Koalitiounsaccord / Regierungsaccord 2023-2028

Här President, Leif Kolleeginnen a Kolleegen,

Et ass den 2ten Regierungsaccord dee mir Piraten hei an der Chamber dierfen analyséieren. 

Ech wäert hei eng Kéier de Point maache fir dass eisen neien Deputéierten duerno nach kann op ee Kär-Piraten-Thema agoen: Digitalisatioun.

Mir Pirate fannen dann och eng ganz Réi Saachen an dësem Accord fir déi mir eis scho säit Joren asetzen. 

Och nei Saachen déi mir gutt kënnen heeschen.

Mir gesinn hei ee mauve Fuedem
mee en geet net duerch de ganze Programm
an e gett ganz heefeg rabiat ënnerbrach.

Generell muss een soen,
dass mir mat dësen 200 Säiten net kënne soen wou d’Reess déi nächst 5 Joer higeet.

Op deene puer Plazen wou mer da méi konkret ginn,
gi fir eis och deelweis roud Linnen iwwerschratt.

Wéi sot den neie Finanzminister an engem fréiere Liewen:
« An do gesi mer leider ganz, ganz wéineg Principe de précaution, mä éischter ee grenzenlost Wuesstumsvertrauen, fräi nom Prinzip Hoffnung a géint all budgetär, mä och géint all ekonomesch Vernonft. »

Här President,

Domat kommen ech dann elo schonn zu engem vun deene Punkten, deen eis Piraten am Wichtegste war:
eng gerecht Steierpolitik an eng Steierreform.

Steieren

D’Mesure vun der Berengege vum Barème vu 4 Tranche bis den 1.01.24 ass eng vun deene wéinege konkrete Mesuren am Accord.

Eng Mesure déi mir och begréissen an déi op mannst an d’Richtung vu méi Netto vum Brutto geet.

Fir de Recht gi leider vill Etuden iwwert dat wat méiglech kéint si versprach mee réel Entlaaschtungen op Basis vun engem gerechte Steiersystem, dat fanne mer hei net.

Mir Piraten hate virum 8ten Oktober kloer Linne gezunn. 

 An eng absolut Prioritéit fir eis war an ass eng Steierreform. 

 An do kënne d’Pirate mat dësem Accord hei net zefridde sinn. 

Eng Propos fir eng Individualiséierung fir 2026 an eng Erliichterung fir d’Leit an der Klass 1A dat geet eis net duer.  

Mir Pirate fuerdere weiderhin eng Steierpolitik déi net méi op Grond vu Single, gepacst oder gescheet diskriminéiert. 

 Mir wëllen, dass d’Steierklass 1A schnellstméiglech ofgeschaaft gëtt.

Här President,

Géigefinanzéierungsmossnahmen sicht ee leider och vergebens an dësem Dokument. 

Ee neie Spëtzesteiersaz wéi d’CSV en am Walprogramm hat, kënnt net. 

Eng weider méiglech Source vu Revenue gëtt hei ignoréiert a kategoresch ofgeleent : Finanztransaktiounssteier. 

Dës Regierung geet souguer an déi ëmgedréinte Richtung a wëll dem Staat seng Recette weider kierzen.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen,

“Mir wëllen ee Land dat wirtschaftlech zolidd do steet” sot de Premierminister.

Mir Pirate wëllen, dass och eis Staatsfinanzen op enger wierklech zolitter Basis stinn.

D’Taxe d’abonnement op Fonge bréngt dem Staat ronn 1/7 vu senge Recetten an. 

Iwwert 1,2 Milliarden Euro. 

Dofir dierfen et Reduktiounen op der Taxe, wéi d’Regierung se wëlles huet fir eis nëmme fir richteg gréng Fonge ginn. 

Elo wou d’Taxonomie Atomenergie a Gas nohalteg astuuft, muss kloer sinn dass dës Energien hei am Land net zu enger Reduktioun vun der Taxe dierfe féieren. 

Alles anescht wier Greenwashing a géing géint dat selwer proklaméiert Zil vun enger weltwäiter grénger Finanzplaz goen.

Et freet een sech wierklech wou déi nei Regierung hir Suen an Zukunft nach well hierhuelen. 

Dat ass keng zolidd Finanzpolitik mee ee gewote Pokerspill. 

Mir Pirate wëlle gesond Staatsfinanzen a keen ausgehéngert Staatsapparat deen herno net méi déi Reforme kann ënnerstëtzen déi mir brauche fir Lëtzebuerg prett fir d’Zukunft ze maachen. 

Logement

Här President, léif Kolleg:innen,

 d’Wunnengspolitik vun dëser Regierung ass kuerz ze resüméieren: et sinn duerchaus konkret Iddien dran, déi och gutt sinn.

Den Ausbau vun der Steierexemptioun beim GLS ass positiv ze bewäerten, well ee fair Loyere belount aplaz bestrooft. 

Mir géifen dës Schinn weiderfueren, andeem mir Proprietären, déi hir Wunneng zu faire Präisser verlounen, och sollen erlaben dës Differenz vun hire Steieren ofsetzen ze kënnen.

 D’Iddi fir d’Firme méi bauen ze loossen, ass och positiv ze bewäerten. 

Aktuell besteet déi Méiglechkeet am Gesetz vun 1979 iwwert d’Aides au Logement mee hei ass de Maximum vun der Hëllef op de ridicule Montant vu 6200€ plafonéiert. 

Wa mer wëllen, dass d’Firmen hei selwer méi aktiv gi fir hir Employéeën ze logéieren, da muss dee Plaffong erhéicht ginn. 

Dat géif der Kompetitivitéit vun eiser Wirtschaft déngen a gläichzäiteg Steiergelder spueren, well privat Gelder genotzt ginn. Sou wéi et fréier op de Schmelze gemaach gouf.

De grousse Kritikpunkt vun der ugekënnegter Wunnengspolitik ass, dass virun allem d’Demande um Marché mat klore Moossname fir de Privatinvestisseur ugekuerbelt gëtt.

Well d’Demande ass do. Vill Locatairen hei am Land a vill Lëtzebuerger:innen iwwert de Grenze WËLLEN eng Wunneng hei.  

De Problem leit net bei der Demande, se leit beim Geld: d’Leit géifen haut hier Wunneng kafen a se iwwert déi nächst 30 Joer ofbezuelen, mee et gëtt keen hinnen ee Kredit.

A wann se kee Kredit fir eng Privatwunneng kréien, dann hunn se och de Problem, dass se keng Offer ausserhalb vum Privatmarché fannen. 

Ee weidere Problem, deen dës Regierung net upéckt ass d’Offer u Wunnengen. 

Eppes, wat eis Pirate bei der ganzer Logementspolitik ëmmer erëm immens stéiert, ass déi Onkloerheet, mat deenen déi lescht Regierungen, an och dës Regierung, erëm untrieden.

Et gëtt vu Wunnengsbauoffensiv geschwat, mee mir hu keen een Zil fonnt, wéi vill Wunnengen dann elo an deenen nächste Jore solle gebaut ginn a wiem se wäerten zegutt kommen. 

Wéineg steet dran, wéi d’Locatairen, als schwächste Glidd an deem Ganzen, sollen entlaascht ginn. 

Wa mer vum STATEC a sengen Zuelen zum Wirtschaftswuesstem ausginn, wéi de Premierminister en sech wënscht, da mussen zu Lëtzebuerg all Joers op mannst 8000 wieder Wunnunitéite gebaut ginn.

 An eisen Héchstzäiten ware mer bei knapp 4000 Unitéiten d’Joer. 

 Mir si vun deenen 8000 Unitéiten aktuell esou wäit ewech ewéi SpaceX vum Mars.

 Déi eenzeg Äntwert, déi kloer aus dem Koalitiounsaccord ervirgeet, ass, dass et net zu enger Demokratiséierung vun de Besëtzverhältnisser um Wunnmarché wäert kommen. 

D’Investisseuren,d’Groussgrondbesëtzer,Multiproprietairena grouss privat Promoteure wäerten sech weiderhin eng gëllen Nues mam Misär vun anere Leit verdéngen. 

Eppes ass deemno haut kloer: déi Party vun engem grousse Promoteur huet sech gelount, 

well deem säin Investment ass haut schonn am Koalitiounsaccord ofgeséchert. 

Familljepolitik

Här President,

 D’Pirate stinn zu enger moderner Familljepolitik, déi um Prinzip vun der fräier Selbstbestëmmung vum perséinleche Liewe berout an der Villfalt vun de Liewensstiler gerecht gëtt. 

An déi virun allem net um Portmonni vun de Famillje predeterminéiert gëtt. 

Positiv kann een ervirhiewen, dass bei der Adoptioun homosexuell Koppelen endlech net méi benodeelegt solle ginn an och dass gläichgeschlechtlech Eltere sollen automatesch unerkannt ginn, eng Fuerderung déi mir och an eisem Walprogramm haten. 

E gudden Ufank ass et och, dass Elteren zum Beispill am Fall vun enger fausse couche vun engem Congé special kënne profitéieren. 

Dat ass e wichtegen Ufank fir endlech dem Verloscht eng Unerkennung ze ginn, och wann et fir eis do nach net ophält.

De Slogan vun dëser Regierung : 

« Le bien-être des enfants au cœur de la politique familiale » gëtt dësen Usprëch an eisen Aen net gerecht. 

 Hei gëtt eng Politik gemaach, fir déi, déi sech Zäit mat der Famill leeschte kënnen. 

Wéi en Elterendeel, dee knapps 4000 Euro verdéngt an hei am Land 2000 Euro oder méi Loyer muss bezuelen, wäert et sech leeschte kënnen, fir seng Tâche ëm 4 Stonnen erofzesetzen an 10% vu sengem Salaire ze verléiere mam Risiko, an Zukunft net méi kënnen op säi volle Loun ze kommen?

D’Annonce vun der Verlängerung vum Congé Parental op 9 Méint ass u sech esou fern iwwerraschend, 

well d’Leit mam nämmlechte Montant iwwert 9 Méint mussen iwwert d’Ronne kommen. 

Dat wat d’Regierung hei proposéiert ass d’Politik vum fräie choix fir wanns de der et leeschte kanns.

Educatioun

Bei der Educatioun ginn et fir eis e puer positiv Punkten. 

Dozou gehéiert, dass am Cycle 1 een Educateur als zweet Intervenant soll agestallt ginn. 

Natierlech muss och endlech d’Handwierk promouvéiert ginn. 

D’Fuerderung, dass een nieft dem Classique oder General och soll en DAP am Handwierk kënne maachen, stoung och an eisem Walprogramm, dat ass also eppes wat mir ganz kloer begréissen. 

Och dass an der Formation professionnel eng méi grouss Offer op Franséisch an Englesch soll ugebuede ginn ass an eisen Ae begréissenswäert. 

Mir Pirate maachen eis dann och weiderhi staark fir e legale Kader fir d’fräit Deele vu kulturelle Gidder a Wëssen, fir dass esou vill Leit wéi méiglech dovu profitéiere kënnen.

Et stellen sech bei der Familljepolitik awer och eng ganz Rei Froen.

E Beispill ass hei d‘Reforme vum System vum Chèque-service accueil, 

wou vun enger Harmonisatioun des financement an Zesummenaarbecht mat Syvicol, FEDAS an FELSEA riets ass. 

Wat dat elo konkret heesche soll weess ech et net. 

Mir stellen eis dann och d’Fro, wéi dat soll méiglech sinn, dass bis 2030 all Kand soll eng Plaz an enger Betreiungsstruktur hunn. 

D’Hausaufgabenhëllef soll optimiséiert ginn. 

Och hei keng konkret Ausso wéi dat ëmgesat soll ginn. 

No der hefteger Kritik, déi och d’CSV iwwert den aktuelle Modell vun der Hausaufgabenhëllef geäussert hat, déi zu Recht als reng Etudes surveillés bezeechent ginn ass, hätte mir eis méi erwaart. 

E Widdersproch ass dann och, dass all Sektiounen a Formatioun iwwerall am Land sollen ugebuede ginn, fir dann am nächsten Abschnitt ze soen, dass si e Konzept ausschaffe wëllen, fir d’Sektiounen ofzeschafen an de Schüler méi e grousse Choix tëscht de verschiddenen Sektiounen unzebidden. 

Ass domat éieren e moduläre System gemengt, wéi mir en iwwregens an eisem Walprogramm stoen haten? 

Ausser enger administrativer Vereinfachung ass dann och näischt am Accord ze fannen, wéi déi nei Regierung gedenkt,de Beruff vum Enseignant méi attraktiv ze maachen an esou nees méi jonk Leit fir de Beruff ze begeeschteren. 

An och d’Chargés de cours gi weiderhin am Ree stoe gelooss a vum Educatiounsministère ausgebeut. 

Heimat beweist déi nei Regierung, dass et hier um néidege Courage feelt, fir wierklech géint d’Penurie bei den Enseignantë virzegoen. 

Santé

Här President,

 Komme mir bei d’Santé. 

Dass an Zukunft méi Wäert op d’Präventioun soll geluecht ginn ass gutt. 

Hei ginn dann direkt e puer Preventiounspläng genannt,wéi dat konkret ëmgesat soll ginn, steet dann awer nees eng Kéier net do. 

«Les cabinets médicaux ne pourront être exploités que par des médecins et d’autres professionnels de la santé agréés au Luxembourg».

 Dass mir fir eng liicht Ëffnung sinn, wat verschidde medezinesch Geräter an de Cabinete vun Dokteren ugeet, ass bekannt. 

Bei dëser Ausso gi bei eis awer d’Alarmklacken un. 

Déi Ausso ass kee kloren Nee fir eng méiglech Finanzéierung duerch Investisseuren. 

Dass esou Geräter reng vu medezineschem Personal dierfen exploitéiert ginn, ass haut schonn esou am Gesetz festgehale. 

Wat fir eis Pirate kloer muss verhënnert ginn ass, dass privat Investisseure finanziell dierfe bedeelegt sinn.

D’Hospitalisation à domicile klengt am Prinzip no enger gudder Iddi. 

D’Fro, déi ech mir awer stellen, ass wouhier dat Personal soll kommen? 

Mir hunn elo schonns eng grouss Penurie an de Spideeler. 

Oder soll dat u privat Trägeren wéi Hëllef Doheem kommen, déi dorop net preparéiert sinn an och mat Personalproblemer ze kämpfen hunn? 

Dass den DSP hei essentiel soll sinn, wéist fir eis, dass villes net bis zum Schluss geduecht gouf. 

Well kuckt een sech d’Statistiken zur Notzung dovunner un, wäert dat Konzept hei da schonns net funktionéieren. 

Gläichzäiteg soll den DSP, dee bis elo en Echec ass, awer komplett reforméiert ginn. 

A wou ass eigentlech dat kloert Bekenntnis, fir endlech déi medezinesch Versuergung am ländleche Raum auszebauen, grad am Beräich vum Hospitalier?

Et sollen 2 Maisons médicale bäikommen, mee dat eleng geet net duer. 

Grad am Norden an am Oste muss hei vill méi gemaach ginn. Mee dofir schéngt dann awer kee Wëllen do ze sinn. 

Fir de Recht ginn awer keng wierklech kloer Propose gemaach, wéi ee méi Leit fir e Gesondheetsberuff wëll begeeschtere fir esou géint d’Penurie virzegoen. 

Do si mer gespaant wat dann a 5 Joer d’Bilanz ass.

Aussepolitik a Migratioun:

Här President, 

Lëtzebuerg bléift ee pro-europäescht Land. 

Dat ass hei an Europa net méi selbstverständlech an dofir wëlle mir dat och hei explizitt ervirhiewen. 

Dass mir och an Zukunft ee Land sinn, wat sech fir de Rechtsstaatlechkeetsmechanismus an eng feministesch Aussepolitik asetzt ass gutt a wichteg. 

Dass eis Kooperatiounshëllef mat 1% vum RNB net reduzéiert gëtt ass gutt, mir Piraten hunn eis an dem Sënn fir ee méi stabille Budget mat 3 Joer Referenzzäit amplaz 1 Joer ausgeschwat mee besser wéi aner Parteien hei am Sall déi de Prozentsaz carrement wollten erofsetzen. 

Mir Pirate wëlle keng Kooperatiounspolitik déi no eise wirtschaftlechen Intresse ausgeluecht ass esou wéi dat hei am Accord ukléngt.

Visioun vun der Grande Region ass eis leider extrem kuerz gegraff, et ass keng wierklech Visioun nëmmen eng Volontéit villäicht eng an der Zukunft ze hunn. 

Dezentraliséierung muss iwwert Grenzen eraus geduecht ginn.

D’Groussregioun wäert wuel leider d’Stéifkand vun der Aussepolitik bléiwen amplaz Deel vun eiser Landesentwécklung ze ginn. 

An zu engem weidere Volet wou bei eis Linnen iwwerschratt ginn: der Migratioun.

Mir Pirate stinn a fir d’Rechter vun de Leit déi heihi flüchte mussen. 

Mir setzen eis a géint illegal Push-backs a Gewalt géint déi Leit an.

An dofir kënne mir keen Accord gutt heeschen an deem eng Frontex gestäerkt gëtt. 

Mir kënne keen Accord gutt heeschen deen d’Dier opmécht fir Ënnersichunge vun der Intimsphär vu Kanner fir esou erauszefannen, ob se dann elo Mannerjäreg sinn oder net. 

Mir stinn hei kloer hannert der Fuerderung vum Mënscherechtsrot fir dat ze verbidden!

An et geet esou weider am Accord, 

– BPIen déi musse vun hirem Revis ofgi mat deem se scho knapps hir Haaptbesoinen kënne bezuelen, 

– Maisons de retour wou mer fäerten, dass dat just ee schéint Wuert fir weider Centres de retentions ass

,…

Dat eenzegt Positiivt an deem Volet ass, dass d’Demandeure solle gläichméisseg an alle Gemenge verdeelt ginn. 

An vue dass d’CSV an d’DP eng Majoritéit vun deene Buergermeeschter:inne stellt erwaarde mer eis hei dann och Resultater. 

Mee alles an allem kann ee soen dass d’Migratiounspolitik wéisst, wéi eng kal Sozialpolitik wäert op eis duer kommen. 

Wou mer deenen déi Hëllef brauche keng Hand reeche, mee en nach 3 Sou aus der Täsch zéien.

Soziales

De Premierminister sot gëschter hei 

De Greuf tëscht aarm a räich dierf net méi grouss ginn”.

Hei muss ee kloer soen: Mir Pirate wollte méi.

Wëll mat de Mesuren déi hei proposéiert gi gëtt de Gruef tëscht aarm a räich net méi kleng.

Allocation complémentaire fir eeler Leit oder Guichet social an Egalitéit tëscht den Offere vun den Offices sociaux sinn alles gutt Mesuren. 

Déi 2 läscht genannten hate mir dann och an eisem Programm gefuerdert. 

Mee mir hunn nach vill méi gefrot:

·      manner administrativ Demarchen an den Offices sociales a méi Zäit fir d’Sozialaarbecht – net dran

·      eng Opwäertung vum Beruff vum Assistant social duerch d’Schafe vun engem Masterstudiegang – net dran

·      een automatescht Ausbezuele vun Aide wéi der Allocation de vie chère an eng Indexéierung – net dran; 

·      eng Opstockung vun den Disponibilitéite vum Guichet vum FNS. –  net dran

·      eng Karenzzäit am Fall vun neie Liewensgemeinschafte fir ze verhënneren dass Leit mat Revis néirewou ënner kommen oder déi Leit bestrooft ginn déi en hëllefe wëllen – net dran.

Dat geet eis Piraten net duer. Hei wëlle mir Pirate méi an hei wäerte mir och an de nächste 5 Joer op méi pochen.

Dofir annoncéiert de Premier dann eppes wat et zanter 2021 well gëtt, d’Upassung vum Kannergeld un d’Inflatioun. 

Déi ass nämlech automatesch well indexéiert. 

Mee dat ass wuel wéi den neien Aarbechtsminister deen den Mindestloun direkt mol indexéiere wollt. 

Obwuel en dat well laang ass!

Aarbecht:

Vun dem Sozialen a bei eng sozial Aarbechtspolitik.

Mir Pirate begréissen, dass aktiv soll dru geschafft ginn den Télétravail auszewäiten fir d’Léit déi iwwert d’Grenz wunnen. 

Mir wëllen hei der Regierung eis Ënnerstëtzung ausdrécken. 

Vill Konkretes gëtt et am Aarbechtsprogramm net, mee d’Gefill dat een huet wann een dëst Kapitel léisst ass dach awer ee komescht.

Beispill Index: 

Mir Piraten hunn eis kloer ausgeschwat fir den Index-mechanismus. 

Mir sinn der Meenung, dass en ëmmer soll ausbezuelt gi wann en declenchéiert gëtt. 

An an dësem Accord steet och dass e soll ausbezuelt ginn, fir dann am Saz duerno ze soen, dass ee misst mat Tripartite schaffe wann et méi wéi 1 Index d’Joer ass. 

Eng Tripartite ass oft eng Kompromëss-Sich en vue vun engem Problem, an ee Kompromëss bei der Ausbezuelung vum Index dierf et fir eis net ginn. 

Och d’Iddi vun engem Chèque d’emploi ass vague mee schéngt eis geféierlech. 

Ass dat hei een ëffentlechen Interim-System? 

Mir Pirate schwätzen eis kloer géint 0 Stonne Kontrakter aus. 

Esou Chèques d’emploi kéinnten och dofir suergen, dass Leit a Prekaritéit rutsche well se laut Accord nëmmen an deene Stonne wou se geschafft hu sozial verséchert sinn. 

Hei wäerte mir also ee ganz genau d’Aen drop halen. 

Här President, 

well eis Riedenzäit dann awer knapp ass fir den Tour du monde well ech op déi nächst Kapitelen e bësse méi kuerz agoen, dobäi awer betounen dass se net méi onwichteg sinn, wéi déi Themen déi bis elo vu mer genannt gi sinn:

Wirtschaft:

A Punkto Wirtschaft muss ee soen si mer bei enge vun de Kapitel wou am meeschte philosophéiert gëtt mee bal am mannste Konkretes dra steet.

Et ginn och hei eenzel gutt Punkte wéi den Actionnariat Salarié dee mir Pirate schonn am Februar 2020 an enger Motioun gefrot haten an déi deemools net vun CSV, DP an och net Gréng oder LSAP matgedroe ginn ass. 

Mir sinn awer frou ass et elo soll kommen. 

Fir eis Pirate steet bei der Wirtschaft d’Nohaltegkeet am Vierdergrond, net nëmme well mir de Klimawandel bekämpfe mussen an eis d’Land liewenswäert hale wëllen, mee och wëll mir eise Räichtum an eise Sozialsystem als Land erhale wëllen. 

Dovu liest een an dësem Accord häerzlech wéineg. 

Et gëtt kee Plang presentéiert,wéi eng Firme mer dann elo konkret an den nächste 5 Joer an doriwwer eraus unzéie wëllen.

Ënnerstëtzung vun de klengen a mëttelstännege Betriber ass luewenswäert. 

Et feelt awer e Konzept wéi een dat Ganzt wëll zesummebréngen, aktuell schéngt et wéi wa mir ganz vill Betriber a verschiddenen Domainen unzéie wëllen an anerersäits déi lokal Betriber an deene Beräicher ënnerstëtzen. 

Do ass d’Fro: Gëtt de Kuch méi grouss oder d’Stécker méi kléng? 

Ech hunn ëmmer méi d’Gefill léif Kolleeginnen a Kolleege wéi wann dat Geld wat mer dem Här Rifikin ginn hu fir seng Analys a seng Proposen, grad esou gutt hätte kënne notze fir ee Kamäin ze hëtzen. 

Well mir stellen elo erëm Analysen, Evaluatiounen an eventuell Upassungen an de Vierdergrond amplaz endlech un engem grousse Ganzen ze schaffen. 

Handicap

Här President,

Bei de Persoune mat spezifesche Besoine wëll ech op zwee Punkten agoen. 

Et solle méi Logementer fir si gebaut ginn. Gutt.

Leider gëtt hei awer nëmmen dovu geschwat, d’Kreatioun vun esou Wunnengen ze encouragéieren. 

Hei misst déi nei Regierung méi Courage weisen a méi decidéiert Mesurë proposéieren. 

Dann geet et fir eis och net duer, fir duerch Sensibilisatiounscampagnen ze probéieren, méi Leit mat spezifesche Besoinen op den éischten Aarbechtsmarché ze kréien. 

Och hei wäerte mer also fir méi Inclusiounspolitik kämpfen. 

Chancegläicheet

Mir Pirate sinn da frou, dass aus d’ “Egalité entre les femmes et les hommes” elo der égalité des genres Plaz mécht. 

Eis Motioun vun 2019 ass domat dann also awer ugeholl och wann d’DP deemools dogéint gestëmmt huet. 

Justiz a Police

Hei komme mer bei eng weider rout Linn fir eis Piraten: der Responsabiliséierung ab Jonker ab 13 Joer.

D’UN freet an der Kannerrechts Conventioun 14 Joer an dat ass scho jonk.[1]

Fir eis Piraten dréit dat de Kannerrechter keng Rechnung a verurteelt déi Kanner éischter zu engem Liewen op der falscher Bunn wéi dass et hinnen hëlleft, hir Plaz an eiser Mëtt ze fannen.

An och d’Comparution immediate ass engem Rechtsstaat net würdeg. 

Mir welle keng Lynchjustiz.

Eng rout Linn ass fir eis dann och kloer d’Gemengepolice, wou mer vun Ufank u soten, dass mer dat net kënne matdroen, well et Non-sens ass.

Mir wëlle keng Politiker déi sech an d’Justiz a Police amëschen. 

Mir hu keng Policebeamten ze vill, fir se op anere Plazen ewech ze huelen fir an déi lokal Brigaden déi do geplangt ass. 

An och de massiven Ausbau vu Videoiwwerwaachung ass eppes, wat mer Piraten aus Iwwerzeegung net matdroe kënnen.

Bei dësem Volet si fir eis Pirate vill Linnen iwwerschratt a mir wäerten eis dofir asetzen, dass dës Proposen hei net ëmgesat ginn.

 

Här President, 

Leif Kolleeginnen a Kolleegen,

Ech kommen zu engem leschte Punkt.

Engem vun de wichtegste Punkte wa mer vun der Zukunft fir Lëtzebuerg schwätzen. 

Der Ëmweltpolitik.

Ëmwelt

Bei der Ëmweltpolitik gesi mir Piraten eis dass Dossieren der déi Blo-Rout-Gréng an de leschte Joren ugefaangen huet, sollen zu Enn gefouert ginn. 

Et gëtt och näischt réckgängeg gemaach.

Et sinn e puer gutt Usätz dobäi. 

Zum Beispill ass d’Wichtegkeet vun der Virfinanzéierung vun erneierbare Projet erkannt ginn ass. 

Eis Iddi vum Sunergy, wou de Staat d’PV Anlage virfinanzéiert fir se da mam Stroum ofzebezuele soll kommen. 

Dat ass fir eis Pirate kloer dee Wee dee mer musse goen, fir déi ganz Gesellschaft mat an d’Boot vun der Energietransitioun ze kréien. 

Och eis Fuerderung fir Lëtzebuerg zu engem Virreider bei Carbon Capture ze maachen fënnt an dësem Accord eng Plaz. 

Hei brauch d’Regierung dann och just eis Propositioun de loi ze huelen, dann ass d’Viraarbecht scho gemaach a mir kënnen Zäit spueren. 

An och bei Photovoltaik op Autobunnen, wou mer viru Jore vun der aler Regierung erkläert kritt hunn, dat wär ze deier ass dës Regierung eiser Meenung.

An awer Sätz ewéi:

 Le Gouvernement procédera à une analyse approfondie de effets possibles du changement climatique sur notre société dans tous les domaines.”

Ma iwwert dee Punkt misste mir scho Joerzéngten eraus sinn! 

Mir si beim 6ten IPCC Report, mir si bei der 27ter Weltkilmakonferenz. 

Mir hunn d’Donnéeën. 

D’Wëssenschaftler probéieren eis zënter Joerzéngten iwwert d’Konsequenzen opzeklären. 

Mir brauche keng weider Analysen, mir brauchen Aktiounen!

An mat Aktioune menge mir keng Perimetererweiderungen op Käschte vun der Ëmwelt. 

Mir hunn nach Hektaren am Bauperimeter léien déi kënne genotzt ginn, 

Mir sollten eis d’Land net weider zoubetonéieren. 

Och dat ass eppes wat mir net kënnen ënnerstëtzen.

Här President, 

Leif Kolleeginnen a Kolleegen,

Ech kommen zum Schluss.

Generell wëll ech op dëser Plaz soen dass een an dësem Accord mof Iddie gesäit. 

Ee mof Fuedem gesi mir awer net.

Et gëtt vill iwwert d’Leit geschwat mee Propose fir se matschwätzen ze loosse ginn et keng.

Eis feele vill Aktiounen an Detailer am Accord, virun allem am Soziale. 

Mer gesinn Iddien déi kloer géint eis Pirate-Positioune ginn.

Et feelen och ze vill konkret Aussoen.

Op deenen 200 Säite war keng Plaz fir ze soen, wéi d’Entlaaschtung fir d’Stéierklass 1A soll ausgesinn mee et war Plaz, fir iwwert Space Traffic Managment ze schwätzen an een Ausbau vum bëllege-Flagge-Modell.

Dat hei ass net d’Politik déi d’Land an d’Bierger weiderbréngt mee eng déi d’Land wäert vulnerabel fir Krisen an der Zukunft loossen an den Happy few méi bréngt wéi all den aneren. 

Merci

[1] Convention on the rights of the child: ” States parties are encouraged to take note of recent scientific findings, and to increase their minimum age accordingly, to at least 14 years of age. “

Zesummenhang posts

Virun e puer Joren haten d’Piraten eng Diskussioun iwwert d’Pelzverkafsverbuet an der Chamber ugestouss. An enger Aktualitéitsstonn zum Thema gouf vun eiser Säit eng
An der däitscher Press gëtt beriicht, dass d’Polizist:innen am Saarland an Zukunft wäerte mat engem spezielle Schal equipéiert ginn, deen si viru Messerattacken um
Virun zwou Wochen huet d’Zuchstreck tëscht Esch a Beetebuerg misste gespaart ginn, well eng Fënster vun der Foussgängerbréck iwwert der Schefflenger Gare op d’Gleiser