7950 – Projet de loi relatif au financement de l’action SuperDrecksKëscht

M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Madamm
Empain, fir Är Erklärungen. Dir hutt elo grad gesot,
um Franchise hätt O.S.L. oder den Här Walter näischt
verdéngt. Kënnt Der dat confirméieren?
Mme Stéphanie Empain (déi gréng) | Dat sinn déi
Informatiounen, déi mir krute säitens dem Ministère,
an ech hu keen Ulass, déi Informatiounen net ze gleewen.
M. Marc Goergen (Piraten) | Den Audit seet eppes
aneres. Ech wollt just déi Confirmatioun, dass Dir
gesot hutt, en hätt näischt dru verdéngt an dass déi
Franchisefirmen, wéi et hei am Audit steet, him net
géife gehéieren. 90 % Participatioun vum Här Walter
an deene Franchisefirmen, an Dir kommt heihinner
an Dir sot, en hätt iwwert de Franchise näischt verdéngt!
Merci.
Mme Stéphanie Empain (déi gréng) | Da sot och
genau dat, wat ech gesot hunn. Ech hu gesot: Vun
deene Retombéeë profitéiert de Staat. De Staat profitéiert do dervunner.
M. Marc Goergen (Piraten) | De Staat kritt e klengen
Deel vum Franchise, mee ech ginn herno nach dorop
an.

M. Marc Goergen (Piraten) | Här President, ech
mengen, mir brauche geschwë méi e grousst Riednerpult bei esou wichtegen, groussen Dossieren.
Haut diskutéiere mir net just iwwer 112 Milliounen,
an dës Säit stëmmt dem Gesetzestext jo warscheinlech zou, mee mir diskutéieren och iwwer ganz vill
juristesch Diskussiounen, déi warscheinlech nach fir
ganz vill juristesch Akte wäerte suergen.
Et ass haut wuel och e Vott mat Potenzial fir d’Geschichtsbicher, souwuel vun der Chamber wéi vum
Land, well et ass mir net bekannt, dass iergendee
Vott stattfonnt huet, wou esou vill Feeler an Onreegelméissegkeeten am Viraus scho bekannt waren an
dat hei legaliséiert ginn ass. Et deet mer och leed fir
d’Ministesch. Et ass wuel dee schlechtste Start, deen
een als nei Ministesch kann hunn!
Vun der moralescher Astellung an dem feelende moralesche Kompass vun der Regierung an dësem Dossier
mol nach guer net ze schwätzen. No de schlechten
Optrëtter an der Ëmweltkommissioun, der Taktik,
méiglechst vill ze verheemlechen, sou wéi eng wuelbekannte Salamitaktik, wat nach ni fonctionéiert huet,
läit haut en Text hei, dee juristesch net d’Strooss wäert
halen!
Dir wëllt hei nämlech, jo, e Skandal, en Dysfonctionnement réckwierkend per Gesetz legaliséieren, dat,
nodeems Dir och hei scho vun Ufank un eis, jo, der
ganzer Oppositioun, net nogelauschtert hutt an et
op en Avis an der Chamber ukomme gelooss hutt,
anstatt direkt an am Viraus ze handelen. Alt nees
waart Dir gezwongen ze handelen. Mee anescht verstitt Dir et wuel net!
Dir hutt jo och net de beschte Beroder an der Ëmweltkommissioun, wat dat ubelaangt. Déi fréier Ministesch kann Iech dovun e Liddche sangen!
De SuperDrecksKëscht-Skandal hätt Der Iech nämlech kënne spueren, andeems Dir, wéi d’Gesetzer et
virgesinn, de ganzen Dossier einfach fir haut nei ausgeschriwwen hätt. Dat wär propper gewiescht an dat
hätt Gréisst gewise vun allen Acteuren.
Duerch all meng Recherchen – an dofir ass d’Pult net
grouss genuch, et ass en décken Dossier mat iwwer
500 Säiten a mat ganz ville Gespréicher vun Informante souwéi Journalisten – sinn ech zur eendeiteger Schlussfollgerung komm, dass hei Favoritismus a
Korruptioun dran ass.
Dat léisst sech och doraus schléissen, wéi e Firmegeflecht opgebaut ginn ass, wat de Staat ëm Millioune
bedrunn huet, an dat Firmegeflecht wäert elo dank
31 Stëmme kënne weidermaachen. Dir stëmmt also
haut ganz bewosst doriwwer of. An Dir hutt déi selwecht Dokumentatioun kritt wéi mir als Oppositioun:
eng falsch! Eng strofbar Ausschreiwung ze legaliséieren, dat ass den zweete Skandal!
31 Deputéiert ginn instrumentaliséiert vum fréieren
Direkter vun der Ëmweltverwaltung, dem Robert
Schmit, souwéi dem Hans-Peter Walter a sprange
genausou duerch de Reef, wéi déi zwee sech dat
gewënscht hunn. Du jamais vu an der Lëtzebuerger
Politik, en negativen Akt fir eis Geschichtsbicher!
De Robert Schmit, an der Funktioun als Direkter vun
der Ëmweltverwaltung, huet sengem gudde Kolleeg,
dem Pätter vu sengem Kand, dem Hans-Peter Walter,
eng perfekt op hien zougeschnidden Ausschreiwung
vermaacht. Ufanks 90 Milliounen, an elo 122 Milliounen (veuillez lire: 112 Milliounen).
Dat Ganzt ass e Blankoscheck vum Staat, fir Geld ze
drécken, duerch e raffinéiert Firmekonstrukt. Well
de Walter huet zeg Firmen ënner sech, déi all fir déi
selwecht Beräicher zoustänneg sinn, an e konnt der
SuperDrecksKëscht esou Facturen ausstellen, an de
Staat ass nach esou domm an e bezilt brav!
Et iwwerrascht mech dann och net, dass laut Audit de
Robert Schmit dem Walter seng Facturen iwwerpréift
huet an déi weiderginn huet a fräiginn huet.
An der Kommissioun hunn ech dofir nogefrot, ob
de Staat dann an Tëschenzäit déi Montanten iwwerpréift, esou wéi de Maartpräis dat eebe géif hierginn,
well soss ka jo de Firmekonstrukt Walter egal wéi eng
Präisser berechnen a sech domm an dämlech verdéngen. Ben, hei en Auszuch aus dem Rapport, wat ech
als Äntwert krut: „aucune raison de douter […] les
prix facturés“. Voilà.
Dat heescht, Dir stellt Iech mol net d’Fro, ob déi Präisser vun deem Firmekonstrukt iwwerhaapt korrekt
sinn. Dat sot d’Ministesch mir ganz offiziell an der
Kommissioun. An no all den Informatiounen, déi virleien, hutt Dir et nach ëmmer net fir néideg fonnt fir
ze kucken, ob déi Facturen, déi ausgestallt ginn, dem
normale Präis vum Marché standhalen. Dat ass de
Problem. Verstitt Der? Dat ass de Problem. Dee kann
nämlech egal wat an deene Facturë berechnen, wann
en dat passend Firmegeflecht huet. Bon, dat ass soss
och néierens esou am Staat ze fannen.
Mee zur neier Ministesch. Ech hat Iech jo an der
Kommissioun gefrot, wat d’Ministesch da wousst am
Kader vun hirer Funktioun als Directrice adjointe. Well
bekanntlecherweis waart Dir jo zum Zäitpunkt vun der
Ausschreiwung op deem Posten. Als Äntwert krut ech:
„Näischt dermat ze dinn. Ech wousst vun näischt.“ A
well ech e feine Mënsch sinn an un éierlech Leit gleewen, hunn ech dat och esou ugeholl. Mee et stäerkt
awer ëmsou méi meng Theorie, dass de Robert Schmit
soumat fräi Hand hat an alles konnt selwer entscheeden, dem Kolleeg Walter et zouschousteren. Wann
d’Directrice adjointe also näischt matkrut, jo, wien hätt
da sollen am Ministère eppes matkréie vun deene Machenschaften?
Just, bei menge Recherchen no der Kommissiounssëtzung – an et waren der vill! – ass mir awer dunn
opgefall, dass am Audit vu Muller & Associés och d’Madamm Welfring gefrot ginn ass, fir am Audit auszesoen.
Och wann ech Iech, Madamm Ministesch, gleewen,
dass Dir guer näischt matkrut vun de Machenschafte
vum Robert Schmit souwéi dem Dossier SuperDrecksKëscht – ech si jo nach ëmmer dee feine Mënsch –,
fannen ech et awer komesch, dass am Audit och Leit
ausgesot hunn, déi awer guer näischt dovu woussten
a soumat och näischt dozou konnte bäidroen. Komeschen Zoufall awer!
Hei steet ëmmerhin am Raum, dass de Walter e
beschten Drot an d’Verwaltung hat an do konnt
Geld wéi am All Inclusive ofzapen op Käschte vum
Steierzueler. Mee bon.
D’Ministesch an hir Beamten hunn och steif a fest
behaapt an der Kommissioun, just vun zwou Firmen
ze wëssen, dat trotz e puer Réckfroen. Hei dann emol
fir Iech de Scheema vum Firmegeflecht, da ka sech
all Bierger dobausse selwer Gedanke maachen, wéi
kompetent déi Verwaltung an der Kontroll ass, wa se
behaapt, et wäre just zwou Firmen, déi a Relatioun
géife stoen.
(M. Marc Goergen montre une documentation.)
Well der Verwaltung, bewosst oder onbewosst, ass
wuel och net opgefall, dass ee sech 1,5 Milliounen
Dividend erausgezunn huet aus der O.S.L. 1,5 Milliounen an engem Joer Dividend erausgezunn, de Walter
aus der O.S.L.!
(Interruptions)
Jo, dat ass esou an Ärem Audit ganz beluecht.
Une voix | Nieft der Pai!
M. Marc Goergen (Piraten) | Nieft de Paien, nieft
alles. 1,5 Milliounen Dividend!
M. Sven Clement (Piraten) | Dat gëtt e bësse Botter
fir op d’Kuuscht, ne?
M. Marc Goergen (Piraten) | A wéi een esou schéin
an de Bilane liese kann, ëmmer nach eng Linn, an
dat kënnt all Joer zréck: „zur Reduzierung der Vermögenssteuer“. Sou. Dat ass den Hummer! De Staat
bezilt iwwer Steiergelder där O.S.L. Milliounen, de
Mann verdéngt sech domm an dämlech, mee e kuckt

awer, wéi en d’Steiere ka verhënneren. Déi Steieren,
déi e misst bezuelen, kuckt en am Bilan d’Vermögenssteuer ze ëmgoen. Bon, Dir legaliséiert dat jo haut.
Mee do ass jo och nach d’Fachpersonal & Service
GmbH am Saarland, wou O.S.L. 90 % vun de Parten
huet. Bon, do konnt och kee mer erklären, ob Der
iwwerpréift hutt, ob déi Fachpersonal-Gesellschaft aus
dem Saarland – si gehéiert jo O.S.L. – dann och Personal bëlleg verrechent fir Lëtzebuerg. Préift keen! Interesséiert keen! Allez hëpp, deen huet jo bestëmmt déi
Firma fir op de Chrëschtbeemchen!
Zum Firmegeflecht kéint ech nach villes zielen an alles
opleeën, mee bekanntlech hunn ech déi Zäit jo net.
Dofir verweisen ech op piraten.lu, wou mer e ganz
detailléierten Avis souwéi dat ganzt Firmegeflecht
an all d’Informatiounen transparent zur Verfügung
stellen, an op d’Pressekonferenz iwwernächst Woch.
Eng aner Klausel sinn déi Frigoen, wou Ecotrel och
muss mam Walter, der SuperDrecksKëscht, zesummeschaffen, wou de Walter per Zoufall erëm eng
passend Firma parathält. Et gëtt lauter esou Zoufäll!
Dat huet d’„Wort“ jo elo dës Woch nach eng Kéier
un d’Liicht bruecht. An – oh Wunder! – seet laut
„Wort“de Kontrakt, dass Ecotrel do muss mat der
SuperDrecksKëscht zesummeschaffen, mat der O.S.L.,
an ënnerschriwwen ass e vum fréieren Direkter, dem
Robert Schmit. Et gëtt einfach esou vill Zoufäll!
An do wär ech bei der Korruptioun souwéi dem Interessekonflikt. Den Audit wéi och d’Verwaltung hunn
direkt op e puer Plaze bestätegt, dass de Fils Schmit, de
Jong vum Robert Schmit, duerno bei der SuperDrecksKëscht Akademie op engem feste Posten agestallt
ginn ass. Den Direkter vun der Verwaltung, deen
deemools 90 Milliounen, elo 112 Milliounen, verginn
huet, Ausschreiwunge genau esou formuléiert huet,
dass se passen, esou vill zougelooss huet, krut duerno am Géigenzuch säi Bouf agestallt.
Dat ass en Element, wat public ass. Mee wat géif
d’Justiz nach alles fannen? Fänke mir beim Code
pénal un. Artikel 245 – an ech mengen, Dir kennt
d’Bichelchen alleguer –, …
(M. Marc Goergen montre le Code pénal.)
… wou ganz kloer steet: „Toute personne chargée
d’une mission de service public“, wa se en „intérêt
quelconque“ huet, „sera punie d’un emprisonnement
de six mois à cinq ans“. Mir schwätzen hei net vun
egal wat. Dir kënnt Iech de Code pénal nach eng
Kéier ukucken, Artikel 245.
Den Artikel ass ganz kloer. Ech hunn dat och an der
Kommissioun schonn ugedeit. Wat krut ech dann
dunn als Äntwert? Jo, dee Mann, den Direkter vun
der Ëmweltverwaltung, wär jo dann an deem neien
Ad-hoc-Kommitee ee vu véier gewiescht. Jo, ech als
Laiejurist weess awer: Och fir ee vu véier gëllt nach
ëmmer de Code pénal. An domadder ass et nach ëmmer juristesch relevant. Et kann een net einfach soen,
wéi déi Excuse, déi ech vun der Ministesch krut an der
Kommissioun, do wär jo näischt, et wär keen Interessekonflikt, et wär ee vu véier gewiescht, obwuel deen
all d’Dossieren traitéiert huet. Et kann ee mer jo villes
zielen herno, et wären déi aner dräi gewiescht, déi et
entscheet hunn. Nee, dee war mat dran. De Code pénal gëllt. Fäerdeg!
Dofir hunn ech och eng Motioun matbruecht – déi
ginn ech Iech herno nach –, fir dee ganzen Dossier
nei auszeschreiwen.
Motion 3
D’Chamber vun den Deputéierte stellt fest:
– den Avis juridique vum 15. Juni 2022 (ze fannen op
www.piraten.lu/dossiersdk/) liwwert eng detailléiert
Analys iwwert de Finanzement vun der Aktioun SuperDrecksKëscht;
– den Artikel 99 vun der Verfassung gesäit vir, dass all
Ausgab vun iwwer 40 Milliounen Euro Objet vun engem
separate Finanzéierungsgesetz muss sinn;
– de Kontrakt vum 2. Januar 2018, deen den Ëmweltministère fir d’Aktioun SuperDrecksKëscht mat der Firma OekoService Luxembourg S.A. (O.S.L.) ënnerschriwwen huet,
kascht méi wéi 40 Milliounen Euro a muss deemno per
Spezialgesetz vun der Chamber accordéiert ginn;
– de Kontrakt vum 2. Januar 2018 gouf an Ofwiesenheet
vun engem Finanzéierungsgesetz vum Ëmweltministère
ënnerschriwwen. D’ofgeännert Gesetz vum 25. Mäerz
2005 iwwert d’Fonctionnement an d’Finanzéierung vun
der Aktioun SuperDrecksKëscht ass kee Spezialgesetz am
Sënn vum Artikel 99 vun der Verfassung, well kee prezise
Montant an dësem Gesetz festgehalen ass;
– d’Finanzéierung vum Kontrakt, deen den Ëmweltministère 2018 ënnerschriwwen huet, hätt missen am Aval vun
der Chamber approuvéiert ginn, an dat war net de Fall;
– den Artikel 2 vum Code civil gesäit vir, dass: „La loi ne
dispose que pour l’avenir; elle n’a point d’effet rétroactif.“
De Gesetzesprojet 7950 kann net nodréiglech d’Situatioun
vum Kontrakt vun 2018 regulariséieren;
– de Kontrakt, deen den 2. Januar 2018 tëschent dem
Ëmweltministère an der Firma O.S.L. ënnerschriwwe gouf,
ass deemno ongëlteg.
Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung,
1. de Kontrakt vum 2. Januar 2018 tëschent dem Ëmweltministère an der Firma O.S.L. opzeléisen;
2. nach dëst Joer eng nei ëffentlech Ausschreiwung fir
d’Aktioun SuperDrecksKëscht ze maachen.
(s.) Marc Goergen.
Well nieft deem dote Problem stellt sech och nach
ëmmer d’Fro, ob een iwwerhaapt dierf nodréiglech
esou e Kontrakt guttheeschen. Do sinn d’Juriste sech
net eens, dat ginn ech och zou. D’Cellule huet et méi
soft formuléiert. De Maître Steichen huet et gesi wéi
och eise Maître Heisten, dee mir ëm en Avis gefrot
hunn, dee mer Iech elo ausgedeelt hunn, dass een
hei misst nei ausschreiwen. Dat baséiert op europäeschen Direktivë souwéi den aktuelle Lëtzebuerger
Gesetzer.
Et ass net, well een an der Vergaangenheet Gesetzer
esou gebéit huet, dass kee geklot huet – huele mer
Max Planck –, dass dat elo op eemol legal wär. Dat
geet net esou einfach.
Mee, Madamm Ministesch, ech kann Iech just soen:
Sicht Iech en anere Beroder an esou Dossiere wéi de
President vun der Ëmweltkommissioun. Seng Bilanz,
fir d’Ministeschen ze schützen oder gutt ze beroden,
wann et ëm kriddeleg Dossiere geet, ass bekanntlech
ganz schlecht. A mir wëlle jo awer alleguer, dass Dir
eis nach erhale bleift, zumindest bis Oktober d’nächst
Joer.
Ech hunn Iech elo ganz kloer a kuerzer Zäit opgelëscht
– an ech maachen nach den Depot vun de Motiounen a
Proposen –, wéi Dir kéint aus deem Skandal, deen Dir
Iech selwer agebrockt hutt, erëm erauskommen. Bon,
kommt, mer soen esou: déi gréng hunn en agebrockt
an déi zwou aner Regierungsparteie sëtzen elo mat
dran.
An hei och nach eng Motioun, mat där mir froen, dass
den Audit soll ausgebaut ginn, fir d’Firmegeflecht
souwéi d’Finanze vun der O.S.L. an de Walter-Firmen
ze iwwerpréiwen.
Motion 4
D’Chamber vun den Deputéierte stellt fest:
– am September 2021 goufen d’Analysen zur Aktioun
SuperDrecksKëscht vu „Muller & Associés“ virgestallt;
– d’Auditeure vun der Aktioun SuperDrecksKëscht hate
keng Asiicht an d’Bilanze vun O.S.L. an hunn och net déi
Sous-traitantë vun O.S.L. ënnersicht, déi (ganz oder zum
Deel) dem selwechte Bénéficiaire effectif gehéieren;
– an der Presentatioun vum Audit ass ze liesen: „Ce rapport ne constitue pas un audit selon les normes internationales d’audit, ni un examen limité.“;
– an der Presentatioun vum Audit ass ze liesen, dass den
Auditeuren den Accès zu wichtege finanzielle Mouvementer
vun O.S.L. gefeelt huet. Dorënner ënnert anerem d’Dividendes payés, d’Corrections de valeur au niveau des participations an d’Comptes courants entre socitétés liées.
Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung,
– een Audit an Optrag ze ginn, deen den internationalen
Normen entsprécht an all déi uewe genannte Punkten ënnersicht.
(s.) Marc Goergen.
Am éischten Audit gouf bekanntlech guer näischt iwwerpréift. Dat steet och ferm esou am Audit. Si hu keng
finanziell Konstrukter gekuckt. Si hu keng Firmekonstrukter gekuckt. Bon, du krut een och dat Resultat,
wat ee wollt.
Am grousse Ganzen ass deen Dossier hei voll mat
Dysfonctionnementer, wou an eisen Aen, egal wéi
eng eedel Missioun d’SuperDrecksKëscht huet, déi
haut net dierf 112 Millioune gestëmmt kréien.
Dofir wäerte mir Piraten och géint dëse Projet haut
stëmmen. Merci.
M. Sven Clement (Piraten) | Très bien!

M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President.
Also natierlech si mir en faveur fir eng nei Ausschreiwung, an natierlech soll O.S.L. dat, wat se bis elo geleescht hunn, och weiderhi bezuelt kréien. Déi hu jo
eng Leeschtung derfir bruecht, egal wéi se zustane
komm ass.
Ech versti just an där ganzer Diskussioun eppes net.
Déi dräi Virriedner vu virdrun do uewen hunn esou
vill gelueft, wéi gutt O.S.L. schafft, wéi gutt dat Ganzt
fonctionéiert. Ech mengen, wa mer elo géifen eng nei
Ausschreiwung maachen, kënnen déi jo bal zu 100 %
sécher sinn, dass d’Firma O.S.L. dat souwisou erëm
géif kréien, dass déi géifen déi bescht Offer ofginn,
och ouni dass den Här Schmit géif do sëtzen.
Dofir verstinn ech net, firwat dass Der Iech dergéint
wiert, well et kann een elo juristesch ganz propper
erauskommen. Natierlech muss ee bezuelen, wat
schonn alles geleescht ginn ass. Mee elo wär jo eigentlech de Moment gewiescht, wou Dir als nei Ministesch
hätt kënne soen: „Den Här Schmit ass an der Pensioun,
et ass alles nei, mir kënnen awer elo do e proppere
Kontrakt maachen.“ A wann O.S.L. no Ären neien, faire
Konditiounen dat erëmkritt hätt, hätt op dëser Säit
warscheinlech och kee méi eppes gesot. Mee et ass eeben, wéi dat deemools zustane komm ass, wou Froen

opkommen. Dofir wär eng nei Ausschreiwung dee
beschte Wee gewiescht.
Merci.

M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President.
Se huet vläicht déi selwecht Schlussfollgerung, mee
de Wee ass en aneren. Mir hunn eis an eisem Avis
dermat auserneegesat, wéi dann déi Gesetzer deemools waren. Et ass eng europäesch Direktiv, wou
herno den Artikel 13 effektiv erausgaangen ass, an
déi europäesch Direktiv souwéi d’Gesetzer vun der
Ausschreiwung hu gesot, dass eigentlech an deem
Avis, dee mir Iech deposéiert hunn, dee ganze Kontrakt misst nul sinn. Also och wéi den Här Steichen
schonn zu där Schlussfollgerung komm ass, ass och
de Maître Heisten zu där Schlussfollgerung komm.
Dat heescht, eise Wee ass ganz kloer, dass mer opgrond vun deenen eenzelne Gesetzer, déi deemools
gegollt hunn, beluecht hunn, dass dës Ausschreiwung eigentlech net dierft sinn.
Sou, elo kënnt awer nach deen anere Punkt derbäi,
dass an dem Ausschreiwungsgesetz och ganz kloer
gesot ass, wien déi Soustraitance mécht. Dat ass awer
deemools net respektéiert ginn. Dat heescht, dat ass
eigentlech nach e Punkt, dee mer elo mol nach net
direkt dran haten, opgrond vun deem eigentlech och
nach misst nul erkläert ginn, well déi Soustraitancefirmen … an dat si se net, Dir hutt et selwer gesot,
et ass an all Audit beluecht, dass eng Soustraitance
stattfënnt iwwert d’Firme vum Här Walter, an dat war
deemools bei der Ausschreiwung esou net dran.
Dat heescht, deementspriechend seet d’Gesetz ganz
kloer, et misst en Nul geschwat ginn. An dat ass déi
Approche, déi mir gewielt hunn, dass mer ganz kloer
iwwert déi aktuell Gesetzer beleeën, dass en Nul misst
geschwat ginn. An duerfir froe mer, dass d’Chamber
eng nei Ausschreiwung mécht.
Merci.

M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President.
Also den Audit … et ass gutt, dass ech de Classeur
mam ganzen Audit matbruecht hunn, well et steet
ganz koer am Audit, deen Dir eis ginn hutt, dass et
keng international Norm war. Dat heescht, deen
Audit war guer net no deene Standarden, wou en
eigentlech hätt misse gekuckt ginn.
An deen zweeten ass eigentlech nach vill méi interessant: „Nous tenons à préciser que la structure financière de la société O.S.L. et les flux financiers entre
sociétés appartenant à Monsieur Hans-Peter Walter
n’ont pas“, mierkt Iech et, „n’ont pas été analysés.“
Dat heescht, déi ganz Geschicht mat deem Audit,
eigentlech dat Ganzt, wat am Raum steet, gouf net
analyséiert. Dofir hu mir haut eng Motioun deposéiert. Well ech mengen, wann Der jo näischt ze verstoppen hutt, wann alles gutt gelaf ass, da kënnt Der
jo awer déi puer Fluxen – Dir sot jo selwer, et si just
zwou Firmen, bon, mir hunn der vill méi fonnt, déi
ganz Bänk huet der vill méi fonnt – analyséieren. Do
ass jo da guer kee Problem. En plus gëtt de legale Kader Iech d’Méiglechkeet. Et ass eng Soustraitance, déi
stattfënnt. Dann hutt Der de legale Kader, fir dat kënnen ze analyséieren. Ech verstinn éierlech net, firwat
Der Iech dogéint wiert, dass en Audit soll kommen,
deen déi Flux financiers do soll kucken.
(Interruption)
Et ass jo näischt do.

M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President.
Bon, déi eenzel Faiten, firwat eigentlech eng Enquêtëkommissioun misst gemaach hunn, hunn ech a
menger Ried schonn eng Kéier virbruecht. Ech wëll
just nach eng Kéier ervirsträichen – de Sven kann
Iech et héich halen –, …
(M. Sven Clement montre une documentation.)
… wat dat alles fir e Firmekonstrukt ass, wou Dir nach
ëmmer behaapt, et wären der just zwou. Mee wat dat
fir e Firmekonstrukt ass! Wa mer do net iergendwann
elo eng Recherche maachen an iergendeppes ginn …
Mir hunn Iech jo virdrun den Auswee ginn, dass Der
kënnt nach en Avis froen. Dat war jo déi soft Versioun.
Elo kënnt dann déi mëttel Versioun. Dat ass, dass
mer eng Enquêtëkommissioun géife maachen. Bon,
anescht bleift just nach d’Justiz. An ech mengen, dat
ass schonn eng Kéier schif ausgaangen, dass Der gemauert hutt, bis et zur Justiz komm ass.
Dat heescht, ech géif Iech roden: éischter deen heiten Auswee. Deen Auswee virdru wollt Der jo net. Ech
mengen, am Raum steet jo nach ëmmer: 9 Milliounen, mengen ech, waren et, déi d’SuperDrecksKëscht
am Moment kritt huet. Do kann ee sech an engem
Joer dann 1,5 Milliounen Dividend auszebezuelen.
Dat muss ee sech emol op der Zong zergoe loossen!
M. Sven Clement (Piraten) | Dat ass profitabel.
M. Marc Goergen (Piraten) | Zu Colmer-Bierg ass jo
de Sëtz vun deem Ganzen. Dir kënnt eis jo bestëmmt
nach beäntwerten, wiem deen dann herno gehéiert.
Ass dat O.S.L., ass dat Staat, wéi dat alles geet? Well
an de Bilane fannen ech 3 Millioune Réckstellung fir
dee Sëtz. Wiem gehéiert herno déi Immobilie? Wéi
ass dat Ganzt do bei O.S.L.? Well dat ass eigentlech
och nach e ganz wichtegt Theema.
Ech kéint elo nach weiderfueren. Mir hu bei Ecotrel …
D’„Lëtzebuerger Wort“ huet elo eréischt grad bruecht
gehat, dass déi musse bei der SuperDrecksKëscht déi
Frigoen do recycléieren. An dat erëm bei enger Firma
vun O.S.L., dem Här Walter. Dat kéint déi ganzen Zäit
esou weidergoen.
An ech mengen, Dir sidd jo elo déi nei Ministesch.
Eigentlech hätt et Iech gutt gestanen, an deem ganzen
Dossier opzeraumen – virdru mam Audit, bon, elo eeben da mat der Enquêtëkommissioun –, fir dat Ganzt
awer iergendeng Kéier do vun der Bühn ze schafen.
Well dat doten ass jo eng Diskussioun, mir maachen
elo hei: clôturéieren, Dir gitt heem, mee dobausse geet
dat weider!
Mme Myriam Cecchetti (déi Lénk) | Genau.
M. Marc Goergen (Piraten) | D’Leit wäerte jo nach
ëmmer weiderhin diskutéieren a sech nach ëmmer
Froe stellen.
Mee soulaang Dir 31 net bereet sidd, domadder opzeraumen an all déi Gerüchter …, well et sinn net
mir 29, déi dat bruecht hunn, et ass d’Press, déi et
bruecht huet. An Dir kënnt sécher sinn: D’Press geet
och nach weider wullen, an ech weess net, wat se
nach alles géif fannen.
Haut wär eigentlech den Dag gewiescht, wou Dir als
Ministesch hätt kënne soen: „Ech sinn nei. Ech hu
souwisou näischt dermat ze dinn. Ech raumen elo
op!“ Dee Fall wär da gekläert.
Merci.

Zesummenhang posts

Den LCGB huet matgedeelt, datt d’Sécherheetsfirma Protection Unit hir Aktivitéiten astellt an ee Repreneur sicht. D’Firma schafft fir eng Villzuel u staatleche Verwaltungen, parastaatlechen
Bierger:innen a Betriber sinn oft op de Service vu staatleche Verwaltungen ugewisen. Verschidde Froen loossen sech effikass an effizient iwwert den direkte Kontakt mat
Déi zoustänneg Ministeren hu gëschter der Ëffentlechkeet de Bilan zur Asyl- an Immigratiounspolitik zu Lëtzebuerg virgestallt. An der zoustänneger Chamberskommissioun sinn awer verschidde Froen