8000A – Projet de loi portant transposition de certaines mesures prévues par l’« Accord entre le Gouvernement et l’Union des Entreprises luxembourgeoises et les organisations syndicales LCGB et CGFP » du 31 mars 2022 et modifiant :1° le Code de la sécurité sociale ;2° le titre Ier de la loi modifiée du 4 décembre1967 concernant l’impôt sur le revenu ;3° la loi modifiée du 12 septembre 2003 relative aux personnes handicapées ;4° la loi modifiée du 24 juillet 2014 concernant l’aide financière de l’État pour études supérieures ;5° l’article 3, paragraphe 7, de la loi modifiée du 25 mars 2015 fixant le régime des traitements et les conditions et modalités d’avancement des fonctionnaires de l’État ;6° la loi modifiée du 23 juillet 2016 portant modification 1. du Code de la sécurité sociale ;2. de la loi modifiée du 4 décembre 1967 concernant l’impôt sur le revenu, et abrogeant la loi modifiée du 21 décembre 2007 concernant le boni pour enfant ;7° la loi modifiée du 28 juillet 2018 relative au revenu d’inclusion sociale

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President.
Léif Kolleeginnen a Kolleegen, Lëtzebuerg an Europa
sinn dëst Joer vun enger Kris direkt an déi nächst gerutscht. De Krich an der Ukrain huet eis erëm virun Ae gefouert, wat et bedeit, wann eng Weltmuecht Truppe mobiliséiert. De Krich huet eis erëm virun Ae gefouert, wat et bedeit, a Krichszäiten ze liewen, wou
d’Energie méi deier gëtt, verschidde Liewensmëttel
méi schwéier ze kréie sinn an d’Zukunft am Generelle
méi onsécher ass.
Fir an esou Krisenzäite keng Elenggäng ze maachen,
mee gemeinsam mat de Sozialpartner no Léisungen ze
sichen, huet Lëtzebuerg den Outil vun der Tripartite; e
wichtege participativen Outil, deen eigentlech schonns
hätt solle wärend der Covidkris zum Asaz kommen,
esou wéi d’Oppositioun heibannen dat direkt e puermol revendiquéiert huet, mee dee bis elo – viru Kuerzem – op sech waarde gelooss huet.
Éierlech doriwwer freeën, datt et elo endlech also
eng Tripartite gouf, kann ee sech awer trotzdeem
net wierklech. Et gouf zwar en Accord fonnt, mee en
Accord, deen déi gréisste Gewerkschaft hei am Land
ausgeschloss huet. Dat ass wuel alles anescht wéi
participativ.
Mir Piraten sinn der Meenung, datt eng Tripartite
nëmmen en Erfolleg ass, wann all d’Sozialpartner
herno een Accord matdroen a wann d’Regierung
keng Ultimatume stellt, mee bis zum Schluss oppen
ass fir Kompromësser. An dat ass hei net gemaach
ginn! Et war der Regierung egal, ob si en Accord géif
fannen, dee vu jidderengem gedroe gëtt oder net.
Haaptsaach, et géif en Accord virleien, deen hir géif
gefalen.
Esou dierf de Sozialdialog an eisen Aen net ausgesinn. An dësen Accord ass domat fir d’Piraten dann
och net akzeptabel. Duerch dëse sougenannte „Solidaritéitspak“ – mee u sech kéint een et och en „Onsolidaritéitspak“ nennen – gëtt den Index vun der Regierung a Fro gestallt.
Et gëtt vu méi soziale Moossname geschwat, déi
deene Leit sollen hëllefen, déi d’Hëllefe brauchen.
Dës Moossname sinn awer bei Wäitem net esou sozial a solidaresch, wéi d’Regierung dat wëllt duerstellen. D’Regierung huet och elo scho selwer missen un hirem eegenen Accord an un hiren eegenen Texter
nobessere goen. An ech fäerte ganz, datt mer nach
net um Enn vun den Nobesserunge sinn.
Ech ginn Iech nämlech ee gutt Beispill. Wann d’Regierung haut dovunner schwätzt, datt et fir verschidde
Leit jo zu enger Iwwerkompensatioun kënnt, dann
ass d’Regierung awer bis haut d’Äntwert schëlleg
bliwwen, wat dann nom Auslafe vum Gesetz geschitt.
Well deen nächsten Index, deen da fält, deen ass jo
manner héich wéi déi Iwwerkompenséierung, déi
dann ausleeft.
Ergo gëtt d’Regierung elo e klenge Bonus, fir datt
d’Leit elo séier a kuerzfristeg roueg sinn, fir dann,
wann dann den Index erëm agesat gëtt, ze soen: „A
jo, nee, elo si mer erëm am Index“, – wa mer dann
erëm am Index sinn –, „an Dir verléiert eppes. Gesitt
Der, den Index ass schlecht fir Iech, well nëmme mat
der Iwwerkompenséierung vun der Regierung hutt
Der eppes Guddes. Also kënne mer den Index weiderhi manipuléieren.“ Ech mengen, datt dat eng ganz
geféierlech Pist ass, léif Kolleeginnen a Kolleegen.
A wat d’Nobesseren ugeet: Wéi d’Regierung sech
eng éischte Kéier virun d’Press gestallt huet, éischtens emol owes, ganz séier improviséiert, fir datt d’Gewerkschafte jo nëmme solle séier Jo soen an och keen op d’Iddi géif kommen, nach eng Kéier Zuelen ze froen, war nämlech och nach net dovunner rieds,
datt d’Kannergeld indexéiert géif bleiwen. An et hat
och scheinbar keen doriwwer nogeduecht, wat dann
elo wier, wa mer 2022 oder 2023 e puer Indextranchë
misste verréckelen. D’Locatairë vu Sozialwunnengen
a Léierjongen a -meedercher waren och ganz vergiess ginn.
(Interruption)
Haut läit dann en Accord vir, dee virgesäit, datt keng
weider Indextranchë geréckelt ginn.
(Interruption par M. Gilles Baum)
Also, Här Baum, wann Der eis sot, datt d’Léierjongen a -meedercher dra waren … Dir hutt selwer dru
gezweifelt, an ech mengen, déi ganz Chamber huet
dru gezweifelt, ob déi couvréiert wären. An et huet
e widderhollt Nofroe vun de Kolleege vun der CSV
gebraucht, vun der Madamm Hansen gebraucht, fir
datt d’Regierung selwer emol drop komm ass, wéi
déi dann ofgedeckt wären. Well d’Regierung war sech
selwer net sécher, ob se dann drënner fale géifen
oder net.
Also elo ze mengen, se wäre vum Dag vum Accord un
dra gewiescht, dat ass awer d’Geschicht wierklech e
bëssen nei geschriwwen.
(Brouhaha)
Mme Martine Hansen (CSV) | Hie wousst et och net!
M. Sven Clement (Piraten) | Haut läit dann awer
een Accord vir, dee virgesäit, datt keng weider Indextranchë geréckelt ginn, ouni datt eng weider Tripartite
zesummekënnt. Dat wier jo elo prinzipiell ze begréissen, och wa mer generell nach ëmmer eng Aussetzung vum Index kritiséieren an och ganz skeptesch sinn, ob d’Regierung hei net erëm een Accord aushandele wäert, deen um Enn net vu jiddwerengem
matgedroe gëtt. Well mir hu jo schliisslech gesinn,
datt dës Regierung och emol deen een oder anere
Sozialpartner lénks leie léisst; et kéint een och salopp
soen „op se päift“.
Här President, d’Oppositiounsparteien hunn aktiv
probéiert, op verschidde Problemer vum Gesetzestext opmierksam ze maachen a Verbesserungsvirschléi anzebréngen. Mir Piraten hunn ënner anerem
de Logementsministère drop opmierksam gemaach,
datt zwar déi privat Loyere bis Enn des Joers agefruer
ginn, d’Präisser fir Sozialwunnengen awer weider
kënne klammen. Bei Leit, déi iwwer 65 Joer al sinn,
déi prekär wunnen, déi prekär loune beim Fonds du
logement, do si 75 % vun hirem Loyer indexéiert. Dat
bedeit, datt mam Akommes vun de Leit och hire Loyer
wäert klammen.
Et wier ganz einfach gewiescht an dësem Gesetzesprojet oder am 8000B – et ass mer u sech egal a wéi
engem Text, mee Haaptsaach, et wär gemaach ginn –,
d’Loyerspräisbrems och op déi ëffentlech Bauträger
auszeweiten. Mee dat ass net gemaach ginn!
Mir kruten an der Kommissioun vum Ministère
gesot – ech zitéieren, mee paraphraséieren e bëssen –: „Dat sinn esou niddreg Loyeren, do ass eng
kleng Erhéijung jo awer net schlëmm.“ An dat ass
eng Ausso, léif Kolleeginnen a Kolleegen, do muss
ech awer soen, datt mer d’Hoer zu Bierg stoungen.
Esou eng Ausso ënnersträicht just eemol méi, wéi
wäit verschidde Politiker a Beamte vun der Realitéit
dobaussen ewech sinn! Wat hei eng – Zitat – „kleng
Erhéijung“ genannt gëtt, ka fir eng Persoun, déi vun
engem Minimum lieft, e waarmt Iesse manner am
Mount bedeiten.
Mee och no eiser parlamentarescher Fro an no de Berechnunge vun der Press ass de Ministère bei dëser
Positioun bliwwen.
Domat si mir Piraten absolutt net d’accord!
Och wann et sech heibäi nëmme sollt ëm Erhéijunge
vun e puer Euro handelen, esou maachen déi puer
Euro fir déi betraffe Leit e groussen Ënnerscheed.
Souvill also zur Solidaritéit an deem sougenanntene
„Solidaritéitspak“.
Onsolidaresch ass dësen Accord och par rapport zu
de Monoparentallen. Monoparentalle sinn, statistesch gesinn, haut schonn engem méi grousse Risiko
ausgesat, an d’Aarmut ze rutschen, wéi eng Famill,
wou zwou Persoune schaffe ginn an doduerjer och
nach zousätzlech vun der Steierklass 2 profitéiere
kënnen. Deem gëtt mat dësem Accord awer hei null a
guer net Rechnung gedroen.
Et gouf hei schonns gesot: Eng Persoun mat Kand, déi
dee selwechte Revenu huet wéi zwou Persoune mat
Kand, där hir Kompensatioun fält méi kleng aus. An
deem enge Fall kritt deen een an engem Rechebeispill 66 Euro, fir seng Indextranche ze kompenséieren; an zu zwee zesumme géif een awer 168 Euro kréien. Dat fanne mir net richteg!
Här President, alles an allem ass dësen Accord näischt
anescht wéi eng Kéier mat der Géisskan iwwer all
d’Firmen am Land gefuer. Et sinn nämlech ganz vill
Firmen, déi sech déi nächst Indextranchen ouni Problem dach awer hätte kënne leeschten. An do stellt ee
sech dach awer d’Fro vum Timing, firwat d’Regierung
esou gedréckt huet, datt een Tripartite-Accord misst
kommen – e puer Deeg éier e puer relativ erfollegräich grouss Firmen hir Bilane presentéiert hunn, e puer Deeg éier bekannt gouf, datt et och nach Acteuren hei zu Lëtzebuerg gëtt, déi sech déi Indextranche hätte kënne leeschten.
Verschidde Banken hunn hir Bilanen eeben, wéi gesot, kuerz no der Tripartite – dräi Deeg duerno, ech
hunn nach eng Kéier nogekuckt – presentéiert a verzeechne Gewënner a Millionenhéicht, am Beräich vun
den Honnerte Milliounen.
Mir Piraten wieren dofir op de Wee gaangen, wéi zu
Covidzäiten – an ech hunn dat heibannen direkt den
éischten Dag gesot, wéi mer iwwert den Accord geschwat hunn –, eng Aide pour „coûts non couverts“
opzestellen, wou déi Firmen, déi wéinst der Covidkris
an dem Krich a finanziell Problemer geroden, gehollef kréichen an all d’Salariéen hir Indexerhéijung kritt
hätten.
Well wat mer elo maachen, ass, datt d’Salariéë mat
hiren eegene Steieren hir eege Kompensatioun u
sech zum Deel matfinanzéieren. An ech mengen, dat
ass net dat, wat mer an der Vergaangenheet ënner
enger Gerechtegkeet verstanen hätten. Dës Aiden,
esou wéi d’Aide pour „coûts non couverts“, hätten
esou onbürokratesch wéi méiglech missen ausbezuelt
ginn, an net mat deem groussen Delai, dee mer zum
Beispill beim Chômage partiel kannt hunn.
Cibléiert a sozial gerecht ass dëse Solidaritéitspak
also och net. En huet vill Aktionäre vu grousse Firme vill Suen agespuert an e léisst déi prekäerste
Bevëlkerungsgruppen op der Streck: Leit, déi a Sozialwunnenge wunnen, an déi Leit, déi sech als Monoparentalle mussen eleng ëm hir Famill këmmeren.
Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, aus all
dëse Grënn, an et géifen der nach vill méi ginn – mee
d’Riedezäit heibannen ass begrenzt –, wäerte mir Piraten dësen Accord net matdroen. Mir hoffen, datt, wann
eng weider Indextranche tëscht dem 1. Juli an dem 1.
Abrëll d’nächst Joer fale sollt, da bei der nächster Tripartite een Accord fonnt gëtt, deen all d’Sozialpartner
matdroen an deen déi Sozialschwächsten hei am Land
wierklech un déi éischt Stell setzt.
Mee eis Hoffnungen, datt d’Regierung hei eppes bäiléiere wäert, sinn awer zimmlech kleng. Mir hu jo vum
Parteikongress vun der DP viru Kuerzem héieren, datt
de Premier sech jo vu kengem Lektioune wëllt gi loossen, virun allem och net vun der Chamber.
Ech soen Iech Merci.
M. Marc Goergen (Piraten) | Ganz gutt!

M. Sven Clement (Piraten) | Dann ass net vill Kraaft
do!
M. Dan Kersch (LSAP) | … wou et nach keng mof a
keng gréng a keng donkelrout Kommentéierer vun
der Politik gi sinn. A mir brauchen duerfir och keng
Lektioune vun deenen entgéintzehuelen!
M. Sven Clement (Piraten) | Net nëmme Kommentéierer, Acteuren, Här Kersch!

M. Sven Clement (Piraten) | Fait personnel géif och
passen, ech si jo och ernimmt ginn. An ech mengen,
ech muss mer net vun engem Minister soe loossen,
ob ech déi richteg Froe gestallt hunn oder net.
(Exclamations)
Well …
(Interruption)
Ech schéngen elo schonn nees déi richteg Leit getraff
ze hunn doiwwer.
Ech stelle fest, datt den 1. Abrëll dëst Joer den Index
erfall ass, datt doduerjer d’Sozialloyeren an d’Luucht
gaange sinn. Ech stelle fest, datt d’nächst Joer den 1.
Abrëll eng Indextranche héchstwarscheinlech – d’Madamm Finanzministesch huet dat jo confirméiert –
wäert ausbezuelt ginn op Basis, well dat Gesetz hei
ausleeft, an datt dann d’Sozialloyeren erëm no uewen
ugepasst ginn an datt dës Regierung verpasst huet, dës
Dispositioun ze sträichen.
Et ass an engem Règlement grand-ducal gereegelt.
D’Chamber kann dat net maachen. Et ass un der
Regierung, dat ze maachen. Ech huelen Akt, datt
d’Regierung dat net wëllt maachen. An elo kann de
Minister mer hei ënnerstellen, ech géif déi falsch Fro
stellen.
Ech constatéieren, wat an hiren eegenen Texter steet
an datt do guer näischt immuniséiert gëtt. An ech hu
guer net d’Fro gestallt hei, ob duerch déi heite Steierkreditter eppes géif klammen. Ech stelle fest, datt
duerch den Index den 1. Abrëll dëst Joer an den Index den 1. Abrëll d’nächst Joer d’Sozialloyere klamme
wäerten. An dat fannen ech ongerecht. Dat fannen
ech net richteg an ech hunn d’Regierung elo e puermol invitéiert, dat ze änneren. Et läit an Ärer Hand. De
Ball läit an Ärem Kuerf.

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President.
Den Invite „de Betriber déi néideg Ënnerstëtzung
zoukommen ze loossen“ hunn ech a menger Ried
ugeschwat. Deementspriechend misste mer déi Motioun hei matstëmmen.
Mee mir hunn awer och all d’Sanktioune géint Russland mat ënnerstëtzt. An esoulaang hei weiderhi Motioune vun der ADR kommen, déi d’Sanktiounspolitik
a Fro stellen an déi hei Russlandversteeërpolitik wëlle
maachen, kënne mir déi Motioun net matdroen.

Zesummenhang posts

Bierger:innen a Betriber sinn oft op de Service vu staatleche Verwaltungen ugewisen. Verschidde Froen loossen sech effikass an effizient iwwert den direkte Kontakt mat
Déi zoustänneg Ministeren hu gëschter der Ëffentlechkeet de Bilan zur Asyl- an Immigratiounspolitik zu Lëtzebuerg virgestallt. An der zoustänneger Chamberskommissioun sinn awer verschidde Froen
 Ee WORT-Artikel vum 23ten Dezember 2024 hat informéiert, dass op der Schnellstreck vum Tram tëschent der Stad an dem Belval elo dach ee weideren