An de leschte Méint goufen ëmmer erëm Fäll gemellt, wou falsch Informatiounen iwwer Lëtzebuerg op soziale Medien, besonnesch op Facebook, verbreet goufen. Dacks ginn dës Fake News, déi als Basis fir sougenannte Scams – also Bedruchsversich – déngen, mat de Logoe vu Lëtzebuerger Medien oder der Regierung versinn, wat hir Glafwierdegkeet bei de Notzer erhéicht. Och ass et well virkomm, datt mat de Fotoen oder Videoe vu bekannte Perséinlechkeete Reklamm fir solch Scams gemaach gouf.
An deem Zesummenhang wéilt ech der Madamm Ministesch dës Fro stellen:
- Wéi vill Fäll vun esou Scams – mat als Basis Fake News – iwwer Lëtzebuerg goufen an de leschten 12 Méint gemellt oder festgestallt? Kann d’Ministesch eng Opdeelung no Plattform ginn (z.B. Facebook, Twitter, Instagram, asw.)?
- Wat ass déi duerchschnëttlech Reaktiounszäit vu Facebook, fir esou falsch Informatiounen ze läschen oder ze markéieren, nodeems se gemellt goufen?
- Wéi vergläicht sech dës Reaktiounszäit mat anere soziale Medien?
- Gëtt et Ënnerscheeder an der Kooperatiounsbereetschaft tëscht de verschiddene Plattformen, wann et drëm geet, Bedruchsversich mat Bezuch op Lëtzebuerg ze bekämpfen?
- Huet d’Regierung schonn direkt Moossname géint Facebook oder aner sozial Medien ergraff, fir eng méi schnell a konsequent Ëmsetzung vun de Richtlinne géint Desinformatioun ze fuerderen?
- Ginn et Pläng fir zukünfteg legislativ oder regulatoresch Moossnamen, fir d’Verantwortung vun de soziale Medie bei der Bekämpfung vun esou Bedruchsversich ze verstäerken?