7998 – Projet de loi instaurant un ré- gime d’aides dans le contexte du système d’échange de quotas d’émission de gaz à effet de serre pour la période 2021-2030

M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President. Et ass e ganz interessant Gesetz, well et een op där enger Säit derzou bréngt ze iwwerleeeën, wéi een

an der Klimakris virgeet, een op där anerer Säit awer ganz kloer muss kucken, dass mer nach Leit hunn, déi hiert Geld hei an der Industrie zu Lëtzebuerg ver- déngen.

Mir hunn dës Woch eng Kéier iwwert de Belval ge- schwat, mir hu gëschter iwwert de Mindestloun geschwat, an dat fléisst fir eis alles mat an dës Iwwer- leeungen, fir, Stand elo, de Firmen ze hëllefen.

Et kann ee sécherlech iwwert d’Datumer diskutéieren, et kann een och driwwer diskutéieren, dass een hätt misse méi erneierbar Energien drasetzen. Dat hätt een an eisen Aen alles misse maachen, well d’Indus- trie muss erauskommen aus dem Pëtrol.

Et muss ee souguer iwwerleeën – ech hunn dat jo schonn e puermol hei kritiséiert, ech hat do éischter mam Här Turmes schonn Diskussiounen –, dass och den Atom nach immens héich ass an den Industrielei- tungen, wat de Stroum ubelaangt. Mir stinn nach ëm- mer dozou, aus deem Atombündnis erauszeklammen. An dat sinn alles Punkten, déi een elo muss ugoen.

Et muss een op där anerer Säit awer och soen, dass mer de Betriber mussen e kloren Ureiz ginn, fir dass se an déi erneierbar Energien investéieren.

An ech sinn och der Meenung, dass Europa fäeg ass, dass mer kënnen autark liewen. Mir hunn am Norden d’Waasser an de Wand. Mir hunn am Süden d’Sonn. Et däerf een dat net op Lëtzebuerg begrenzen. Ech weess och, dass Lëtzebuerg seng Energie net eleng ka maachen. Wa mer awer en intelligente Stroumreseau hikréien an deem ganzen Europa mat deene villfäl- tegste Regiounen, wou iwwerall Energie kann erstallt ginn, da kréie mer et hin, dass Europa energieneutral gëtt. An et ass dat, wou mer mussen hikommen. An et ass dat, woubäi mer de Betriber elo mussen hëllefen.

Ech hätt mir gewënscht, dësen Text wär nach e bësse méi restriktiv a se misste méi schnell maachen. Bon, et kritt een net ëmmer alles, wat ee sech wënscht. Et ass awer op d’mannst emol e bësse méi, wéi et am Moment ass, well am Moment musse se näischt maa- chen.

Wa mer deen Text haut stëmmen, da musse se op d’mannst op de Wee goen, fir eppes ze maachen. An dat ass jo zumindest scho mol e grousse Virdeel. Et kann net sinn … an do widderspriechen ech der ADR, well et ass ganz kloer: Wa mir weiderhi Russland fi- nanzéiere mat hirem Pëtrol, da finanzéiere mer och hir Gewierer, hir Panzeren an alles, an da kënne se d’Ukrain ugräifen!

Dir hutt virdrun hei gefrot, wat et bréngt, wa mir déi Embargoe maachen. Ma et bréngt ganz einfach, dass si herno keng Kugel méi hunn, fir Ukrainer ëmze- bréngen.

Merci.

Zesummenhang posts

Rezent gouf ugekënnegt, dass ab dem 21ten Dezember d’Gesellschaft China Southern plangt eng Kéier d’Woch mat engem Airbus 350-900-Fliger vun de Stied Guangzhou a