M. Sven Clement (Piraten) | Jo. Merci, Här President.
Ech kann elo nach eng Kéier op alles agoen, wat d’Virriedner a virun allem och de Rapporter zum Projet gesot hunn. Ech erspueren Iech dat awer.
Ech kommen awer net ëmhin, fir eng fundamental
Remark zum Text ze maachen. Déi hunn ech virdru
scho gemaach. Dat ass déi, datt mer de Betriber
net nëmmen elo hëllefe mussen, mat den héijen
Energiekäschten eens ze ginn, mee duerno och,
fir vun deenen héijen Energiekäschte fortzekommen, andeem se méi resilient ginn, andeem se méi erneierbar Energië selwer och kënnen deelweis produzéieren.
An da vläicht eng Reaktioun op dat, wat d’Madamm
Lorsché elo grad gesot huet, datt d’Majoritéit alles
géif maachen, fir onofhängeg ze gi vum Gas. Also
vläicht nach vum russesche Gas, well do de Risiko do
ass, datt iergendwann de Putin de Krunn zoudréit a
mer, faute de mieux, souwisou onofhängeg dovunner
wäerte ginn.
Mee ech mengen net, datt dës Regierung, oder
wann domat d’Majoritéitsparteie gemengt waren,
da mengen ech net, datt dës Regierung dat mécht.
Well …
(Interruptions)
… iwwer 50 % vun den abordabele Wunnengen
zënter 2016 si mat Gasheizunge gebaut ginn.
Staatsgebaier sinn déi lescht, si wäit hannert dem
Duerchschnëtt souwuel vun den Industriegebaier
wéi vun de privaten Haushalter, wann et drëm geet,
Solaranlagen op den Daach ze setzen. Ech schwätze
guer net nach vun aneren Heizungen – och do, sechs
Gebaier vum Staat hunn eng Gasheizung kritt.
Also ech mengen, bei der Onofhängegkeet vum russesche Gas ass, mat deene Politicken, déi do gemaach
ginn am abordabele Wunnengsbau, bei staatleche
Gebaier an der Administration des bâtiments publics,
nach Loft no uewen. Also alles ass et nach net.
D’Madamm Lenert, déi och heibannen ass an op hire
Projet waart, huet eng Kéier vun der Impfflicht als
„déi lescht Patroun“ geschwat. Ech mengen, hei géif
et wierklech Zäit ginn, wann ee sech d’Temperaturen
ukuckt, datt mer emol eng Kéier déi lescht Patroun
géifen zünden a wierklech all déi Heizungen, eleng
bei de staatleche Gebaier, géifen ersetzen. Da géife
mer eis wierklech onofhängeg maache vum russesche Gas.
Bon, esou kann ech just soen: Mir hëllefen elo deene
Betriber, déi et néideg hunn. Mee déi lescht Patroun
hu mer definitiv nach net verschoss.
- September 21, 2023
- 5:26 pm
- Programm 2023, Uncategorized @lb-lu
Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.