7965 – Projet de loi portant approbation de l’Avenant à la Convention entre le Grand-Duché de Luxembourg et le Royaume de Belgique en vue d’éviter les doubles impositions et de régler certaines autres questions en matière d’impôts sur le revenu et sur la fortune, et le Protocole final y relatif, signés à Luxembourg le 17 septembre 1970, tels que modifiés par les Avenants du 11 décembre 2002, du 16 juillet 2009 et du 5 décembre 2017,fait à Luxembourg, le 31 août 2021

d’Wuert.
M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President.
Ech mengen, de Roy Reding huet et gesot: Mir klappen eis hei alleguer op d’Schëller fir en Effort, deen
eng Drëps op de waarme Steen ass. Wa mer wierklech wëllen op d’Pist vun engem Teletravail goen, da
musse mer mat eise Partnerlänner vill méi ferm nach
eng Kéier negociéieren. Da musse mer kucken, wat
méiglech ass, musse mer kucken, Alliéierter ze fannen an deene jeeweilege Parlamenter, an de jeeweilege Regierungen, an da wierklech iwwer Teletravail
generell schwätzen.
Dat heiten ass sécherlech e wichtege Schrëtt. Et ass
gutt, datt mer eis méi alignéieren. Et ass super, datt
mer eppes méi kënne ginn. Mee schlussendlech ass
et awer nach ëmmer relativ wéineg, wa mer wierklech iwwer eng Strategie vum Teletravail géifen nodenken.
Mir sinn nun emol an enger Welt ukomm, déi ëmmer
méi digital ass, enger Welt, an där et also och fir ëmmer méi Beruffer – sécher net fir jiddwereen, mee fir
ëmmer méi Beruffer – méiglech gëtt, à distance ze
schaffen. D’Pandemie huet eis gewisen, wéi séier et
a verschiddene Branchë gaangen ass, wou et virdrun
ondenkbar war, Teletravail ze maachen. An elo wëllt
kee méi zréck op de Büro.
Wa mer also och d’Aarbechtskräften zu Lëtzebuerg
wëllen halen, wa mer eise Betriber also och wëllen
hëllefen, attraktiv ze bleiwen an enger globaler Welt,
da musse mer hinnen och d’Méiglechkeete ginn,
Teletravail zu attraktive Konditiounen ze offréieren.
Duerfir ass dat heiten e wichtege Schrëtt, mee et
kann net dee leschte sinn, well dat heiten ass wierklech just e ganz, ganz butzege Schrëtt a mir musse
vill, vill méi wäit goen.

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll