7907 – Projet de loi portant :1° organisation de l’enseignement musical dans le secteur communal ;2° modification de la loi modifiée du 25 mars 2015 fixant le régime des traitements et les conditions et modalités d’avancement des fonctionnaires de l’État

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President, léif
Kolleeginnen a Kolleegen, spéitstens no – mee u sech
hätt et och scho virdru misse sinn – deem dach desastréise Rapport vun der Cour des comptes stoung fest,
datt kee Wee ëm eng Reform vum Museksgesetz géif
féieren. Dat huet och kee bestridden, weeder opsäite
vun der Majoritéit nach vun der Oppositioun. Mir haten zwar e Gesetz, mee d’Reglementer, déi eigentlech
d’Ausféierung vum Gesetz reegele sollten, hunn entweeder gefeelt oder dem Gesetzestext direkt emol
widdersprach. Mir hate Ministèren, déi Aufgaben iwwerholl haten, déi hinne guer net zoustoungen, a Kommissiounen, déi sech säit Joren net méi getraff haten
oder geschafft hunn, wat awer um Terrain manifestement och kee wierklech gestéiert hätt, wa mer mol
éierlech sinn.
A jo, an da gouf et nach deen ominéisen Excelstablo
vu 25.000 Zeilen, op deem déi ganz Finanzéierung gefousst huet, et muss ee soen, op ganz wackelege Féiss,
well et ass eng eenzeg Persoun, déi deen Tablo manuell beschafft huet. Wa se am Krankeschäi war oder
am Congé, ass et net weidergaangen. An een aneren
anzeschaffen an deen Tablo, wär warscheinlech quasi
onméiglech gewiescht, well absolutt näischt automatiséiert war.
Eppes war also kloer: Et ka mat enger Reform nëmme
besser ginn. A mir brauchen endlech eng propper
Gesetzeslag, fir d’Zoustännegkeete vun de Ministèren,
d’Berechnung vun der staatlecher Finanzéierung an
den Asaz vun digitalen Outilen ze klären. D’Fërdere vu
Kompetenzen an de Beräicher vun der Musek, dem
Danz an dem Theater an de Gemengen ass eng Aufgab, déi un der Schnëttstell tëschent Kultur, Bildung an
duerch d’Responsabilitéit vun de Gemengen och dem
Interieursminister ënnerläit. Well et awer schwéier
ass, d’Responsabilitéit nozevollzéien, wa vill Acteuren
involvéiert sinn, begréisse mer et, datt mat dësem Text
entscheet gouf, d’Attributiounen tëscht dem Bildungsa Banneministère opzedeelen an hei kloer festzeleeën,
wie sech ëm wéi eng Voleten ze këmmeren huet.
Dat wäert hoffentlech zu engem System féieren, dee
méi iwwersiichtlech ass a wou jidderee weess, wat en
ze maachen, awer och ze loossen huet.
Selbstverständlech freeën ech mech och, datt mat
dësem Text d’Digitaliséierung hire Wee an d’Berechnunge vun der Finanzéierung fir d’Museksschoule
fanne soll. Bon, elo kann ee soen, en Excel, dat wier
schonn Digitaliséierung, mee si mer éierlech: Et kann
nëmme besser ginn!
Als Deputéierte vun enger Partei, fir déi d’Digitaliséierung jo awer e Kärtheema ass, kënnt Der Iech
virstellen, dass ech net schlecht gestaunt hat, wéi
ech de Rapport vun der Cour des comptes deemools
gesinn hat, an deem drastoung, datt dat manuell, op
der Hand gemaach gëtt. Jo, quasi hätt een et och nach
kënnen um Pabeier maachen, esou komplex war et.
D’Feelerufällegkeet bei de Berechnunge war natierlech
immens grouss, a guer net ze schwätze vum Zäitopwand!
An Zukunft kéint een déi digital Outilen awer vläicht
och nach ausbauen, dat hei ass en éischte Schrëtt, mee
de Schoulen och de System ubidden, deen et hinnen
erlaabt, d’Zensuren, d’Diplomer vun de Schülerinnen a
Schüler direkt an digitaler Form auszestellen, jo, firwat
net och an digitaler Form ze halen, soudatt d’Schülerinnen an d’Schüler et och nach Jore méi spéit kënnen
iwwer hire Portail op myguichet.lu zum Beispill recuperéieren.
Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, loosst
mech dann awer op déi ganz grouss a wichteg
Ännerung vun dësem Gesetz ze schwätze kommen:
d’Gratuitéit vun de Coursë fir d’Kanner. Dëst ass e
wichtege Schrëtt a Richtung Chancëgläichheet an dofir kritt dës Mesure och eis voll Ënnerstëtzung. Onofhängeg vun der finanzieller Situatioun vun den Eltere
sollt all Kand d’Méiglechkeet kréien, en Instrument
ze léieren oder Danzcoursen ze huelen, wann et dat
wënscht.
D’Ofschafe vum Minerval ass hei en éischten, mee e
wichtege Schrëtt, dee mir wéi gesot och voll a ganz
ënnerstëtzen. Trotzdeem bleiwen um Niveau vun der
Chancëgläichheet am Enseignement musical awer
dach nach eng Rei Punkten op. Et geet schliisslech net
duer, sech just an enger Museksschoul anzeschreiwen.
Well just duerch d’Aschreiwung léiert een nach keen
Instrument. Et muss een och dat Instrument hunn, fir
kënnen drop ze spillen. Verschidde Museksschoulen
an och Veräiner – an déi soll een och luewenswäert
ernimmen – verlounen Instrumenter u Familljen, déi
entweeder net genuch Suen hunn, fir se ze kafen, oder
déi sech dat virum Kaf vun esou engem deieren Instrument awer vläicht eng Zäitchen iwwerleeë sollten, ob
deen neien Hobby da wierklech dat ass, wat een och
eng Zäitche wäert maachen.
Also ech war als Kand net onbedéngt deen, deen dofir
bekannt war, fir beim éischten Hobby, deen en ausgewielt huet, laang ze bleiwen. An ech mengen, datt
et eng ganz Rëtsch Kanner an och eng ganz Rëtsch
Deputéierter heibanne gëtt, bei deenen et d’nämmlecht war, déi mat engem Hobby ugefaangen hunn, en
anere probéiert hunn a bei engem Drëtte vläicht hänke
bliwwe sinn.
Hei gëtt et awer leider dann och grouss Ënnerscheeder. A jo, den Här Kersch laacht, well bei mir war et
net d’Musek, ginn ech …
M. Dan Kersch (LSAP) | Dir hätt besser gehat, an
d’Turnen ze wiesselen.
(Hilarité)
M. Sven Clement (Piraten) | Turnen hunn ech ni probéiert, Här Kersch, dat iwwerloossen ech Iech. Nee,
ech mengen, dat war en Educatiounsminister vun der
CSV, dee sech eng Kéier beim Turnen dach béis wéigedoen hat, wéi e gemengt hat, bei der Foire de l’étudiant d’Kopplabunz ze schloen, an duerno, mengen
ech, …
(Interruptions)
… e puer Woche mat enger Schëller geplot war. Ech
si scho bei deem bliwwen, wat ech konnt. Ech hu
mam Fussball ugefaangen, duerno Basket gespillt a
beim Volleyball sinn ech dunn hänke bliwwen. A bei
der Musek leider net, obwuel et mer ganz vill Spaass
gemaach huet, mee vum Produzéiere vu waarmer
Loft beim Léiere vun engem Blosinstrument sinn ech
dann an d’Politik komm. Elo kéint ee bal soen: Dat ass
net wäit auserneen.
Hei gëtt et, an ech kommen zréck bei d’Theema, well
ech loosse mech net stéieren, Här President, awer
grouss Ënnerscheeder tëscht de Gemengen an der
Offer, déi an de jeeweilege Gemengen ass, an och bei
den Instrumenter. Eng Trompett kritt ee meeschtens
relativ gënschteg, voire gratis ze léinen, wärend et
bei engem Cello, enger Harf oder engem Piano awer
dach scho ganz anescht ausgesäit. Eng wierklech
Chancëgläichheet hu mer also net. Mir mussen also
hei dru schaffen, datt d’finanziell Situatioun vun den
Elteren net den Accès zum Instrument däerf beaflossen, well soss mussen d’Kanner dat léieren, wat eebe
grad an der Museksschoul disponibel ass oder wat
d’Duerfmusek grad brauch. Esou war et mir gaangen:
Dofir war ech bei der Trombonn gelant, wat net meng
éischt grouss Léift war.
Et wär also e wichtege Schrëtt, fir zum Beispill en nationale Pool un Instrumenter ze schafen, wou d’Elteren
an eeben och d’Kanner, déi dat da léiere wéilten, sech
kéinten aschreiwen, fir esou eng richteg Chancëgläichheet ze schafen. Jiddereen, ob en an enger Gemeng
mat enger lokaler regionaler Museksschoul oder eventuell souguer engem Conservatoire lieft, huet jo och
Zougrëff op verschidde Coursen. E muss eeben dann
och den Zougrëff op déi verschidden Instrumenter
kréien.
Mee nieft deem kommen dann och d’Proffen a virun
allem déi ënnerschiddlech diploméiert Proffen zum
Asaz. An dat Theema gouf haut schonn ugeschwat,
well wärend am Conservatoire eng Mindestunzuel
u Stonne muss vu Persoune mat Bac+5 gehale ginn,
ass dat fir d’Museksschoul jo net de Fall. Elo verstinn
ech, datt nëmme Museksproffe mat engem Bac+5 ze
rekrutéiere warscheinlech dozou féiere géif, datt kee
Musekscours méi gehale géif ginn oder vill manner
wéi dat, wat mer haut kennen an deenen ënnerschiddlechen, virun allem lokale Museksschoulen. Mee datt
mer awer déi Ausnamen, déi am Gesetz virgesi sinn,
ëmmer méi zur Reegel maachen, dat deet mer dann
awer e bëssen déck.
Mir gesinn, datt et u sech iwwerall, ob an de Museksschoulen, am Fondamental oder am Secondaire, ëmmer méi Usus gëtt, datt d’Chargéen u sech déi Lächer
stoppen, wou u sech diploméiert Enseignante gefuerdert wären. Se sinn eeben déi méi käschtegënschteg a
méi flexibel Alternativ, mee mir brauchen Optiounen.
Mir musse fest ugestalltent Personal schafen, an zwar
och däers mat deenen néidegen Diplomer. Mir mussen
incitéieren, datt déi Diplomer dann och gemaach ginn,
well: ET ass e fairen Ëmgang, wann déi Leit, déi déi
nämmlecht Aarbecht maachen, och d’nämmlecht bezuelt ginn.
Wat nämlech net geschéien däerf, ass, datt Leit, déi
déi selwecht a genee déi selwecht Aarbecht maachen,
awer ënnerschiddlech bezuelt ginn, well se en aneren Titel hunn. An ech mengen, do si mer eis eens,
an ech mengen, datt do och de Ministère u sech ganz
op eiser Linn läit, fir ze soen: Mir wëllen diploméiert
Personal. An ech hoffen, datt mer genuch diploméiert
Personal fannen an dann och kënne rekrutéieren.
An dann dee leschte Punkt – an da kommen ech zum
Schluss, Här President – ass déi lescht Inconnu, déi,
mengen ech, d’Gemengebudgeten nach wäert belaaschten oder zumindest wou sech ëmmer eng Fro gestallt gouf. Dat war och scho vun der Cour des comptes
opgeworf ginn, an hei dann awer och erëm. Dat ass
nämlech de Fait, datt de Staat jo just d’Aiden ausschëtt
fir d’Kanner, déi hiert Joer fäerdeg maachen, wärend
d’Käschte vun de Salairen awer weiderlafen, an zwar,
ob dann dee Schüler oder déi Schülerin de Cours
mécht oder net. Do mussen d’Gemengen, grad bei de
lokale Museksschoulen, jo dofir suergen, datt déi Salairen do sinn. An do mengen ech, musse mer vläicht
nach eng Kéier kucken, wat do den Impakt ass. An dofir wäerte mer och d’Motioun vun der CSV matënnerstëtzen, wou et eeben drëm geet, eng Evaluatioun ze
maachen. Ech mengen, zwee Joer sinn do eng richteg
Period, fir sech bewosst ze ginn, wat den Impakt vun
där Mesure ass. Belaascht dat wierklech d’Gemengebudgeten oder ass dat méi e Stuerm am Waasserglas? Ouni Zuele kann een dat net feststellen. An dofir
mengen ech, ass eng Evaluatioun ganz sënnvoll.
Ech soen Iech Merci.
M. Marc Goergen (Piraten) | Ganz gutt!

Zesummenhang posts

Virun e puer Joren haten d’Piraten eng Diskussioun iwwert d’Pelzverkafsverbuet an der Chamber ugestouss. An enger Aktualitéitsstonn zum Thema gouf vun eiser Säit eng
An der däitscher Press gëtt beriicht, dass d’Polizist:innen am Saarland an Zukunft wäerte mat engem spezielle Schal equipéiert ginn, deen si viru Messerattacken um
Virun zwou Wochen huet d’Zuchstreck tëscht Esch a Beetebuerg misste gespaart ginn, well eng Fënster vun der Foussgängerbréck iwwert der Schefflenger Gare op d’Gleiser