Protectioun vun den Droit d’auteuren

Adobe huet rezent mat neien terms & conditions fir Programmer wéi z. B. Photoshop fir Opreegung gesuergt. Konkret sollen déi nei Richtlinnen ënnert anerem Follgendes festhalen:
“Solely for the purposes of operating or improving the Services and Software, you grant us a non-exclusive, worldwide, royalty-free sublicensable, license, to use, reproduce, publicly display, distribute, modify, create derivative works based on, publicly perform, and translate the Content. For example, we may sublicense our right to the Content to our service providers or to other users to allow the Services and Software to operate with others, such as enabling you to share photos”

D’Benotzer:inne vun der Software konnte vun engem Dag op deen aneren net méi op de Programm zougräifen, wa si dësen neie Richtlinnen net zougestëmmt hunn. Souguer eng Desinstallatioun vum Programm soll nëmme méiglech gewierscht sinn, nodeems een den neie Reegelen zougestëmmt, an Adobe domat Zougrëff op déi mam Programm erschafe Wierker ginn huet.
Vill Kënschtler:inne maache sech elo Suergen, dass d’Droit d’auteure vun hiren digitale Kreatiounen net méi geséchert sinn. Well et zu Lëtzebuerg – anescht wéi am Rescht vun der EU – méiglech ass, seng Droits patrimoniaux an och seng Droit moraux ze cedéieren, kéint e falsche Click bei enger Software mat abusiven terms & conditions potentiell zu engem extrem wäitreechendem Verloscht vun den Droits d’auteure féieren.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Sinn der Regierung déi rezent Entwécklungen an der Evolutioun vun den terms & conditions vu verschiddenen Softwaren an hier Konsequenzen op d’Rechter vun de Kulturschafende bekannt?

  2. Wéi ginn d’Droits d’auteure vun de Benotzer:inne vun esou enger Software zu Lëtzebuerg protegéiert?
    Kéint ee mat engem falsche Click bei den terms & conditions tatsächlech all seng Rechter u Wierker, déi mat enger Software erstallt ginn, oftrieden?

  3. Et ass an de leschte Joer ëmmer méi kloer ginn, dass d’kënschtlech Intelligenz, d’Méiglechkeeten vum Internet an d’Digitaliséierung am allgeméngen dat traditionnellt Verständnis vun den Droits d’auteuren erausfuederen an zum Deel aushiewelen.
    Wéi plangt d’Regierung op dës Entwécklungen ze reagéieren, fir de Kulturschafenden an der Software-Industrie gläichermoossen en adaptéierten a moderne gesetzleche Kader ze bidde fir Kreativitéit an Innovatioun? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 871

Zesummenhang posts

Virun e puer Joren haten d’Piraten eng Diskussioun iwwert d’Pelzverkafsverbuet an der Chamber ugestouss. An enger Aktualitéitsstonn zum Thema gouf vun eiser Säit eng
An der däitscher Press gëtt beriicht, dass d’Polizist:innen am Saarland an Zukunft wäerte mat engem spezielle Schal equipéiert ginn, deen si viru Messerattacken um
Virun zwou Wochen huet d’Zuchstreck tëscht Esch a Beetebuerg misste gespaart ginn, well eng Fënster vun der Foussgängerbréck iwwert der Schefflenger Gare op d’Gleiser