8004 – Projet de loi portant modification de la loi modifiée du 20 juin 2020 portant 1° dérogation temporaire à certaines dispositions en matière de droit du travail en relation avec l’état de crise lié au Covid-19 ; 2° modification du Code du travail

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President.
Ech géif mer u sech wënschen, datt mer dat Gesetz
hei net nach eng Kéier misste verlängeren. Ech fäerten awer ganz, sou wéi de Marc Spautz dat scho gesot
huet an och wéi d’Madamm Cecchetti dat elo grad
gesot huet, datt mer warscheinlech déi Penurie net
kuerzfristeg wäerte geléist kréien. An deementspriechend fäerte mir, datt dat heiten nach eng Kéier kéint
verlängert ginn. Och wann d’Plaze gewiesselt hunn,
mengen ech, ass de Constat op deenen zwou Säiten
awer e bëssen deen nämmlechten, soss hätte mer dat
Gesetz net verlängert.
Mir ginn eisen Accord heifir, awer net ouni nach gesot ze hunn, datt et wierklech dréngend ass, datt mer
dee Secteur revaloriséieren, datt mer derfir suergen,
datt mer genuch Personal fannen an datt mer net
musse weiderhin op Prepensionéierter zréckgräifen,
fir eebe sou dee Secteur sech vum selwen droen ze
loossen.
Well ech mengen, dat muss d’Zil sinn, datt mer do
och nohalteg Aarbechtsplaze schafen an net mussen
op Leit zréckgräifen, déi u sech mental schonn eng
Kéier ofgeschloss haten, fir se dann an der Urgence
nach eng Kéier zréckzeruffen.
Mir si frou fir jiddwereen, deen hëlleft, mee et soll
awer net Usus ginn, datt mer u sech Leit, déi schonn
eng Kéier an der Prepensioun waren, erëm mussen
zréckruffen, well mer et verpasst hunn, fir ënnen nei
Leit bäizesetzen.
Ech soen Iech Merci.

Zesummenhang posts

Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.
Deutsche Version weiter unten. De Walprogramm vun de Piraten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit
De Piratendeputéierten Marc Goergen an de Südkandidat Yann Retter hunn haut d’Vertrieder vun der FGFC (Fédération Générale de la Fonction Communale) gesi fir mat