun dëse Changementer op positiv Nouvellen zeréck ze féieren.
Ech fannen et flott a wichteg, datt déi éischte Fraktioun an der Chamber elo méi wéi paritéitesch – an domadder och iergendwéi erëm onparitéitesch – ginn ass. Datt et dozou kommen misst, ass awer, wéi mer all wëssen, op zwee negativ Evenementer zeréckzeféieren. Engersäits den tragesche Krankheetsfall vum Félix Braz, deen eis trotz alle politeschen Differenzen immens feele wäert, an ech widderhuele mech, wann ech ech him eng gutt Heelung wënschen!
Den aneren negativen Evenement ass leider hausgemaach. Do huet een Député-Maire sech net u seng eege Reglementer gehalen a méiglecherweis och national Gesetzer ignoréiert. Do ass et elo un der Justiz hir Aarbecht ze maachen, mee och mir als Parlament musse Konsequenzen dorausser zeien an dofir suergen, datt eisen eegenen Deontologie-Code méi verständlech a besser applizéiert gëtt.
Vu klenge Konstruktiounen, iwwert Solaranlagen bis hinn zu multi-Millioune-Projeten, d’Vertraue vum Bierger musse mir eis op all Niveau vun der Politik verdéngen.
Politiker musse mam gudde Beispill virgoen. Anescht geet d’Vertraue vun de Bierger verluer. Dofir fuerdere mir Piraten och d’Aféierung vun engem Lobbyregëster fir d’Chamber a fir d’Regierung, en transparente Kalenner, dee Meetinge mat Drëtten am Kader vun der legislativer Aarbecht ëffentlech mécht.
Ab haut fënnt ee schonns fir déi zwee Piraten-Deputéiert en ëffentleche Kalenner, an deem alleguerten d’Meetingen, déi mir mat Associatiounen an Organisatiounen hunn ze fanne sinn. Dëse Kalenner aktualiséiert sech automatesch no all Reunioun, déi mer hunn, an erlaabt et engem esou, einfach nozevollzéien, mat wiem mir am Kader vun engem Gesetzesprojet geschwat hunn, oder wien Konzepter duerch seng Expertise méiglecherweis beaflosst kéint hunn.
Dësen Outil huet net missten nei erfonnt ginn, mee gouf duerch déi fréier Europadeputéiert vun den däitsche Piraten, duerch d’Julia Reda, an Zesummenaarbecht mat der Fraktioun vun deene Gréngen am Europaparlament entwéckelt a steet als Open Source gratis zur Verfügung.
Mir invitéieren d’Regierung an déi aaner Fraktiounen eis et no ze maachen a fir méi Transparenz ze suergen!
Do dernieft huet d’Affär Gaardenhaischen iwwert déi jo och muer nach eemol geschwat wäert ginn eppes kloer gewisen: e Code de Deontologie fir lokal Eluen ass, wéi jo och schonns den Här Bodry ënnerstrach huet, méi wéi néideg. Nodeems d’Piraten sech säit laangem fir esou e Code ausgeschwat hunn, freeë mir eis natierlech ganz besonnesch doriwwer, datt mir elo endlech ee Member vun enger Regierungspartei op eiser Säit hunn, an hoffen, dass dëst zu enger séierer Ëmsetzung vum Projet bäidroe wäert.
Ech sot et an ech widderhuelen et, fir d’Vertraue vun de Biergerinnen a Bierger ze gewannen an ze hale musse Politiker sech op allen Niveauen all Dag op en Neits beweisen. Et war wichteg a richteg, datt aus de vergaangenen Evenementer perséinlech Konsequenze gezu goufen, mee d’Fro bleift, wéi mer ähnlech Situatiounen, déi d’Vertrauen an d’Politik op d’Spill setzen, an der Zukunft verhënnere kennen?
Iert elo ee seet, datt d’Chamber hir Verantwortung soll iwwerhuelen, muss ech leider soen, datt well 2011 hei eng Resolutioun vum honorabele François Bausch gestëmmt gouf, déi e Verhalenskodex fir Gemengepolitiker zum Objet hat. Dorausser ass awer bis elo, 8 Joer méi spéit, ëmmer nach näischt ginn. An zwou parlamentaresche Froen, eng vum Kolleg, dem honorabelen André Bauler vun der DP, an eng vu mir, gouf d’Regierung iwwert de Waasserstand bei dësem wichtegen Dossier interpelléiert.
A wéi ass dee Stand haut? Et ass nach ëmmer keng konkret Propose um Dësch. “Weider maachen” steet hei also net zur Dispositioun. Och hei muss als éischt emol endlech ugefaange ginn. Mir mussen endlech e Verhalenskodex op d’Schinne bréngen, fir kloer a verständlech Reegele fir Gemengepolitiker festzehalen.
Här President, dofir deposéieren ech elo eng Motioun, déi d’Regierung invitéiert, esou e Verhalenskodex auszeschaffen an der Chamber ze presentéieren.
Ech erhoffe mer bei dëser Motioun eng breed Zoustëmmung vun alle Säiten well, d’Madamm Ministesch mer jo well an enger Äntwert op meng parlamentaresch Fro gesot huet, datt esou e Codex an der maach soll sinn, obwuel en 2013 nach am Koalitiounsaccord stung an 2018 dun aus onerfëndleche Grënn awer erausgefall war.
Dofir ass dës Motioun e Rappel an e fermen Opruff un d’Regierung fir endlech mat hirer Aarbecht unzefänken. De Verhalenscodex fir Gemengepolitiker dierf net nach méi laang op sech waarde loossen!
Här President, Dir Dammen an Dir Hären,
Ech kommen elo nach op e weidert Thema ze schwätzen, dat e groussen Deel vun der Ried vum Premierminister ausgemaach huet, op d’Digitaliséierung an den Dateschutz.
Dobäi fält engem déi Naivitéit, mat där un dës grouss gesellschaftlech Erausfuerderungen erugaange gëtt, direkt an d’Aen.
D’Kand ass schonns an de Pëtz gefall. Sech elo op d’Schëller ze klappen, dass een elo, am Nachhinein aktiv gëtt, well een et verpasst huet am Virfeld eng richteg Dateschutzkultur amplaz vun der virherrschender Datesammelwut ze erriichten, ass méi wéi paradox. Trotzdeem ass et natierlech ni ze spéit nach bäizeléieren. D’Regierung misst beim Dateschutz mat guddem Beispill virgoen an Daten net nëmmen als ekonomesch Valeur gesinn, mee humanistesch d’Selbstbestëmmung vum Bierger an de Virdergrond stellen.
De beschten Dateschutz ass deen, Daten iwwerhaapt net ze erhiewen a scho guer net an Datebanken ze späicheren. Dofir gehéieren Virratsdatespäicherung a Co ofgeschaaft.
Leider ass d’Regierung vun engem wierklechen Ëmdenken nach weit ewech. De Premier sot gëschter, dass et schwéier bis onméiglech wär, datt et keng Daten iwwert ee ginn. Dat leit och dorun, dass de Staat zum aktuellen Zäitpunkt ëmmer nach grondlous enorm Massen un Daten vu sämtleche Bierger späichert an domat, wéi den europäesche Geriichtshaff festgestallt huet, géint d’Grondrechter vun de Bierger verstéisst. Soulaang Lëtzebuerg un der Vorratsdatespeicherung festhält, akzeptéiert dës Regierung, dass d’Grondrechter vun den Awunner vun dësem Land all Dag dausendfach verletzt ginn. Dat dierft et an engem Rechtsstaat net ginn.
Leider verwonnert dës Situatioun een awer emol net méi, well e Staat, dee seng eege Gesetzer net respektéiert, dierft et jo eigentlech och net ginn – an awer huet déi ganz Affär ronderëm d’staatlech Datebanke gewisen, dass et esou ass. D’Vertrauen an de Rechtsstaat gëtt eiser Deeg wierklech op d’Prouf gestallt an et gëtt ëmmer méi schwiereg ze erkläre firwat ee Bierger sech u Gesetzer hale soll, wann de Staat et selwer net mëscht. Dat ass eng Katastrophe an dem Eescht vun dëser Situatioun gëtt een net gerecht, wann een, esou wéi de Premier gëschter, einfach just e puer Punkte vum RGPD referéiert.
Et ass absurd, wann de Xavier Bettel a senger Ried seet, Zitat: « D‘Aarbechte fir eng komplett Lëscht ze erstelle vun all de base de donnéees déi d’Justiz huet, si weidergaangen a wäerte sou séier wéi méiglech finaliséiert ginn. » an gläichzeiteg, Zitat: „Den Ament ginn beim Commissariat à la protection de donnéees auprès de l’Etat ronn 1400 Activitésde traitement an Dateschutzregistere vun den eenzelnen Administratioune gefouert.” Da muss een sech dach d’Fro stellen, firwat et schéngt, wéi wann all ASBL sech en amont vum Akrafttrieden vum RGPD méi Gedanken iwwert den Dateschutz an Datebanken gemaach hätt, wéi de Staatsapparat an domadder d’Regierung.
Ech begréissen, datt ENDLECH ugefange gëtt dëse Problem eecht ze huelen amplaz weiderzemaache wéi bis elo.
Fir de Biergerinnen a Bierger et méi einfach ze maachen, ze gesinn, wéi eng Daten iwwert si beim Staat gespäichert sinn a fir och ze erkennen, wien dës Donnéeë wéini consultéiert huet, fuerdere mir en digitalen Datebréif iwwert myguichet.lu, an deem – ähnlech wéi dat haut well fir den Nationale Persouneregëster geet – all Biergerin a Bierger ka kucken, wou, wéi eng Daten gespäichert ginn a gläichzäiteg och d’Loggen vun den Accèsen op déi Daten kennen gesinn ginn. Esou géif endlech Transparenz geschaaft ginn an d’Biergerinnen a Bierger géifen an de Mëttelpunkt vun enger richteger Dateschutzkultur gesat ginn.
Jo, dat ass Aarbecht, fir all déi Systemer ze aktualiséieren. An jo, dat bedeit och, dass d’Kultur sech muss änneren, ewech vun engem, ‘mir sammele mol a kucken duerno, wat mer domadder maachen’ hin zu engem ‘mir sammele just dat néidegst’. Mee mir mussen dringend domat ufänken.
Dat selwecht gëllt fir eng ëmfaassend Analyse vum Dateschutzimpakt a vun deenen Outilen, déi eis Staatsbeamten an eis Schüler all Dag benotze sollen. Ech hunn a parlamentaresche Froe well dësen Dateschutzimpakt thematiséiert, mee leider waren d’Äntwerten erniichterend, well manifestement si vill Analysen nach net gemaach ginn, a wann awer, da sinn nëmme seelen Konklusiounen dorausser gezu ginn.
Digitaliséierung ass awer vill méi wéi Dateschutz. Eng nohalteg Digitaliséierung bedeit, datt mer iwwergräifend Risike reduzéiere a Chancen notze mussen. Et geet net duer einfach de Pabeier duerch e PDF ze ersetzen; mir mussen d’Prozeduren iwwerdenken an och digital nei denken. Et ass schéin sech fir dat Ereechtend selwer ze felicitéieren, mee dobäi däerf een net vergiessen, datt de bloussen Accès zum Internet net bedeit, datt een och vun de Virdeeler vun der Digitaliséierung profitéiere kann.
D’Chance vun der Digitaliséierung sinn aktuell leider net gerecht verdeelt. Et ass un der Politik fir Chancegläichheet ze schaafen a sozial Kohäsioun ze garantéieren.
Wann ech hei am Haus vun « digitale Schmelzen » a vum « digitale Minette » héieren, da gi mir d’Schudderen aus, well dat weist, datt déi Responsabel net verstanen hunn, wat d’Digitaliséierung fir den Aarbechtsmaart a fir d’sozial Kohäsioun zu Lëtzebuerg bedeit.
D’Digitaliséierung wäert zu grondleeënde Verwerfungen um Aarbechtsmaart an domadder an eiser Gesellschaft féieren. Fir datt mir dës Erausfuerderunge kënnen ugoen, musse mer der Realitéit an d’Aen kucken an dierfen net vun « digitale Schmelzen » schwätzen, déi d’Realitéit verklären an insinuéiert, datt masseg nei Aarbechtsplaze fir Leit mat manner bis guer kenge Qualifikatioun géife geschaaft ginn. Well de Contraire ass leider de Fall. D’Digitaliséierung erfuerdert wéineg, mee dofir héich qualifizéiert Personal. Dat bedeit, dass mir onbedéngt nei Léisunge fir all déi fanne mussen, déi riskéieren ofgehaangen ze ginn. De sougenannten « digital divide » ass eng Realitéit a mir hei bannen sollten eis deem bewosst sinn an deem entgéint wierken.
Dofir musse mir eist Handwierk an de Mëttelstand am groussen a Ganze stäerken. Hei kann och d’Digitaliséierung e wichtege Bäitrag leeschten. A Georgien kann ee bspw. innerhalb vun engem Dag eng Demande stellen, seng Entreprise umellen, eng TVA-Nummer an eng Autorisation de commerce kréien – dovun si mir zu Lëtzebuerg nach wäit ewech.
D’Digitaliséierung ass keen Allheelmëttel fir d’Problemer vun haut a muer. Et ass ee Puzzledeel vun all Léisung, mee net d’Léisung alleng.
Här President, léif Kolleginnen a Kollegen,
Wann een an enger Ried wierklech iwwert déi ganz Lag vun der Natioun schwätze well, da misst een nach eng ganz Rëtsch weider Themen uschwätzen, mee leider leeft mir d’Zäit fort, an dofir hunn ech musse probéiere mech op e puer Themefelder ze konzentréieren, déi mir akut schéngen. Ech hunn mech op Problemer konzentréiert, déi bis elo net genuch am Fokus stoungen, obwuel e staatlecht Handelen hei dringend noutwenneg an duerchaus méiglech wier. Ech hoffen ech konnt esou eng kleng Visioun vun de Piraten hire Pläng a méigleche Pisten fir eng Ëmsetzung virzeechnen.
Leider huet esou eng Presentatioun säitens der Regierung bekanntlech gefeelt. Konstruktiv Oppositiounsaarbecht heescht net just géint eppes ze sinn, mee och Proposen ze maachen. Mee et bedeit och d’Regierung ze kontrolléieren an dat ass nëmme méiglech, wann een och der Regierung hir Pistë fir d’Ëmsetze vun hiren Ziler kennt.
Soulaang d’Regierung net aktiv gëtt, hoffen ech, datt mir als Chamber de Courage hunn, fir zesumme Léisungsusätz auszeschaffen. Dat ass eis Responsabilitéit als Politiker.
Dofir begréissen ech och dem Alex Bodry seng Propose, fir zu all Ressort vun der Regierung eemol pro Joer ee Chambersdébat ze organiséieren.
D’Chamber ass net drop ugewisen, op d’Regierung ze waarden; och mir kënnen den Ufank maachen. Mir Piraten hunn dofir en Deel vun eise Proposë schonns haut deposéiert a wäerte wärend eiser zweeter Saison an der Chamber nach net esou séier opginn, fir weider eegen Iddien ze presentéieren an ze debattéieren.
Mir wëllen iwwert konkret Proposen amplaz iwwert eidel Floskelen diskutéieren.
Ech soen Iech Merci.