gerecht
Léisunge
fir d'Useldéng

Matenee fir eng Stad fir jiddereen

Mir sinn iwwerzeegt, datt mir all zesummen vill gutt Iddie fir Useldéng hunn. 

Mir wëlle mat Iech zesummen Bestoendes kritesch hannerfroen a verbesseren a nei Iddien a Konzepter ëmsetzen.

D‘Pirate stinn fir méi Biergerbedeelegung a méi Transparenz an der Politik… och a grad an Eiser Gemeng ! Jidderee soll kënne matentscheede wéi, wéi vill a wou Useldeng wuesse sollt, wéi eng Infrastrukture mir brauchen a wou soss nach de Schong dréckt. 

Eise Gemengeconseiller

Foto vum Starsky FLOR - Kandidat fir d'Gemengewalen 2023 fir d'PIRATEN zu Useldéng

Starsky FLOR

Agent CFL

Ahoi dir léif Matbierger. Fir déi di mech nach net kennen ech sinn de Starsky Flor a wunnen an der schéiner Useldenger Gemeng.
 
Als Gewerkschaftler a Conseiller hunn ech Erfarunge gesammelt a weess och wat et heescht matzebestëmmen a matzegestalten. Déi flott Erfarunge wéilt ech hei och gären deelen. Als 41 Jore jonke Papp vu 4 Kanner (3 Prinzessinnen a 1 Prënz) a bestuet weess ech dass Famill wichteg ass an eiser Gesellschaft.
 
Ech sinn e Mënsch mat engem Häerz fir d’Gemeng an hir Awunner. Ech si bereet op déi nei Challenge, déi virun eis stinn an hoffen, dass Dir mir eng Chance gitt, fir zesumme fir d’Gemeng ze schaffen. Ech setze mech fir Leit  an, well et mir wichteg ass, dass kee vergiess soll ginn. Moto fueren, Vëlofueren a Spadséier goe gehéieren zu menge léifste Fräizäitaktivitéiten. Ech sinn der Meenung, dass et wichteg ass, d’Liewensqualitéit vum Bierger ze verbesseren, a besonnesch déi vun deenen, déi manner privilegiéiert oder manner Gléck hunn am Liewen. Mir ass et wichteg, den Zesummenhalt an der Gemeng ze stäerken an d’Vilfalt vum Veräinsliewen ze ënnerstëtzen. Et ass wichteg, zukunftsorientéiert a gerecht Léisungen ze fannen. Ech sinn der Iwwerzeegung, dass wann et de Leit gutt geet, da geet et mir och gutt.
 

Eise Walprogramm

Kontakt

Aktuelles

Mir invitéieren dech heimadder häerzlech op eise Landeskongress, deen de Samschden, de 14ten Dezember 2024 um 10 Auer moies an der Maison de la
De Sven Clement schreiwt an engem Gast-Artikel am Lëtzebuerger Land vum 25te Mäerz 2022 iwwert d’Viruerteeler am Kontext vun der Ukrain-Kris a wéi mer
Ahoi! Den alljärlechen Landeskongress vun eiser Partei steet un! Mir invitéieren all Member häerzlech dorun deel ze huelen a matzestëmmen. Wéini: 8te Februar 2020,
D’Pirate feieren hiert 10-järegt Bestoen! Dat wëlle mir zesumme mat iech feieren. Umelle kënnt dir iech entweder iwwert ahoi@web.piraten.lu (uginn: Unzuel vu leit, Menu, Membre
  Am vergangenen Freitag fand der globale Klimastreik statt, welcher auch in Luxemburg zum berechtigten Erfolg wurde. Eine Vielzahl an Mitgliedern und Kandidaten der
Zu Lëtzebuerg gëtt Aangele vu ville Leit als Hobby ausgeüübt. Et kann een doriwwer diskutéieren, ob d’Fänke vu liewege Fësch, fir se dout ze
Et freet ee manner Loyer a gëtt dofir dann vum Steieramt finanziell bestrooft? Dës Onlogik ass eng Realitéit hei zu Lëtzebuerg. D’Piraten hu sech
Den Artikel 18 vum Jugendschutzgesetz gesäit vir, dass de Mannerjäregen, seng Elteren oder d’Persounen déi d’Garde hunn een Affekot fir d’Kand kënne bestëmmen oder
Virun der massiver Entwécklung vum Internet war d’SMS dat Haaptform, mat deem Noriichten tëschent Handye verschéckt goufen. D’Technologien hunn sech weiderentwéckelt an d’Kapazitéite fir
Den obligatoresche Militärdéngscht gouf am Gesetz vum 29te Juni 1967 ofgeschaaft, an zënter méi wéi 50 Joer gëtt kee Mënsch an eisem Land méi
An den Äntwerten op meng parlamentaresch Fro n°1113 a n°1362 huet de Minister fir Wunnengsbau a Landesplanung iwwer d’Situatioun vun der Gestion Locative Sociale
Tëscht der FLLAM (Fédération Luxembourgeoise des Laboratoires d’Analyses Médicales) an der CNS lafen zënter e puer Méint Verhandlungen iwwert d’Revalorisation vun der lettre-clé des
D’Gestioun vun der Bluttspend zu Lëtzebuerg stécht an enger Phas vu grousse Verännerungen. D’Regierung huet rezent annoncéiert en “établissement public” ze schafen fir d’Bluttspend
Den Nationale Plang géint den Tabak 2016-2020 huet verschidde Moossname fir d’Hëllef beim Ophale mat Fëmmen virgesinn. Zënter der Aféierung vun dësem Plang ass
D’Kräizung Rossmillen verbënnt déi véier Dierfer Hengescht, Bënzelt, Wäiswampech a Clierf. Op dëser Kräizung koum et an der Vergaangenheet scho méi dacks zu Accidenter.
Den 9ten Abrëll 2024 huet den Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter d’Schwäiz wéinst Verletzung vun de Mënscherechter verurteelt. Et ass déi éischte Kéier datt d’ECHR
Wien éischt Hëllef leeschte kann, dee ka Liewe retten. Leit, déi een Éischt-Hëllef-Cours gemaach hunn, léieren déi richteg Reflexer an Handlungen. Et wier dofir