- October 22, 2024
- 4:07 pm
- Motiounen
D’PIRATEN hu sech dofir agesat, dass Leit, déi selwer Stroum iwwert hir Photovoltaikanlag produzéieren, an Zukunft besser Tariffer solle kréien. D’Chamber vun den Deputéierten
Eng Motioun ass eng Opfuerderung, déi d’Chamber der Regierung mëscht. D’Regierung ass dann opgefuerdert, dat ze ënnerhuelen, wat an der Motioun drasteet. Fir dass eng Motioun duerch d’Parlament kënnt, mussen op mannst 31 vun de 60 Deputéierten an der Chamber se unhuelen.
Nieft de Motioune ginn et nach Resolutiounen. Dës sinn am Prinzip d’selwecht opgebaut wéi d’Motioune mam Ënnerscheed, dass domadder d’Chamber selwer opgefuerdert gëtt, eppes ze ënnerhuelen.
De Reglement vun der Chamber beschreift am Detail, wéi d’Motiounen ze presentéiere sinn. (ze fannen op http://legilux.public.lu/eli/etat/leg/tc/2015/06/09/n1/jo )