M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President.
Léif Kolleeginnen a Kolleegen, als Éischt fir d’zweet
dann haut e grousse Merci un de Rapporter Claude
Lamberty fir säi Rapport zu dësem Theema, wat jo
awer akut ass, aleng och scho vum Timing hier, well
mat der École internationale Gaston Thorn soll fir
d’Rentrée elo schonns déi sechst staatlech international Schoul zu Lëtzebuerg opgoen.
Et ass also net déi éischte Kéier, datt mer esou e Projet stëmmen, a mir hate virun e puer Méint jo och
eréischt eng Interpellatioun zum Theema vun den
internationale Lycéeën hei an der Chamber. An och
net méi spéit wéi d’lescht Woch gouf et schonn erëm
eng Interpellatioun, an dës Kéier iwwert d’Ongläichheeten an der Schoul, wou mir och op d’international Schoulen agaange sinn.
Wat ech haut also wäert zielen, ass soumat am Kär
näischt Neies. D’Positioun vun de Piraten huet sech net
iwwer Nuecht op wonnersam Aart a Weis geännert.
Kuerzfristeg kënnen dës Schoulen nämlech e wichtegt
Mëttel sinn, fir d’Schouloffer ze diversifiéieren, fir esou
de verschiddene Besoine vun de Kanner séier gerecht
ze ginn, mee laangfristeg dierf et net d’Zil sinn, de klassesche lëtzebuergesche Schoulsystem engersäits an de
System vun den internationale Lycéeën anerersäits
parallell vuneneen a virun allem laanschtenee lafen
ze loossen. Eise Schoulsystem soll dozou bäidroen,
Kanner mat verschiddensten Hannergrënn a Fäegkeeten zesummenzebréngen, an net, d’Schülerinnen
an d’Schüler vu Klengem un ze trennen.
Wa mer eng multikulturell Gesellschaft wëllen, wou
wierklech en Austausch tëscht de Mënsche besteet,
da musse mer dësen Austausch och schonn a jonke
Joren ureegen. An dat ass net esou einfach mat zwee
parallell lafende Schoulsystemer.
Laangfristeg muss dofir an eisen Aen d’Zil sinn, innerhalb vun eng an där selwechter Schoul d’Alphabetiséierung an Zukunft a méi wéi just enger Sprooch
unzebidden, a verschiddene Klassen, mee ënner
engem gemeinsamen Daach, fir datt et méiglech ass,
datt d’Kanner aus den eenzelne Klasse sech fir verschidde Fächer, déi net primär d’Sprooche betreffen,
och ënnerenee mësche kënnen, well nëmmen esou
gëtt et méiglech, datt Kontakter zwëschent deenen
eenzelne Filièrë geknäppt ginn.
Ech sot et d’lescht Woch schonn an ech widderhuelen
et haut: Mir brauche Schoulen, an deene sech Persoune mat an ouni Migratiounshannergrond, mat deene verschiddenste Sproochekenntnisser a mat an ouni Handicap eng Zukunft kënnen opbauen, an dat gemeinsam a virun allem net isoléiert vuneneen, well soss bleiwen eis Gesellschaftsgruppe sech leider vill
ze oft och als Erwuessener nach ëmmer friem.
Mee wéi gesot si mir Piraten eis bewosst, datt eng
Reform vum traditionelle lëtzebuergesche Schoulmodell net einfach vun haut op muer geschéie kann.
A mir gesinn dofir an der zousätzlecher Offer, déi mat
den internationale Schoule geschaaft gëtt, kuerzfristeg eng Chance, fir de Besoine vu ville Kanner hei am Land séier kënne gerecht ze ginn, an dofir sti mir dëse Schoulen och net am Wee. Nee, mir wäerten dëse Projet dofir matstëmmen, mee eeben net
ouni ze betounen, datt laangfristeg näischt un enger
Moderniséierung vum Schoulsystem laanschtféiere
kann.
Ech soen Iech Merci.
M. Sven Clement (Piraten) | Entspaant Iech emol!
M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President.
Wie virdru meng Ried héieren huet a verstanen huet,
deen huet och matkritt, datt ech deem ganze Konzept
hei zwar laangfristeg kritesch entgéintstinn, awer
ganz kloer kuerzfristeg de Benefiss gesinn. An duerfir
kënne mer déi Motioun hei och net matstëmmen.