M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President.
„Alle Jahre wieder“ ass et net grad, mee „alle drei
Monate, alle Trimester wieder“ kéint een heizou
soen. Ech mengen, déi ganz Diskussioun iwwer wéi
laang een et hätt kënne lafe loossen oder net, déi
erspueren ech eis dës Kéier. Mir hate se schonn e puermol an ech si mer sécher, de Minister hätt och erëm
eng Äntwert dorobber prett.
Mee merci fir de Rapport, Madamm Beissel. Ech
mengen, en ass „wie alle Trimester wieder“ ganz
exhaustiv a komplett gewiescht. Mir hoffen, datt mer
u sech keng Verlängerung méi brauchen an datt mer
och net am Hierscht e Restart vun dësen Aidë brauchen. Mee mir musse kucken, wéi sech d’Situatioun
entwéckelt. Mir musse virsiichteg bleiwen. Mee bleiwe
mer optimistesch!
A mir Piraten ginn eisen Accord fir dës Mesure.
- June 25, 2026
- 2:53 pm
- Parlamentaresch Froen
Den Artikel 27 vum ofgeännerte Gesetz vum 8. Mäerz 2017 iwwert d’lëtzebuerger Nationalitéit gesäit eng Optioun fir Volljäreger vir, déi op d’mannst siwe Joer