7998 – Projet de loi instaurant un régime d’aides dans le contexte du système d’échange de quotas d’émission de gaz à effet de serre pour la période 2021-2030

M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President.
Et ass e ganz interessant Gesetz, well et een op där
enger Säit derzou bréngt ze iwwerleeeën, wéi een
an der Klimakris virgeet, een op där anerer Säit awer
ganz kloer muss kucken, dass mer nach Leit hunn,
déi hiert Geld hei an der Industrie zu Lëtzebuerg verdéngen.
Mir hunn dës Woch eng Kéier iwwert de Belval geschwat, mir hu gëschter iwwert de Mindestloun
geschwat, an dat fléisst fir eis alles mat an dës Iwwerleeungen, fir, Stand elo, de Firmen ze hëllefen.
Et kann ee sécherlech iwwert d’Datumer diskutéieren,
et kann een och driwwer diskutéieren, dass een hätt
misse méi erneierbar Energien drasetzen. Dat hätt
een an eisen Aen alles misse maachen, well d’Industrie muss erauskommen aus dem Pëtrol.
Et muss ee souguer iwwerleeën – ech hunn dat jo
schonn e puermol hei kritiséiert, ech hat do éischter
mam Här Turmes schonn Diskussiounen –, dass och
den Atom nach immens héich ass an den Industrieleitungen, wat de Stroum ubelaangt. Mir stinn nach ëmmer dozou, aus deem Atombündnis erauszeklammen.
An dat sinn alles Punkten, déi een elo muss ugoen.
Et muss een op där anerer Säit awer och soen, dass
mer de Betriber mussen e kloren Ureiz ginn, fir dass
se an déi erneierbar Energien investéieren.
An ech sinn och der Meenung, dass Europa fäeg ass,
dass mer kënnen autark liewen. Mir hunn am Norden
d’Waasser an de Wand. Mir hunn am Süden d’Sonn.
Et däerf een dat net op Lëtzebuerg begrenzen. Ech
weess och, dass Lëtzebuerg seng Energie net eleng ka
maachen. Wa mer awer en intelligente Stroumreseau
hikréien an deem ganzen Europa mat deene villfältegste Regiounen, wou iwwerall Energie kann erstallt
ginn, da kréie mer et hin, dass Europa energieneutral
gëtt. An et ass dat, wou mer mussen hikommen. An et
ass dat, woubäi mer de Betriber elo mussen hëllefen.
Ech hätt mir gewënscht, dësen Text wär nach e bësse
méi restriktiv a se misste méi schnell maachen. Bon,
et kritt een net ëmmer alles, wat ee sech wënscht. Et
ass awer op d’mannst emol e bësse méi, wéi et am
Moment ass, well am Moment musse se näischt maachen.
Wa mer deen Text haut stëmmen, da musse se op
d’mannst op de Wee goen, fir eppes ze maachen. An
dat ass jo zumindest scho mol e grousse Virdeel. Et
kann net sinn … an do widderspriechen ech der ADR,
well et ass ganz kloer: Wa mir weiderhi Russland finanzéiere mat hirem Pëtrol, da finanzéiere mer och
hir Gewierer, hir Panzeren an alles, an da kënne se
d’Ukrain ugräifen!
Dir hutt virdrun hei gefrot, wat et bréngt, wa mir déi
Embargoe maachen. Ma et bréngt ganz einfach, dass
si herno keng Kugel méi hunn, fir Ukrainer ëmzebréngen.
Merci.

M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President. Et
ass éischter eng Fro. Mir gi jo elo déi Hëllefen. An déi
Hëllefen, déi wäert jo och ArcelorMittal fir hir Energie
kréien. Elo war awer gëschter an der Press ze liesen,
an ech beruffe mech do op Presseartikelen, dass déi
erëm a Russland géife liwweren.
A sech maache mer déi ganz Aktioun jo, fir dass mer
Russland net méi ënnerstëtzen a fir dass déi Energie
eeben hei aus Europa kënnt, fir Russland eigentlech
ze schueden. Hutt Dir vläicht schonn eng Positioun,
Informatiounen, ob dann elo ArcelorMittal dohi liwwert? Well wa mir hinnen elo haut hei Hëllefe stëmmen an dat Geld kënnt herno indirekt och Russland
zegutt, dann hu mer näischt geschafft.
Merci.

Zesummenhang posts

Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.
Deutsche Version weiter unten. De Walprogramm vun de Piraten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit
De Piratendeputéierten Marc Goergen an de Südkandidat Yann Retter hunn haut d’Vertrieder vun der FGFC (Fédération Générale de la Fonction Communale) gesi fir mat