7986 – Projet de loi portant modification de :1° la loi modifiée du 4 juillet 2008 sur la jeunesse ;2° la loi modifiée du 17 décembre 2021 concernant le budget des recettes et des dépenses de l’État pour l’exercice 2022

M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President.
Also d’Motioun ass …
(Interruption)
… ganz sympathesch, och en vue vun der Kommissioun. Bon, ech hat deemools scho gesot, dass déi Leit,
déi an der Petitioun waren, a mengen Ae scho Recht
haten an dass een och alternativ Modelle muss hunn.
Mee wat mech awer nach méi gestéiert huet, ass eeben deen Term „ne pouvant […] pas“. Dat ass richteg,
also et huet mech gestéiert, dass am Moment zum
Beispill – ech hunn elo gëschter bei eis am Gemengerot gefrot – do 500 Leit op enger Waardelëscht sinn.
Déi Leit géife gären an déi Maison relais kommen.
Mir hunn et jo och haut matgestëmmt. Mir ginn Iech
och vollkomme Recht an all Ären Ausféierungen, mee
déi Leit hu keng Méiglechkeet, well se einfach zënter
Joren op enger Waardelëscht hänken. An et sinn och
nach aner Gemengen. Dat ass net nëmme bei eis.
D’Fro ass eeben do: Wat maache mer fir déi? Wéi
kënne mer deenen e bëssen entgéintkommen? Well
déi géife jo gären deelhuelen. Déi Kanner bräichten
et och, wéi Dir et richteg erkläert hutt, mee se kommen einfach net bäi. Dass een deenen awer iergendwou kéint entgéintkommen, well déi Kanner, déi
sëtzen do, an déi Elteren, déi hunn och nach keng
aner Méiglechkeet, obwuel se wéilten.
Merci nach eng Kéier e Gang bäigeluecht gëtt an dass och
d’Personal opgestockt gëtt, fir dass se eeben – wat
ech ëmmer als Feedback vum Terrain kréien – méi
Méiglechkeete kritt, méi Stonne kritt, fir déi Kontrollen ze maachen. Dat gehéiert och zur Liewensmëttelsécherheet, well bekanntlech kann een e gutt
Liewensmëttel just hierstellen, wann de Bauer och fir
e gutt Liewe vum Béischt gesuergt huet.
Merci.
M. Sven Clement (Piraten) | Ganz gutt!

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt