M. Sven Clement (Piraten) | Wéi geet dat?
M. Sven Clement (Piraten) | Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, dës Woch, ech komme mer
es net zou, dës Woch ass wierklech verréckt: Ech ginn
haut fir d’zweet dem Vizepremier François Bausch
Recht. Nodeems ech em gëschter hei an der Chamber
scho Recht hu misse ginn, ginn ech em och dës Kéier
nach eng Kéier Recht, wéi e gesot huet, datt dës Mesure vu 7,5 Cent sënnlos wier. Eng Sënnlosegkeet vun
am Ganze 75 Milliounen Euro, dovun eleng 12 duerch
dëse Gesetzesprojet, 12 Milliounen Euro, déi een hätt
kënnen an e sozial gerechte Klimabonus stiechen, 12
Milliounen, mat deenen een hätt kënnen deene Leit
hëllefen, déi wierklech Hëllef brauchen, 12 Milliounen, déi een och hätt kënnen a Solaranlagen, a Repowering oder an energeetesch Sanéierunge stiechen,
oder 12 Milliounen, déi de Lëtzebuerger Staat hätt
kënnen notzen, fir selwer méi klimaneutral ze ginn.
An eisen Ae muss virun allem bei de Solaranlagen eng
déck Schëpp – ech sot et de Moie schonn, quasi e puer
Schubbkaren – bäigeluecht ginn. Laut PNEC misste
mer bis 2025 all ëffentlecht Gebai, wou et méiglech
ass, mat Pannoen ausstatten. Mir sinn am Moment bei
4 %. Fir déi vun der Regierung viséiert 9 Megawatt bis
2025 misste mer bei normale Marchéspräisser – a mir
ginn dervun aus, datt d’Regierung dat jo mat e bëssen
Économie d’échelle kéint méi bëlleg kafen – ongeféier
13,5 Milliounen Euro ausginn. Dës 12 Milliounen Euro,
déi Dir haut stëmmt, léif Kolleeginnen a Kolleegen, géifen also duergoen, fir deen ambitiéise Projet ze finanzéieren!
Mir Piraten sinn duerfir der Meenung, datt hei nach
vill Geld muss an de Grapp geholl ginn, fir séier weider Projeten ze finanzéieren a virun allem ze realiséieren. Mee dat mécht d’Majoritéit net. Hei gëtt aus
Koalitiounsräson eng Decisioun geholl, déi souguer
engem Drëttel vun der Koalitioun sënnlos erschéngt.
An e fréiere Minister vun deem zweeten Drëttel aus
der Majoritéit géif esouguer soen, heimadder géife
just déi breet Schëllere mat Porschen, Ferrarien oder
souguer Privatjetten ënnerstëtzt ginn.
Mir Piraten denken, datt an Zäiten, wou en IPCC seet,
datt mer nach just dräi Joer hätten, fir d’Rudder erëmzerappen, all Euro fir d’Klima zielt. An all Euro, dee
mat der Géisskan ausgeschott gëtt, ass een Euro, dee
mer domadder net eemol, mee zweemol verléieren!
De Klimawandel kennt keng Kompromësser a virun
allem keng politesch Koalitiounsräson.
Här President, mir Piraten wäerten dëse Projet, Dir
wäert Iech do elo net wonneren, net matstëmmen.
Mir sinn der Meenung, datt dës geschätzte Milliounen un Euro hei an dësem Projet verluer sinn
an anescht respektiv op anere Plaze vill méi effikass
hätte kënnen agesat ginn. Soyons fous: als Klimabonus, als Klimascheck fir d’Betriber, mee net, andeem
mer mat der Géisskan iwwert d’Land fueren!
Dëst ass eng Plooschter fir energieintensiv Betriber,
déi eist Klima, eis sozial schwaach Menagen an eis alleguerten am Ree stoe léisst an awer duerfir d’Pëtrolsindustrie subventionéiert. Mee dat ass jo dann an der
Linn mat der Motioun, déi virdru vun der Majoritéit net
gestëmmt gouf.
Ech soen Iech Merci.