Dreck laanscht den CR176 (Maus)

Op der Streck vu Rodange op Déifferdeng iwwert den CR176 (d’Awunner kennen d’Streck ënnert dem Numm “Maus”) gesäit een a leschter Zäit vill Offall laanscht d’Strooss. Den Informatiounen aus de Gemengeverwaltunge vu Péiteng an Déifferdeng no ass ze héieren, dass d’Gemenge fir d’Botzen net zoustänneg sinn, well den CR176 eng Staatsstrooss ass an deemno ënnert den Zoustännegkeetsberäich vum Staat, also Ponts&Chaussées, fält. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. U wie kënne Bierger:innen sech wenden, wann si Dreck op enger Staatsstrooss gesinn?

  2. Wéini wäert eng Botzaktioun op där Streck gemaach ginn?

  3. Wéi reegelméisseg gëtt dës Streck gebotzt?

  4. An eisen Nopeschlänner, zum Beispill der Belsch, lafe Sensibiliséierungskampagnen, fir d’Verschmotzung vun eiser Ëmwelt ze verhënneren. Zum Beispill ginn Informatiounsschëlder laanscht verschidde Strecken gestallt.
    Ass zu Lëtzebuerg an noer Zukunft eng weider Kampagne virgesinn, zum Beispill, andeems ee Schëlder op verschiddene Plazen opstellt, wou ee potenziell Täter nach eng Kéier informéiert, wat fir eng Strofen fir Ewechgeheien vun Dreck an d’Natur stinn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 435

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene