Haut ass Weltkannerdag!
Kanner kënnen iwwerspruddele vu Gléck, si kënne sech ganz an der Schéinheet vum Moment verléieren a kënnen eis Erwuessener ganz vill léieren.
Mee si kënnen och an Nout geroden – an da brauchen si eis Hëllef.
Kanner brauche Léift a Gebuergenheet, Sécherheet an een Ëmfeld, dat si Eescht hëlt an zu Wuert komme léisst. Haut, um Weltkannerdag wëlle mir dofir nach emol ervirhiewen, wéi wichteg d’Kanner- a Jugendpolitik ass, andeems mir e puer Punkten ervirhiewen, déi eis wichteg sinn.
Recht op e Liewe fräi vu Gewalt
Kanner a Jonker, déi Affer oder Zeie vu Gewalt an hirem (familiären) Ëmfeld waren, brauche besonnesche Schutz. Si brauchen Ulafstellen, wou si melle kennen, wat hinne geschitt ass oder wat si gesinn hunn, wou si dann direkt op där Plaz juristesch, medezinesch a psychologesch Hëllef ugebuede kréien. Si sollen net gezwonge ginn, hier Aussoen ëmmer an ëmmer erëm ze widderhuelen, fir eng Retraumatiséierung ze verhënneren. An dat gëllt och a besonnesch fir Kanner a Jugendlecher, déi viru Krich a Gewalt an hirem Heemechtsland geflücht sinn an op Lëtzebuerg kommen.
Mannerjäreg, déi viru Gewalt a Krich geflücht sinn, mussen Zukunftschancen hei am Land gebuede kréien an hier Prise en charge soll vun Ufank un iwwert den Office National de l’Enfance (ONE) an net iwwert den Office national de l’acceuil (ONA) laafen – primär mussen si Kanner an net Migrant:inne sinn. Dofir sollen dës Kanner an hier Famillen, déi iwwert en anert EU-Land op Lëtzebuerg komm sinn, och net an dës Länner zeréck geschéckt ginn, wa bekannt ass, dass do de Kannerrechter vu geflüchte Kanner net Rechnung gedroe gëtt.
Fleegefamille besser ënnerstëtzen
Ee Kand gëtt am Prinzip vu senge biologeschen Eltere versuergt a groussgezunn. Heiansdo ass dat awer net méiglech. Gewalt, Drogemëssbrauch oder aner Facteure kënnen dozou féieren, dass Kanner an hirer Famill net sécher sinn an dofir anescht versuergt musse ginn. An dësen Extremfäll ginn d’Kanner aus hirer biologescher Famill geholl an a Foyeren oder Fleegefamilljen ënnerbruecht. D’Fleegeeltere sinn Ersatzelteren, déi sech mat Léift ëm d’Kanner këmmeren a mat der biologescher Famill zesumme schaffen. Fir d’Kanner huet dëse System de Virdeel, dass si am Géigendeel zu de Foyere konkret Bezuchspersounen, also eng Famill, hunn, wou et keng Personalwiessel gëtt an déi 24/7 fir si do ka sinn. Fir méiglechst ville Kanner d’Chance ze ginn an enger Fleegefamill aplaz vun engem Foyer grouss ze ginn, musse Fleegeeltere gutt ënnerstëtzt ginn. Si brauchen Hëllefsstellungen, Unerkennung, Formatiounen a Ressourcen, well nëmmen esou ka sécher gestallt ginn, dass méiglechst vill interesséiert Famillen sech och zur Fleegefamill forméiere loossen.
Kannergerecht Crèchen
Vill Crèchë sinn iwwerlaf an et ginn op ville Plaze Waardelëschten. Doduerch schéissen ëmmer méi Crèchen aus dem Buedem, ouni awer iwwert genuch gutt qualifizéiert Personal ze verfügen. Zu de feelende Plaze kënnt dann nach de Problem, dass a verschiddenen Alterskategorien ze vill Kanner op een Educateur oder eng Educatrice kommen. Grad bei de ganz klenge Kanner bis 3 Joer ass dëst de Fall. Experte roden dozou, dass bei de Kanner bis dräi Joer just dräi Kanner op eng betreiend Persoun komme sollen – hei zu Lëtzebuerg sinn et der aktuell awer sechs. Domat ass net nëmmen d’Personal an de Crèchen iwwerfuerdert, mee och d’Kanner selwer. Wann et dann och nach zum engem heefege Personalwiessel kënnt, esou wéi dat a verschiddene Crèche leider de Fall ass, kann dat dozou féieren, dass vill Kanner keng Bezuchspersoun an der Crèche hunn, wat fir hier Entwécklung awer vun enormer Wichtegkeet wär. Feelt de Kanner esou eng Bezuchspersoun, steigt de Risiko fir Verhalensschwieregkeeten, wat och laangfristeg Konsequenzen op hir spéider Entwécklung mat sech bréngen. Haut weise schätzungsweis 10 Prozent vun de Kanner Verhalensschwieregkeeten op – eng Entwécklung, déi mir onbedéngt mussen ophalen. Eng Upassung no ënne vum Betreiungsschlëssel grad bei de klenge Kanner bis 3 Joer ass dofir onvermeidbar an d’Kanner – an net de Profit – mussen nees an de Fokus vun alle Betreiungsstrukture réckelen.
Recht op fräi Meenungsäusserung a Bedeelegung
D’UN-Kannerrechtskonventioun sprécht de Kanner d’Recht zou, bei Froen, déi si betreffen, entspriechend hirem Alter an hire Fäegkeete matschwätzen ze kënnen. Dëst Recht muss weider gestäerkt ginn an dat souwuel an de Schoulen, wéi och um Niveau vun der Justiz, de Gemengen, der Regierung, dem Parlament an allen aneren Institutiounen, mat deene Kanner am Laf vun hirem Liewen a Kontakt komme kënnen.
Kanner aus Reeboufamillen
Kanner a Jugendlecher hunn e Recht op e Liewen a Gebuergenheet. Wann d’Elteren d’Méiglechkeet an de Wonsch hunn, hirer Eltereroll nozekommen, da muss de Staat dëst Ënnerstëtzen an zwar ouni Ënnerscheedungen tëscht heterosexuellen an homosexuelle Koppelen ze maachen. All Kand brauch d’Sécherheet, dass seng Elteren zu all Moment als dës unerkannt ginn. Dofir brauche mir eng direkt Unerkennung vu béiden Elterendeeler bei der Gebuert vun engem Kand an dat och bei gläichgeschlechtleche Partner, enger klorer legaler Basis hisiichtlech der Filiatiounspolitik an den eventuelle Konsequenzen op d’Ofstamungs- an Ierfschaftsrecht hisiichtlech vu Reeboufamillen an och e Gesetz iwwert d’Unerkennung vu Kanner, déi am Ausland iwwert de Wee vun der Leihmutterschaft gebuer goufen. Dem Interêt vum Kand muss zu all Moment Rechnung gedroe ginn.
Ënnerstëtzung fir Kanner mat spezifesche Besoinen
Kanner mat spezifesche Besoinen hunn e Recht op Ënnerstëtzung. Sief et en Handicap, eng schwéier Erkrankung, eng Lernschwächt oder eng emotional oder affektiv Steierung – all Kand muss hei zu Lëtzebuerg déi Hëllefsstellunge kréien, déi et brauch, vir um Liewen an eiser Gemeinschaft kënnen deelzehuelen. Dofir muss de Sujet vun der Neurodiversitéit méi Opmierksamkeet kréien, d’Inklusiounshëllef an der Schoul ausgebaut ginn an d’Prozeduren esou ugepasst ginn, dass ee verhënnert, dass Kanner duerch d’Netz falen, well keen sech zoustänneg fillt, just well d’Strukturen net un d’Kanner ugepasst sinn – z. B. wann e Kand mat enger emotionaler an affektiver Steierung och nach e kierperlechen Handicap huet oder wann e Kand eng Aschränkung huet, déi fir deen ee Service net ausgepräägt genuch ass a fir deen aneren awer schonns ze vill.
Mannerjäreger am Kontakt mat der Justice
Wann Elteren sech Scheede loossen, et e Sträit ronderëm d’Suergerecht gëtt oder de Jugendschutz involvéiert ass, kënne Kanner a Jugendlecher a Geriichtsprozesser verwéckelt ginn, déi si staark belaaschten. An dëse Fäll ass et wichteg, dass hier Positioun viru Gericht Gehéier fënnt, si vun engem spezialiséierte Kanneraffekot begleet ginn a si dee psychologesche Support kréien, deen si eventuell brauchen. Och eng gesetzlech Basis, déi Fäll vu gedeeltem Suergerecht kloer reegelt, wa kee Konsens tëscht de getrennten Eltere fonnt gëtt, an d’Préiwe vum Konzept vun der double résidence légale géif dëse Kanner ze gutt kommen.
Gläichzäiteg kënne Jugendlecher och a Konflikt mam Gesetz kommen an esou schonn a jonke Joren a Kontakt mat der Justiz kommen als Ugekloten. Hei brauch et endlech e Jugendstrofrecht, dat deene Jonken Zukunftsperspektive bitt an hier Rechter als Mannerjäreger festhält, souwéi och eng konsequent Trennung vu Jugendschutz a Jugendstrofrecht. Gläichzäiteg sinn eng Erhéijung vun der finanzieller Ënnerstëtzung fir d’Jugendhaiser an eng Unerkennung vun hirer wichteger Roll bei der Vermeidung vu Jugendkriminalitéit néideg.