Präisentwécklung, Konditiounen an Accès si wuel bekannte Problemer wa mir eis dat lëscht Joerzéngt hei am héijen Haus mam Thema Logement beschäftegt hunn.
Dass dës Problemer net all Stot an eiser Gesellschaft op déi selwecht Manéier treffen, an et d’Locatairen an d’Monoparentauxen sinn déi am stäerkste betraff sinn um Wunnengsmaart, ass och net iwwerraschend.
Wat éischter wéineg debattéiert an diskutéiert gëtt, ass, dass dës Problemer och d’Geschlechter ënnerschiddlech staark treffen.
An enger rezenter Etude a Publikatioun vum LISER gëtt kloer duergeluecht, dass d’Fraen am Verglach a villen Hinsichte mat méi prekäre Situatiounen um Wunnengsmaart konfrontéiert sinn ewéi Männer. Besonnesch elengerzéiend Mammen hunn et ganz schwéier.
Net nëmmen ass bei hinnen den Effort, also dat wat ech finanziell muss opbrénge fir de Logement par Rapport zu mengem Akommes, vill méi héich, mee och bei de Konditiounen a Liewensqualitéit si Fraen oft am Verglach méi staark vu Problemer wéi wéineg Raum, futtissen Miwwelen a Fuitten an der Wunnecht betraff.
Zousätzlech gëtt festgestallt, datt Fraen ënnert anerem ee limitéierten Zougang zu Immobiliekreditter hunn, wat hir Méiglechkeete reduzéiert, Proprietär ze ginn, oder den Zougang zu Locatiounswunnengen, well si am Duerchschnëtt e méi niddrege verfügbaart Akommes hu wéi Männer.
Wat dës Analyse nach schlëmmer mécht, ass dass Fraen am Verglach zu Männer och statistesch gesi vill méi oft vun engem Cumul vu Problemer betraff sinn, dat heescht méi oft net nëmmen eng vun dësen Erausfuerderunge meeschteren musse.
Et soll hei net dorëms goen ee Geschlecht géint dat anert auszespillen, vill Leit hei zu Lëtzebuerg si vu Problemer am Beräich vum Logement betraff. Awer dës kloer duergeluechten a statistesch bewisen Ongläichheete mussen eis ze denke ginn, mussen d’Regierung zum Handele beweege wann hinnen d’Gläichberechtegung um Häerze läit.
An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:
- Wat mécht de Fonds de logement an d’SNHBM fir elengerzéiend Fraen an elengstoend Fraen zu enger Wunneng ze verhëllefen?
- Laut Etüd si Frae méi oft gezwongen a Wunnengen ze liewen, an deenen wéi gesot ze vill Leit op ze engem Raum wunnen an wou méi oft Schied Problemer maachen. Wat mécht d’Politik hei fir dësem Phenomeen entgéint ze wierken?
- Frae sinn dann och duebel esou oft ewéi Männer an der Situatioun datt se a Wunnenge liewen, wou se futtis oder ofgenotzten Haushaltsgéigestänn a Miwwelen net kënnen duerch neier austauschen. Wat fir Donnéeën huet de Logementsministère an dësem Sënn an och hei wat mécht d’Politik fir op dësem Phenomeen entgéint ze wierken?
Fro n°19