M. Sven Clement (Piraten) | Hei ginn d’Nimm gewiesselt.
M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President.
Léif Kolleeginnen a Kolleegen, dat heiten ass jo e
Projet, wéi et oft ass: Wat de Projet méi déck ass, wat
et ëm méi déck Montante geet, wat d’Diskussioun
u sech méi kleng ass, well mer eis meeschtens eens
sinn. An ech mengen, dat ass och haut net anescht.
Mir sinn eis alleguerten eens, datt mer e Virage ambulatoire brauchen. Mir sinn eis alleguerten eens,
datt mer eise Gesondheetssecteur musse stäerken.
Mir sinn eis och, wann ech d’Riede vu menge Virriedner esou héieren hunn, alleguerten eens, datt de CHL
an där Form, wéi en am Moment fonctionéiert – opgedeelt op verschidde Gebaier, déi net propper matenee verbonne sinn, déi och schonn e gewëssenen Alter hunn –, net méi de Wee an d’Zukunft ass.
An ech mengen, duerfir ass et och ganz flott, datt
mer hei e Projet hunn, dee modulaire soll gebaut
ginn. Ech mengen, am Gesetz nenne se dat e „life
cycle hospital“, also e Gebai, wat wuesse kann, wat
sech verännere kann, e Spidol, wat sech op wiesselnd
Besoinen adaptéiere kann. An ech mengen, dat ass
eppes, wat mer fir d’Zukunft brauchen. Well haut Kaffisazlieserei ze bedreiwen an ze mengen ze wëssen,
wat mer an 20 oder an 30 Joer brauchen – an esou e
Gebai steet nun emol e puer Joerzéngten –, dat géif
kee sech méi zoutrauen.
Wann ee virun 20 oder 30 Joer gefrot gi wär, fir e Spidol zu Lëtzebuerg ze bauen, hätt keen dru geduecht,
datt mer iergendwann eng Kéier vill méi grouss Isolatioune misste maachen. Et hätt keen dru geduecht,
datt mer eng Kéier an enger globaler Pandemie
wären, wou op eemol ënner ganz anere Bedingunge
misst operéiert ginn, ënner anere Bedingungen un
de Patiente géif geschafft ginn. A genau duerfir ass
et wichteg, datt mer eis an Zukunft kënnen u variabel
Situatiounen upassen.
Dat Zweet, wat ech absolutt begréisse kann, ass déi
direkt Ubannung un d’Heliporten. Dat ass eppes, wat
um Kierchbierg immens begréissenswäert ass: vum
Heliport quasi direkt an de Bloc opératoire. Dat soll
dann och elo endlech beim CHL de Fall sinn. Mir wëssen, déi zwee hu mëttlerweil gläichzäiteg Déngscht,
mee awer, jee no Disponibilitéit gëtt een nach ëmmer
an dat eent oder an dat anert Spidol bruecht, wann et
haart op haart kënnt. A grad wann ee bedenkt, datt
den INCCI jo awer am CHL ugesidelt ass an datt et
grad bei Häerzproblemer op all Sekonn, net nëmmen
op all Minutt, ukënnt, ass dat eppes, wat e grousse
Progrès ass.
Une voix | Très bien!
M. Sven Clement (Piraten) | Dann, wa mer iwwert
déi Ubannung schwätzen, da schwätze mer natierlech
iwwert déi kuerz Weeër. Ech mengen, d’Gesetz huet
dovunner geschwat. Och am Rapport ass dovunner
geschwat ginn. E grousse Merci nach fir de Rapport.
Et ass jo e bëssen eisen übleche Rapporter fir alles,
wat Santé ass, deen eis erëm en extensiven a ganz
gudde mëndlechen a schrëftleche Rapport gemaach
huet.
Kuerz Weeër heescht awer och, an dat huet och de
Claude Wiseler virdrun, mengen ech, gesot, datt
d’Leit, déi an d’Spidol kommen, mussen e kuerze Wee
hunn. Dat ass sécherlech de Fall, wann een an der
Stad wunnt, an et gi jo Pläng, fir och den ëffentleche
Verkéier nach besser unzebannen un de CHL an Zukunft. Mee et däerf net nëmme fir déi Leit aus der
Stad sinn. De CHL ass en nationale Kompetenzzenter.
Mir mussen, wa mer scho vu „médecine holistique“
schwätzen, och vun enger „politique holistique“
schwätzen. A mir mussen de CHL esou ubannen, datt
d’Patientinnen an d’Patienten, d’Visiteuren, awer
och d’Personal zu deenen Auerzäiten, wou se dann
dohinnerkommen, och kënnen op Alternativen zum
Individualverkéier zréckgräifen.
Wie rezent eng Kéier am CHL war, dee weess, datt
et ëm d’Parkplazsituatioun do net besonnesch gutt
bestallt ass. Dat läit u ganz ville Facteuren. Mee et
ass sécherlech ee vun de Facteuren, dee mer mussen
ugoen. An ech stinn elo net hei fir ze soen: „Mir
musse méi Parkhaiser bauen!“, mee mir brauchen
eng besser Ubannung un den ëffentlechen Transport.
A mir mussen eis virun allem och d’Fro stellen: Wéi
fonctionéiert den ëffentlechen Transport fir déi Leit,
déi Schichte schaffen? Well fir e Spidol ass et inhärent, datt do Schichte geschafft ginn. Fir e Spidol ass
et inhärent, datt do Leit och virum Ufank vun enger
Schicht mussen do sinn, fir Saachen ze maachen, an
och deelweis no enger Schicht nach mussen do sinn.
Dat heescht, och do musse mer an Zukunft nach
investéieren. An ech hoffen, datt dat gemaach gëtt.
Schlussendlech kann ech just hei eisen Accord gi fir
dëse Projet, e Projet, deen iwwerfälleg ass a wou
ech frou sinn, wann den éischte Stee läit, den éischte
Spuetestéch gemaach ass. Ech soen Iech Merci