M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Madamm Presidentin. Och mir wäerten d’Gesetz haut matstëmmen.
Et ass just e klenge Kritikpunkt – deen ech och an der
Kommissioun ubruecht hat, wou een eng besser digital
Léisung hätt kéinte fannen –, dass eeben net déi Firmen, déi an engem Logement, an engem Appartement oder soss aktiv sinn an do schonn e Problem vum Logement maachen, an zwar dass se iwwer Bürosfläche Wunnflächen ewechhuelen, an elo och nach vun esou
enger Mesure profitéiere kënnen, wärend déi, déi net
an engem Logement aktiv sinn, net vun dëser Mesure profitéieren kënnen. Dat ass einfach ongerecht.
En plus verschäerfe mer doduerjer d’Logementskris, dass mer nach eng Kéier ënnerstëtzen, dass ee
Wunnraum ewechhëlt an dann nach Virdeeler huet.
Fir de Rescht si mer ganz zefridde mam Gesetz. Et ass
och gutt, dass haut nach eng Question parlementaire
beäntwert ginn ass, déi ganz wichteg ass, well do
hutt Der mer nach eng Kéier confirméiert, dass mer
am Moment keng direkt Liwwerkontakter mat Russland hunn, déi hei aktuell am Gasreseau aktiv wären.
Dat berouegt mech, well ech gëschter jo héieren
hunn, dass Polen a Bulgarien elo ofgeschnidde gi
si vu Gazprom, an haut hutt Der mer da geäntwert,
dass Lëtzebuerg net an deem Fall wär, well mer
keng direkt hunn. Dat berouegt mech, och wann de
Präis weiderhi wäert héich bleiwen an d’Leit elo ënnert dem Stréch nach ëmmer méi bezuele wéi virun
engem Joer, kréie se awer trotzdeem déi Entlaaschtung vun 30 %, déi och richteg ass an déi och ganz vill
Leit am Land brauchen.
Merci.
- April 30, 2025
- 11:23 am
- Chamber, Chamber, Digitalisatioun & IT
Dës Motioun gouf mat Hëllef vun enger kënschtlecher Intelligenz (KI) erstallt. Als KI weisen ech op potenziell Risiken hin, déi mam Asaz vu kënschtlecher