Vatikan: Kee Seege fir homosexuell Koppelen

Communiqué D’Pirate bedaueren zudéifst, dass d’kathoulesch Kierch mat hirer Responsum ad dubium vun der Kongregatioun fir Glawensléier iwwert d’Seene vu Verbindungen tëscht Persoune vum selwechte Geschlecht just nach emol ënnerstrach huet, awéifern en dogmatesche Glawen d’Siicht verzerre kann. “Er [Gott] segnet nicht die Sünde” heescht et aus dem Vatikan. Mee, Read more…

SMS-Invitatiounen fir ugefaangen Impfdosen

Context:Gesetzesprojet 7784 D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest: D’Santésministesch an de Premierminister hunn an enger parlamentarescher Fro (n°3814) ze erkenne ginn, dass et virkënnt, dass ugefaange Flaconen an den Impfzenter um Schluss vum Dag iwwereg bleiwen ; Aus der Äntwert geet och ervir, dass déi momentan Prozedur esou ass, dass d’Responsabel aus dem Impfzenter an Read more…

Motioun fir Strofe fir Impfdrängler

Context:Gesetzesprojet 7784 D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest: dass d’Unzuel u verfügbaren Dosisse vun de Covid-19-Vaccinen zu Lëtzebuerg am Moment nach limitéiert ass ; dass Fäll zu Lëtzebuerg opgetruede sinn, bei deene Persoune fréizäiteg geimpft goufen ; dass de Gesondheetsministère een Impfplang virgeluecht huet an och déi betraffen Institutiounen a Persounen iwwert dësen informéiert huet ; dass de Gesondheetsministère mam Conseil Read more…

D’Piraten vun der Sektioun Stad fuerderen endlech een Ëmdenken a Punkto Sécherheet op der Stater Gare !

D’Stater Piraten weisen sech enttäuscht iwwert d’Gestreits tëscht der Regierung an der Stater Gemeng, an deem de Problem vun der Sécherheet op der Gare net un der Wuerzel ugepaakt gëtt, mee iwwert Interviewen eng Diskussioun ausgedroe gëtt, déi kengem Awunner hëlleft. D’Energie fir d’Gestreits misst benotzt ginn, fir dem Bierger Read more…

Hotelszëmmeren fir Sans-abrien

Communiqué Duerch d’Reservéiere vun Hotelszëmmere fir Sans-abrien, kann d’Regierung dem HORECA-Secteur hëllefen a gläichzäiteg d’Leit an dësen äisegen Temperature vun der Strooss kréien. D’Piraten ënnerstëtzen d’Iddi, déi schonn a verschiddene Stied am Ausland ëmgesat gouf, staatlech finanzéiert Hotelszëmmere fir Leit ouni Daach iwwert dem Kapp bereet ze stellen – hëlleft Read more…

OpenLux: D’Finanzplaz brauch méi Transparenz

Communiqué Als Reaktioun op d’OpenLux-Enquête fuerderen d’Piraten eng Transparenzsteigerung am lëtzebuergesche Finanzsecteur.  Rezent journalistesch Recherche hu Lëtzebuerg alt nees eng Kéier mat Praktiken zur “Steieroptimiséierung”, voire Steiervermeidung, an Zesummenhang bruecht. Als Reaktioun betount d’Regierung an engem  Communiqué, d’lëtzebuerger Gesetzgebung wär a vollem Aklang mat allen internationalen an EU-Virschrëften esou wéi Read more…