Search Results for: vorrat

Vorratsdatespäicherung

Am Kader vun den Affären C-623/17, C-511/18, C-512/18 an C-520/18, déi vum europäesche Geriichtshaff um Kierchbierg traitéiert goufen, an sech mat der Konformitéit vun nationale Gesetzer zur Vorratsdatespäicherung mat den europäeschen Norme befaasst hunn, huet de Generalaffekot Campos Sánchez-Bordona sech dofir ausgeschwat, datt national Gesetzer sech mussen um Etat de droit moossen. Am Pressecommuniqué gëtt hien zitéiert mat de Wierder: 

“les moyens et les méthodes de la lutte antiterroriste doivent répondre aux exigences de l’État de droit”.

Déi Affären, déi hei traitéiert ginn, si véier renvois préjudiciels fir d’Rechtssécherheet nom Arrêt Tele2 ze kréien. A sengem Avis seet de Generalaffekot, datt déi national Gesetzer déi hei examinéiert ginn, géint d’Proportionalitéit verstousse géifen.

Weiderliesen

Grondrechtsverletzungen duerch Vorratsdatespäicherung

Obwuel den Europäesche Geriichtshaff ganz kloer gesot huet, dass Vorratsdatespäicherung géint d’europäesch Grondrechter verstéisst, ginn zu Lëtzebuerg ëmmer nach ëmfaassend Date vu Privatleit erfaasst a gespäichert. Wisou ass dat ëmmer nach esou a wéini wäert sech dorun endlech eppes änneren? D’Piraten hunn bei der Regierung nogefrot. Här President, Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, […] Read more…

Gudd zouspären an dann de Schlëssel un d’Klensch hänken?!

  Den 9. November 2020 huet den Éisträichesche Rundfunk ee bis dohi geheimen Entworf fir eng Resolutioun vum EU-Ministerrot publizéiert, aus deem de Plang ervirgeet, dass Plattformbedreiwer, déi hire Clienten aktuell d’Méiglechkeet bidden, verschlësselt ze kommunizéieren (wéi z. B. Whats App oder Signal) an Zukunft e Generalschlëssel missten hunn, fir eng Iwwerwaachung vun den Noriichten am […] Read more…

Dem Sven Clement seng Äntwert op dem Premier seng Ried zur Lag vun der Natioun

Här President, Dir Dammen an Dir Hären,

Och eis Gedanke sinn um haitegen Dag beim Felix Braz a senger Famill a mir wënschen him vill Kraaft an dass hien erëm schnellstméiglech op d’Been kennt. 

D’Piraten hunn elo wärend engem Joer Erfarungen am Parlament konnte sammelen a mir hunn eis mëttlerweil an eiser Roll als Oppositiounspartei mengen ech gutt agelieft. Mir wëllen eng konstruktiv a kompromëssbereet Politik maachen.

Weiderliesen

Ried iwwert Digitaliséierung a gratis Wifi a Lëtzebuerg

Debatt iwwert d’Digitaliséierung vu Lëtzebuerg

M. Marc Goergen(Piraten).-Merci, Här President. Mir Piraten freeën eis, dass dat wichtegt Thema vun der Digitalisatioun haut diskutéiert gëtt, well wuel bal jiddwereen a sengem Liewen vum Digitale betraff ass. Dat huet een och den Owend un de Message gemierkt, déi ronderëm gaange sinn, wéi op eemol Facebook, WhatsApp oder Instagram net méi goungen, an d’Leit sech opgereegt hunn, dass dat digitaalt Liewen awer e bëssen agefall war – nenne mer et emol esou – an engem Owend, well déi sozial Medien net méi esou gaange sinn, wéi een dat gewinnt war.

Weiderliesen

Europa fir jiddereen

D’Pirate wëllen een Europa, an deem jidderee soll déi selwecht Chancen, Rechter a Méiglechkeeten ageraumt kréien. Fir dat ze erreechen, musse mer dofir suergen, dass bürokratesch an administrativ Barrièren an Europa méi a méi verschwannen. Do liewen, wou ee wëll, an dat vum éischten Dag un! EU Bierger, déi decidéieren hiert Land […] Read more…

Europa digital

D’Informatiounszäitalter bréngt vill onbekannte Méiglechkeete mat sech fir eis Gesellschaft ze veränneren. Gläichzäiteg existéieren dobausse Gruppen, déi dës Entwécklung manipuléiere wëllen. D’Pirate stellen sech géint d’Regulatiounen, déi d’Zil hunn, Benotzerrechter anzeschränken, wärend grouss Entreprisen an Autokratien hir Muecht ausbauen. Fräien Internetaccès als Grondrecht definéieren Fir aktiv an der Gesellschaft participéieren ze […] Read more…