7999 – Projet de loi visant à mettre en place un régime d’aides sous forme de garanties en faveur de l’économie luxem- bourgeoise à la suite de l’agression de la Russie contre l’Ukraine

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Dat heiten ass – et ass scho gesot ginn – en Deel vun den Tripartite-Accorden, datt mer den Entreprisen hëllefen, déi wéinst den Energiekäschten d’Enner net méi beieneekréien. An ech mengen, datt et immens wichteg ass, datt mer grad a Krisenzäiten de Betriber Sécherheet ginn. Sécherheet, déi een an deem heite Fall duerch eng staatlech Ofsécherung vu Prête ka ginn. Ech mengen, datt dat déi richteg Balance ass zwëschent direkten Aiden, déi sécherlech punktuell och néideg sinn an och an Zukunft nach wäerte sinn, an eeben hei als zweeten Outil, als weideren Outil, deen u sech och nach kann eng Ofsécherung ginn, wann een dann dat brauch.

Et geet hei tatsächlech ëm Energie. Ee klenge Bemoll – ech wäert dat och haut nach eng Kéier soen – ass natier- lech, datt mer hei wierklech de Status quo ënnerstëtzen. Mee mir wëssen alleguerten: D’Betriber kënnen net vun haut op muer eng energeetesch Transitioun maachen. Et wär awer ze hoffen, datt déi Betriber, déi vun deenen heiten Aidë profitéiere mussen, profitéiere wäerten, dat och als Usporn huelen, fir sech energeetesch ze sanéie- ren, fir eventuell an Zukunft net méi ofhängeg ze si vu fossillen Energiestoffer. Well genau déi hunn eis eeben an déi heite Situatioun bruecht.

Mee ech verstinn awer och, datt dat net an dësem Projet ka sinn. An dofir gi mir eisen Accord.

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt