Projet de loi 7255 iwwert d’Aféiere vun engem legale Kader fir d’Bëscher

M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President. Merci dem François Benoy fir dee gudde schrëftlechen a mëndleche Rapport a virun allem fir déi Ausdauer, well ech hunn an der Kommissioun matkritt, wéi oft do de Ball hin- an hiergaangen ass a wéi vill Stonnen do- ranner hu missen investéiert ginn – vill méi, wéi dat elo an dëser annerhallwer Stonn wäert erschéngen – a wéi déi Verhandlungen hu misse lafen.

De Moien, per Zoufall, hunn ech missen d’Holz eran- huelen, dat d’Gemeng mer geliwwert huet, dat heescht, dat war déi Toppvirbereedung, déi Kouert Holz eranzehuelen, fir nach eng Kéier un d’Verwäer- tung vun de Bëscher als Virbereedung ze denken.

Fir eis Piraten ass et ganz kloer, dass den Naturschutz an esou engem Projet muss Prioritéit hunn, och mat all deenen anere Punkten, déi schonn opgelëscht gi sinn. Jo, et kann een iwwerall e bëssen en Hoer an der Zopp fannen. Mee fir eis ass et awer prioritär, dass eis Na- tur wäert geschützt ginn. Et ass esou, wéi mer iwwer- haapt d’Iwwerliewe vun eisem Planéit, vun eise Kanner kënne garantéieren.

Et sinn eis Bëscher, déi eis als gréisste Filter déngen, an dofir ass et fir eis Piraten och immens wichteg, dass déi Bëscher erhale bleiwen an dass déi Bëscher och a Rou gelooss ginn. Dat ass fir eis ee vun de wichtege Punkten, dass d’Bëscher sech kënnen natierlech ent- wéckelen. A fir eis ass et och net virstellbar, dass Bë- scher just sollen als renge Commerce déngen. Nee, am Contraire, d’Bëscher sollen dofir do sinn, dass se eis Natur kënnen erhalen!

Dir hutt et alleguerte matkritt: Et ass mat deen …, et ass elo dee wäermste Juli déi éischt Woch (veuillez lire: et ass elo d’lescht Woch déi wäermst éischt Juliwoch) gewiescht. Dat heescht, mir sti virun der Klimakris, an et ass net, wéi verschidde Leit heiansdo maachen, wéi wann et déi net géif ginn, wéi mer leider haut och am Europaparlament erëm matkritt hunn. Mee ech sinn awer frou, dass do den Text wéinstens duerchgaangen ass. Et ware jo alt nach e puer Parteien aus Lëtzebuerg, déi d’Naturkris an d’Klimakris erkannt hunn an déi matgestëmmt hunn. An dann ass dat zumindest e posi- tiven Aspekt, dass mir haut parallell iwwert d’Bëscher schwätzen an an Europa dräi Parteien et erkannt hunn a fir d’Klimakris agestane sinn an eng Partei et och an Europa net erkannt huet.

Fir eis Piraten ass et ganz kloer, dass de Bësch jidder- engem gehéiert. Dofir begréisse mir och, dass elo den Accès am Bësch kloer gereegelt ass. Mir maachen awer dorobber opmierksam, dass dat fir eis net be- deit, dass d’Déieren herno kënne gestéiert ginn, mee am Contraire, dass déi natierlech hir Schutzzäiten, hir Schutzzone brauchen, fir dass se sech kënne weiderhin entwéckelen.

Jo, mat de Piraten verbënnt een och oft d’Theema Juegd. Ech mengen, mir hunn do e bësse méi eng akti- vistesch Positioun. Et ass awer esou, dass mer net géint d’Juegd sinn, am Contraire. Och bei eise Membere fënnt ee Jeeër a wann ee mat deene schwätzt, soe se, dass si et sinn, déi d’Bëscher am beschte kennen. Et si si, déi d’Bëscher ënnerhalen. Et si si, déi fir d’éischt mierken,

wann an de Bëscher eppes ass – wann ee seng Juegd natierlech seriö hëlt. Och eis Positioun ass do ganz kloer: Och am neie Bëschgesetz soll d’Juegd jo wei- derhin erlaabt bleiwen, wat mir och kënnen esou mat- droen. Wou mir eebe méi Problemer dermat hunn – mir wäerten d’Gesetz awer matstëmmen –, dat ass, wann esou eng Klappjuegd weiderhin erlaabt ass. Et wär eise Wonsch gewiescht, dass een déi Praktik vun der Juegd och hätt kënnen iwwert dëst Gesetz ënnerbannen an dass een zu anere Juegdpraktiken iwwergaange wär.

Jo, de Bësch schützen heescht awer och, bei den Infra- strukturprojeten dorunner denken. An do fält mer zum Beispill e Contournement an, dee soll gebaut ginn: Huele mer elo einfach emol Käerjeng, wou dann awer och de Bësch wäert dofir ewechkommen. Op där enger Säit soe mer ëmmer, mir …

(Interruption par M. Yves Cruchten)

E gëtt kompenséiert, Här Cruchten. Dat ass awer net dat selwecht wéi wann Der schonn e Bësch hutt, dee gutt gewuess ass. Ech mengen, dat ass jo och d’Theema vun haut. Déi Bëscher, déi scho gutt gewuess sinn, dat ass eppes anescht wéi déi Kompensatioun. Ech weess, dass mer oft och an der Gemengepolitick iwwert déi Kompensatioune schwätzen, wat awer am Endeffekt net dat selwecht ass wéi déi Bëscher, déi scho bestinn.

Wa mer Naturschutz wëllen, da musse mer och eng Kéier iwwerleeën, wéi mer bei esou Projeten – dat ass elo ee Projet, dee mer agefall ass, well ech do ënnen an der Regioun wunnen, mee et gëtt och nach anerer am Land, déi een hätt kënnen zitéieren –, wéi mer do mat eise Bëscher ëmginn, dass eis Bëscher musse méi Prioritéit kréien, dass mer déi erhalen, déi schonn do sinn, déi iwwert d’Joerhonnerte gewuess sinn, well et ass eeben déi Kompensatioun, déi herno net genau dat selwecht wäert liwwere wéi déi Bëscher, déi schonn do sinn.

Mir Piraten wäerten haut dat Gesetz matstëmmen, well eis läit d’Gesondheet vun eise Bëscher a vum Klima um Häerz, an duerfir wäerte mir och eisen Accord ginn. Merci.

Zesummenhang posts

Virun e puer Joren haten d’Piraten eng Diskussioun iwwert d’Pelzverkafsverbuet an der Chamber ugestouss. An enger Aktualitéitsstonn zum Thema gouf vun eiser Säit eng
An der däitscher Press gëtt beriicht, dass d’Polizist:innen am Saarland an Zukunft wäerte mat engem spezielle Schal equipéiert ginn, deen si viru Messerattacken um
Virun zwou Wochen huet d’Zuchstreck tëscht Esch a Beetebuerg misste gespaart ginn, well eng Fënster vun der Foussgängerbréck iwwert der Schefflenger Gare op d’Gleiser