7999 – Projet de loi visant à mettre en place un régime d’aides sous forme de garanties en faveur de l’économie luxembourgeoise à la suite de l’agression de la Russie contre l’Ukraine

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President.
Dat heiten ass – et ass scho gesot ginn – en Deel vun
den Tripartite-Accorden, datt mer den Entreprisen
hëllefen, déi wéinst den Energiekäschten d’Enner net
méi beieneekréien. An ech mengen, datt et immens
wichteg ass, datt mer grad a Krisenzäiten de Betriber
Sécherheet ginn. Sécherheet, déi een an deem heite
Fall duerch eng staatlech Ofsécherung vu Prête ka
ginn. Ech mengen, datt dat déi richteg Balance ass
zwëschent direkten Aiden, déi sécherlech punktuell
och néideg sinn an och an Zukunft nach wäerte sinn,
an eeben hei als zweeten Outil, als weideren Outil,
deen u sech och nach kann eng Ofsécherung ginn,
wann een dann dat brauch

Et geet hei tatsächlech ëm Energie. Ee klenge Bemoll –
ech wäert dat och haut nach eng Kéier soen – ass natierlech, datt mer hei wierklech de Status quo ënnerstëtzen.
Mee mir wëssen alleguerten: D’Betriber kënnen net vun
haut op muer eng energeetesch Transitioun maachen.
Et wär awer ze hoffen, datt déi Betriber, déi vun deenen
heiten Aidë profitéiere mussen, profitéiere wäerten, dat
och als Usporn huelen, fir sech energeetesch ze sanéieren, fir eventuell an Zukunft net méi ofhängeg ze si vu
fossillen Energiestoffer. Well genau déi hunn eis eeben
an déi heite Situatioun bruecht.
Mee ech verstinn awer och, datt dat net an dësem
Projet ka sinn. An dofir gi mir eisen Accord.

M. Sven Clement (Piraten) | Et ass eng fräi Tribün
vun der russescher Ambassade!

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen