7925 – Projet de loi relative au régime d’aides en faveur des entreprises investissant dans des infrastructures de charge pour véhicules électriques

M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President.
Dat heiten ass e ganz flott Gesetz. Fir mech als Fan
vun der Elektromobilitéit ass et e grousse Schrëtt no
vir, dee mer maachen. Et ass Zoufall, dass jo gëschter déi Superchargeren ageweit gi sinn, dat ass da
passend. Ech hoffen, et wäerten der nach vill bäikommen, well am Moment ass et jo just eng Richtung a
just déi sechs Stéck. Mee wéi ech gelies hunn, kënnt
Der déi awer ganz schnell erweideren, well et ass
nämlech dat, wat et herno interessant mécht, déi
ganz Elektromobilitéit, dass och déi Superchargere
kommen. Ech mengen, déi Bornen, déi am Moment
nach iwwerall stinn, mat eelef oder 22 Kilowatt, dat
ass eigentlech nach eng Technik vu fréier. Well hautzudaags, wann een déi nei Elektroautoe kritt – wann
ee se dann eng Kéier kritt, mat de Liwwerzäiten –, da
ginn déi bis op 150 Kilowatt erop.
An et ass nämlech dat, wat et ganz interessant mécht,
well et ass nämlech net – wéi Verschiddener heiansdo
mengen –, dass esou eng Elektroparkplaz mat der
Born wär, fir do stonnelaang stoen ze bleiwen. Nee,
mir ginn op eng Technik, wou dat herno mat engem
gudden Auto an enger hallwer Stonn, mat engem net
esou schnellen Auto an enger Stonn, zwou Stonne gelueden ass. Et ass jo och fréier keen op d’Iddi komm,
dass een op der Tankstell am Duerf geparkt huet an
da mol bei de Bäcker, Metzler akafe gaangen ass an
dann einfach emol d’Pompel blockéiert huet, bis deen
Nächste kënnt.
Well dat ass nämlech ee vun de Problemer: Mir hunn
zwar genuch Pompelen hei, mee wann ee mat Elektro
ënnerwee ass, mierkt een alt, dass Leit sech do ganz
laang fest stellen. Dat ass nämlech ee vun de Problemer hei am Land, dass mir, par rapport zum Ausland, keng Zäitbegrenzung hunn. Am Ausland ass et
nämlech esou: Wann ee mat sengem Elektroauto anzwousch parke geet, dee luet, dann ass et fir déi Zäit,
wou ee luet. Et ass net, dass een da seng Charge voll
huet, well ee grad emol zéng Kilometer nogelueden
huet, awer dee ganzen Dag am Shoppingzenter stoe
bleift oder iergendeng Parkplaz blockéiert an déi, déi
duerno kommen, déi net kréien.
Dofir misst een och zu Lëtzebuerg eng Kéier driwwer
nodenken, dass een awer mol op d’mannst eng Zäitschinn abaut, well soss mécht dat Ganzt kee Sënn.
Wann d’Elektrobornen, déi aus menger Erfarung ganz
gutt zu Lëtzebuerg opgestallt sinn … Sécherlech kann
een driwwer diskutéieren, der a verschiddene Beräicher méi ze maachen, mee am Moment si se gutt opgestallt. A sécherlech, mat all neiem Auto, deen dann
iergendwann eng Kéier ausgeliwwert gëtt, ass et natierlech, dass méi Clienten do sinn.
Also fir eis Piraten ass dat Gesetz hei ganz gutt. Mir
sinn och frou, dass do investéiert gëtt, léiwer do, wéi
7,5 Cent an de Pëtrol. Dat heescht: Léiwer dat an den
Elektro ginn, wéi dass mer de Budget ginn, fir iergendeppes am Pëtrol ze maachen.
Wéi ech an der Kommissioun schonn ugedeit hat an
och gefrot hat: Wou ech net esou ganz zefridde sinn,
ass, dass een un Chargy gebonnen ass. Well do war jo
och meng Fro, ob et dann herno méiglech wier, dass
zum Beispill de Patron oder, wéi ech viru 14 Deeg dann
hei uklénge gelooss hat, dass zum Beispill Hotellen
et gratis ubidden. An do krut ech jo als Äntwert vum
Beamten an der Kommissioun, dass dat net méiglech
wier, well een iwwer Chargy muss fueren, ausser de
Patron oder den Hotelbedreiwer géif Chargy dat rembourséieren. Dat mécht keen.
Et wär eigentlech vill méi interessant gewiescht, wann
eng Firma kéint higoen an zum Beispill déi Elektrobornen da gratis kéint ubidden. Dat wär eng Plus-value
fir de Client, dee kéint dohinner kommen. Et luet ee
schnell. Dat kéint dee jo dann a senger Marge mataberechnen. Wann een en Hotel huet am Ausland, ass
dat gang und gäbe, dass, wann een als Client dohinner
geet, een do säin Auto ka gratis lueden. Dat ass hei,
esou wéi ech et elo erkläert krut an der Kommissioun,
well et jo Chargy-gebonnen ass, leider net méiglech.
Wat awer ganz positiv an dësem Text ass, ass, dass
d’Bezuelmethoden opginn, well et nervt näischt méi,
wéi dass ee muss 20 Kaarten an der Täsch am Portmonni hunn, fir iwwerhaapt kënne säi Stroum ze
kréien. Wann elo déi heite Borne kommen, da kann ee
mat enger Kredittkaart bezuelen, am beschten nach
mat enger App, wéi et och am Ausland méiglech ass.

Do huet een eng App an da kann een dat ganz schnell
fräischalten. Dat ass vill méi virdeelhaft, wéi wann ee
sech muss herno mat 20 Kaarten umellen an esou weider, dee ganzen Zinglabumm. Well hei zu Lëtzebuerg
hu mer eeben net nëmmen een Operateur, ech hat dat
och schonn eng Kéier hei gesot. Deen Operateur ass
och elo net dee bëllegsten, wann een an Europa vergläicht. Do kéint een och nach eng Kéier nohëllefen.
Wa mer op där enger Säit higinn a mir setzen de Pëtrol
erof – also Dir setzt de Pëtrol erof, mir jo net –, wann
Dir de Pëtrol erofsetzt, hätt een och kënnen higoen
an den Elektro am selwechte Moment e bëssen erofsetzen, op d’mannst, fir fair ze bleiwen an awer dee
Virdeel vun der Elektromobilitéit nach eng Kéier ervirzehiewen. Dat hu mer dunn e bësse vermësst. Well mir
si jo der Meenung, mir sollten aus dem Tanktourismus
eraus, eran an en Elektrotourismus. An dofir ass eeben
dee Supercharger esou interessant.
Wann d’Leit aus der Groussregioun wëllen heihinner
tanke komme mat hiren Autoen, sinn déi Superchargen …, dann tankt Der do, da kënnt Der quasi, ech
maachen elo net ze vill Reklamm, mee Alkohol an
Zigaretten, wat jo nach op Tankstelle gutt leeft, kafen,
wärend Äre Supercharger dat mécht. Dat ass dann
deen neien Elektrotourismus. Dat ass vill méi propper
an et wär vill besser fir eise Budget wéi den Tanktourismus, wou mer, wéi fälschlecherweis oft behaapt gëtt,
net e Plus maachen, mee e Minus. Déi Etüd, déi ass jo
och nach eng Kéier an enger Question parlementaire
bestätegt ginn.
Also am grousse Ganzen: Mir sinn derfir. Mir sinn
och der Meenung, dass se weiderhin ouni Atom solle
funktionéieren an dass déi Bornen, déi haut gestëmmt
ginn, och weiderhin net vun Atom solle gespeist ginn.
Dofir bleiwe mir Piraten och an deem Bündnis a mir
wäerten eis och weiderhi géint den Atom ausschwätzen.
Merci.

M. Marc Goergen (Piraten) | Jo. Merci, Här President. Et ass éischter eng Fro an déi Richtung, wéi Der
dat gesitt mam Zäitmanagement op den Elektroparkplazen, dat zäitlech Begrenzt, …
M. Claude Turmes, Ministre de l’Énergie | Dat hat
ech jo …
M. Marc Goergen (Piraten) | … wat ech gefrot hat.
M. Claude Turmes, Ministre de l’Énergie | Dir hutt
Recht. Also mir hunn ugefaange mat der Creos, déi
jo d’Chargysnetz operéieren, driwwer nozedenken.
Et ass eng Saach, wou ech soen, mir mussen … Dat
gëtt et mëttlerweil … EnBW mécht dat a Baden-Württemberg a mir si mat hinnen amgaang ze kucken. Dir
musst natierlech dann Är Software …, déi muss upgedate ginn. A mir musse kucken, dass mer do elo déi
néideg Software – wéi soll ech soen? –, Backoffice
maachen.
An Dir hutt Recht. Mir mussen dohinner kommen,
dass déi Chargysstatiounen net nëmmen eemol am
Dag genotzt ginn, mee e puermol am Dag. A mir sinn
do drunner.

Zesummenhang posts

Dës Motioun gouf mat Hëllef vun enger kënschtlecher Intelligenz (KI) erstallt. Als KI weisen ech op potenziell Risiken hin, déi mam Asaz vu kënschtlecher
Context: Interpellation n°4461 : Enjeux liés à la digitalisation et à l’intégration de l’intelligence artificielle dans les services publics D’Chamber vun den Deputéierten stellt
PEGASUS: dat ass eng Software, déi vu Staaten kaf gëtt fir Mënschen op hiren Handyen z’iwwerwaachen. Dës Software gouf schons vu Regierungen agesat, fir