Méi Personal fir d’Offices sociaux?

Zënter 2009 hunn d’Ongläichheeten an d’Aarmut hei am Land zougeholl. Sou ass den Taux vum Aarmutsrisiko, den Donnéeë vun Eurostat no, zënter 2010 bis haut ëm ronn 3 Prozentpunkten an d’Luucht gaangen. Déi selwecht Entwécklung gesäit ee bei den Zuele vum Aarmutsrisiko, nodeems Sozialtransferte gemaach goufen. Ee vun den Haaptgrënn ass warscheinlech, dass d’Logementskäschten hautzedaags vill méi an d’Geld schloen, wéi dat nach virun 10 Joer de Fall war. D’Zuele vun Eurostat weisen och hei eng Erhéijung vun 3 Prozentpunkten, wat d’Part vum Logement am verfügbaren Akommes betrëfft. Am Artikel 23 vum Gesetz vum 18ten Dezember 2009 iwwert d’Sozialhëllefen ass virgesinn, dass de Staat an d’Gemengen d’Käschte vum Office social 50/50 iwwerhuelen. Dës Ënnerstëtzung gouf am Gesetz esou limitéiert, dass d’maximal Bäihëllef eng Aarbechtsplaz pro 6000 Awunner an enger Gemeng fir d’Personnel d’encadrement ëmfaasst an eng Hallef Aarbechtsplaz fir d’administratiivt Personal. Zënter 2009 ass awer och d’Bevëlkerung am Land ëm 150000 Persoune gewuess – also 30% Bevëlkerungswuesstem. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass d’Ministesch der Meenung, dass d’finanziell Bäihëllef vum Artikel 23 vum Gesetz vun 2009, ugesiichts vun der Zounam vun de sozialen Ongläichheeten, nach ugepasst ass?

  2. Wäert d’Regierung dës Legislaturperiod Upassungen um Bäitragsschlëssel maachen, fir dass d’Office sociaux méi Ressourcen zur Verfügung gestallt kréien?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6502

 

Mir hunn eng Nofro zu dësem Thema gestallt:

Am Artikel 23 vum Gesetz vum 18ten Dezember 2009 iwwert d’Sozialhëllefen ass virgesinn, dass de Staat an d’Gemengen sech d’Käschte vum Office social zu 50% deelen. Dës Ënnerstëtzung gouf am Gesetz esou gereegelt, dass d’maximal staatlech Bäihëllef eng sozial Aarbechtsplaz pro 6000 Awunner an enger Gemeng fir d’Personnel d’encadrement ëmfaasst an eng Hallef Aarbechtsplaz fir d’administratiivt Personal. 

Jee no Gemeng stellt sech d’Fro, ob 3 bis 4 Persoune bei Honnerte Fäll an deels komplexen Dossieren duerginn, fir d’Aarbecht propper kënnen ze bewältegen. Et ass och esou, dass d’Gemengen net d’selwecht sinn an eng Gemeng bei gläicher Bevëlkerungszuel vill méi Fäll an den Offices sociaux huet, wéi eng aner.

  1. Ass dës Regierung sech bewosst, dass déi sozial Situatioun tëschent de Gemengen hei am Land ënnerschiddlech ass an eng Gemeng bei gleicher Awunnerzuel vill méi Dossieren am Office social muss traitéieren, ewéi eng aner Gemeng?
    • Falls jo, wäert d’Regierung Upassungen um Gesetz maachen, fir d’Gemenge bei de Personalkäschten an den Offices sociaux méi z’ënnerstëtzen, onofhängeg vun der Awunnerzuel? 
    • Falls nee, firwat net?

Fro n°1563

CHD

Zesummenhang posts

D’Piraten setzen sech dofir an, dass d’Steieren net méi erop ginn, wann den Index kënnt. D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest: Aus dëse Grënn
Den Office national de l’enfance (ONE) schafft mat privaten Organisatiounen am Beräich vun dem Kanner- a Jugendschutz zesummen, fir Projeten an Hëllefsmoossnahmen ëmzesetzen.  An
Au Luxembourg travaillent environ 485.000 personnes, dont près de la moitié sont des frontaliers qui viennent travailler chaque jour dans notre pays. Plus de