M. Sven Clement (Piraten) | Jo, merci, Här President.
Merci och un de Rapporter fir den ausféierleche
mëndlechen a schrëftleche Rapport. Ech géif mech
u sech ganz gären de Wierder vum Yves Cruchten
uschléissen, deen awer zu Recht drop higewisen
huet, wéi eng Situatioun et an Äthiopie gëtt. Se war
an de leschte Woche méi schlëmm wéi se de Moment
ass. Mee netdestotrotz ass de Grenzkonflikt zwëschent der Tigrés-Regioun insgesamt, mee och Äthiopien an Eritrea wäit vu geléist.
Et ass awer, mengen ech, an deem heite Fall esou, datt
mer en duebele Besteierungsaccord maachen, deen
och ganz wéineg Leit, wann ech mech richteg aus der
Kommissioun erënneren, betrëfft, an haaptsächlech
eebe Leit, déi dann och zu Lëtzebuerg geschafft hunn
an duerno erëm zréckgaange sinn. Et ass also definitiv
net hire Feeler, datt de Staat, an deem se gebuer goufen, an dee se zréckgaange sinn nom Schaffen, do an e
Konflikt involvéiert war.
Mir condamnéieren dee Konflikt, mee mir sollten
awer Leit, déi fréier hei zu Lëtzebuerg geschafft hunn,
net nach eng Kéier besteieren, just doduerjer, well
mer mat der Politik vun deem Staat net averstane
sinn, an dee se zréckgaange sinn.
Deementspriechend gi mir Piraten eisen Accord dofir.
- June 25, 2026
- 2:53 pm
- Parlamentaresch Froen
Den Artikel 27 vum ofgeännerte Gesetz vum 8. Mäerz 2017 iwwert d’lëtzebuerger Nationalitéit gesäit eng Optioun fir Volljäreger vir, déi op d’mannst siwe Joer