Verkaf vun Tubak a Covid-Zäiten

Laut den Zuele fir d’Joer 2020 vun der Fondation Cancer fëmme 16% vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung reegelméisseg. 48% vun de Persounen déi fëmme wëllen domat ophalen. Zu Lëtzebuerg kascht de Pak Zigaretten ewéi och de lassenen Tubak dann och manner wéi an eisen Nopeschlänner. Wéi aus der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°235 ervirgeet, huet 2018 den 20er Pak Zigaretten 4,20€ kascht, par Rapport zu 7,60€ a Frankräich.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Huet d’Pandemie een Afloss op de Verkaf vun Zigaretten an Tubak? Wéi hunn d’Zuele säit dem Ufank vun der Pandemie evaluéiert?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4835

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen