M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President.
Merci dem Duo vun de Rapporteren, an dem Jessie
Thill eng gutt Besserung.
An der Kommissioun hate mer de Projet virgestallt
kritt. Ech hat e bësse Bauchwéi, wéi en erakomm ass,
an ech hat manner Bauchwéi, wéi mer erëm erausgaange sinn, well ech hunn dem Minister e puer Froe
gestallt. En huet eis eng Versuergungssécherheet
quasi garantéiert. En huet gesot, dat wier alles kee
Problem, soudass mer awer berouegt kënnen iwwert
d’Summerméint an och an de Wanter goen.
A mir Piraten vertrauen dann der Regierung, dass
mer net op iergendwellech Problemer stoussen. Esou
krute mer dat jo an der Kommissioun erkläert, soudass d’Leit och wäerte gutt iwwert de Wanter kommen an och nach déi nächst Méint doriwwer ewech.
E bësse méi Bauchwéi hunn ech elo mat der Motioun,
well ech net wierklech verstanen hunn, wann an der
Kommissioun alles schéin a gutt war a wann een
eigentlech guer keng Problemer huet, dass een elo
eng Motioun muss maachen. Ech mengen, dat sinn
éischter esou déi éischt donkel Wolleken, déi kommen. Mee mir vertrauen der Regierung.
Mir hunn elo e puermol an der Kommissioun héieren,
dass dat alles gutt wäert goen, dass eng gutt Versuergungssécherheet ass, dass d’Bierger sech keng Suerge
bräichten ze maachen. Deementspriechend schwätze
mer haut eist Vertrauen aus, dass de Minister eis Bierger net wäert kal sëtze loossen.
Merci.
M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President.
Ech wäert déi léif Motioun och matstëmmen.
M. Fernand Etgen, Président | Hei, wannechgelift,
nach e bësse roueg, dann hu mer et gepackt!
M. Marc Goergen (Piraten) | Ech kéint Iech elo 20
Questions parlementaires zitéieren, wou Der net Pionéier sidd an der Energie. Mee bon, ech spueren eis dat den Owend.
Déi eenzeg Fro, déi ech mer grad gestallt hunn: –
Dir hutt gesot, mat de Klimaanlagen –: Jo, wéi ass et
dann elo mat den Elektroautoen iwwert déi nächst
Méint? Net, dass ech op eemol un der Pompel stinn
an do kënnt dann näischt méi eraus. Well do kënnt
jo ganz vill Jus. An elo, wann d’Hollänner, d’Belsch
kommen, mat eiser neier SuperChargy, wéi leeft dat
dann? Ass dann do nach genuch dran?
Merci.