7942 – Projet de loi portant approbation de l’Amendement à l’article 8 du Statut de Rome de la Cour pénale internationale (fait d’affamer délibérémentdes civils), fait à La Haye, le 6 décembre2019

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President.
Léif Kolleeginnen a Kolleegen, wann een dobaussen
eng Ëmfro géif starten, ob d’Leit der Meenung sinn,
datt et e Krichsverbriechen ass, wann e Regimm seng
Leit virsätzlech verhongere léisst, géif eng grouss
Majoritéit wuel Jo soen. Mir Piraten sinn duerfir frou,
datt dëst dann elo och am Statut de Rome festgehale
gëtt an domat d’Basis fir Enquêten a Verurteelunge
vum Den Haager Geriicht ausweit gëtt.
Wann een an dësen Zäite vu Krichsverbrieche
schwätzt, dann huet dëst Theema hei an Europa am
Moment erëm traureg Aktualitéit kritt. An ëmsou méi
traureg ass et, datt et grad bei deem heite Gesetz e
Land betrëfft, wat an der Vergaangenheet schonn
eng Kéier Affer vu genau deem heite Krichsverbriechen u sech ginn ass.
Vill Leit erënnere sech net méi drun, mee den
Holodomor, deen d’Sowjetunioun zwëschen 1932
an 1933 un der Ukrain verüübt huet, war genau dat:
e wëllentlecht Verhongereloosse vun eeben den
Ukrainer. An an deem Kader hoffe mir natierlech,
an ech hunn et virdru scho gesot, datt Verbriechen,
déi och haut dann nach vum Nofollgestaat vun der
Sojwetunioun, Russland, un der Ukrain begaange
ginn a begaange goufen, kënnen opgekläert ginn
an datt déi Schëlleg – an ech hu virdru gesot, wien a
mengen Aen de Schëllegen ass, nämlech de Wladimir
Putin un der Spëtzt – kënnen e Prozess zu Den Haag
gemaach kréien.
Et ass net ze verstoen, wéi Mënschen anere Mënsche
kënnen esou vill Leed undinn! Datt Regimmer systematesch Minoritéite verfollegen, Vergewaltegung als
Krichsmëttel genotzt gëtt an d’Mënschen absichtlech
verhongere gelooss ginn!
Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, mir gesi
jo am Moment, wéi séier een erëm kann eng Zäit gesinn, wou Krichsverbriechen trauregen Alldag sinn.
Duerfir soll eis als EU net nëmmen dru geleeë sinn,
fir d’Lëscht vun de Krichsverbriechen auszeweiten,
och sollte mir als EU konstant Efforten ënnerhuelen,
fir datt esou vill wéi méiglech Länner de Statut ënnerschreiwen an dem Geriicht zu Den Haag den néidegen Handlungsspillraum ginn.
Et mussen Efforte gemaach ginn, fir datt op d’mannst
déi Länner, déi de Statut de Rome ënnerschriwwen,
awer net ratifizéiert hunn, dësen endlech ratifizéieren. Den Internationale Geriichtshaff huet net an alle
Länner dee beschte Ruff, eebe genau dowéinst. Vill
afrikanesch Länner hate laang Zäit d’Gefill oder hunn
et souguer nach, datt nëmmen hir Biergerinnen a
Bierger, meeschtens Bierger, viru Geriicht gestallt gi
fir verschidde Verbriechen, wärend awer d’Verbriechen um europäesche Kontinent onbemierkt vum Geriicht geschitt sinn.
Och hei huet d’EU e Rôle ze iwwerhuele fir ze weisen,
datt dëst net esou ass oder zumindest net méi esou
ass, datt all Krichsverbriecher, och an den industrialiséierte Länner, sech zu Den Haag verantworte muss.
E konstanten Effort, deen et net ze ënnerschätze gëllt.
Dat gesot, léif Kolleeginnen a Kolleegen, wollt ech
nach profitéieren, fir dem Rapporter fir säin ausféierleche Rapport Merci ze soen. An ech ginn och de Support vun de Piraten fir dëse Projet.
M. Marc Goergen (Piraten) | Ganz gutt!

Zesummenhang posts

Zu Rodange gëtt de Bau vun engem Jugend- a Familljenhotel geplangt. Dëse Projet stéisst op Widderstand vu Biergerinnen a Bierger aus der Gemeng, well
D’Office Sociaux’en hei am Land leeschten ee wichtegen Déngscht, fir deene Leit, déi et hei am Land finanziell net iwwert Ronne packen, ënnert d’Äerm
An mindestens engem Foyer fir Leit déi op Lëtzebuerg geflücht sinn elo am Wanter Zoustänn, déi esou fir Kanner an och Erwuessener net gutt