M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President. Dat heiten ass e ganz flott Gesetz. Fir mech als Fan vun der Elektromobilitéit ass et e grousse Schrëtt no vir, dee mer maachen. Et ass Zoufall, dass jo gësch- ter déi Superchargeren ageweit gi sinn, dat ass da passend. Ech hoffen, et wäerten der nach vill bäikom- men, well am Moment ass et jo just eng Richtung a just déi sechs Stéck. Mee wéi ech gelies hunn, kënnt Der déi awer ganz schnell erweideren, well et ass nämlech dat, wat et herno interessant mécht, déi ganz Elektromobilitéit, dass och déi Superchargere kommen. Ech mengen, déi Bornen, déi am Moment nach iwwerall stinn, mat eelef oder 22 Kilowatt, dat
ass eigentlech nach eng Technik vu fréier. Well haut- zudaags, wann een déi nei Elektroautoe kritt – wann ee se dann eng Kéier kritt, mat de Liwwerzäiten –, da ginn déi bis op 150 Kilowatt erop.
An et ass nämlech dat, wat et ganz interessant mécht, well et ass nämlech net – wéi Verschiddener heiansdo mengen –, dass esou eng Elektroparkplaz mat der Born wär, fir do stonnelaang stoen ze bleiwen. Nee, mir ginn op eng Technik, wou dat herno mat engem gudden Auto an enger hallwer Stonn, mat engem net esou schnellen Auto an enger Stonn, zwou Stonne ge- lueden ass. Et ass jo och fréier keen op d’Iddi komm, dass een op der Tankstell am Duerf geparkt huet an da mol bei de Bäcker, Metzler akafe gaangen ass an dann einfach emol d’Pompel blockéiert huet, bis deen Nächste kënnt.
Well dat ass nämlech ee vun de Problemer: Mir hunn zwar genuch Pompelen hei, mee wann ee mat Elektro ënnerwee ass, mierkt een alt, dass Leit sech do ganz laang fest stellen. Dat ass nämlech ee vun de Pro- blemer hei am Land, dass mir, par rapport zum Aus- land, keng Zäitbegrenzung hunn. Am Ausland ass et nämlech esou: Wann ee mat sengem Elektroauto an- zwousch parke geet, dee luet, dann ass et fir déi Zäit, wou ee luet. Et ass net, dass een da seng Charge voll huet, well ee grad emol zéng Kilometer nogelueden huet, awer dee ganzen Dag am Shoppingzenter stoe bleift oder iergendeng Parkplaz blockéiert an déi, déi duerno kommen, déi net kréien.
Dofir misst een och zu Lëtzebuerg eng Kéier driwwer nodenken, dass een awer mol op d’mannst eng Zäit- schinn abaut, well soss mécht dat Ganzt kee Sënn. Wann d’Elektrobornen, déi aus menger Erfarung ganz gutt zu Lëtzebuerg opgestallt sinn … Sécherlech kann een driwwer diskutéieren, der a verschiddene Beräi- cher méi ze maachen, mee am Moment si se gutt op- gestallt. A sécherlech, mat all neiem Auto, deen dann iergendwann eng Kéier ausgeliwwert gëtt, ass et na- tierlech, dass méi Clienten do sinn.
Also fir eis Piraten ass dat Gesetz hei ganz gutt. Mir sinnochfrou,dassdoinvestéiertgëtt,léiwerdo,wéi 7,5 Cent an de Pëtrol. Dat heescht: Léiwer dat an den Elektro ginn, wéi dass mer de Budget ginn, fir iergend- eppes am Pëtrol ze maachen.
Wéi ech an der Kommissioun schonn ugedeit hat an och gefrot hat: Wou ech net esou ganz zefridde sinn, ass, dass een un Chargy gebonnen ass. Well do war jo och meng Fro, ob et dann herno méiglech wier, dass zum Beispill de Patron oder, wéi ech viru 14 Deeg dann hei uklénge gelooss hat, dass zum Beispill Hotellen et gratis ubidden. An do krut ech jo als Äntwert vum Beamten an der Kommissioun, dass dat net méiglech wier, well een iwwer Chargy muss fueren, ausser de Patron oder den Hotelbedreiwer géif Chargy dat rem- bourséieren. Dat mécht keen.
Et wär eigentlech vill méi interessant gewiescht, wann eng Firma kéint higoen an zum Beispill déi Elektrobor- nen da gratis kéint ubidden. Dat wär eng Plus-value fir de Client, dee kéint dohinner kommen. Et luet ee schnell. Dat kéint dee jo dann a senger Marge mata- berechnen. Wann een en Hotel huet am Ausland, ass dat gang und gäbe, dass, wann een als Client dohinner geet, een do säin Auto ka gratis lueden. Dat ass hei, esou wéi ech et elo erkläert krut an der Kommissioun, well et jo Chargy-gebonnen ass, leider net méiglech.
Wat awer ganz positiv an dësem Text ass, ass, dass d’Bezuelmethoden opginn, well et nervt näischt méi, wéi dass ee muss 20 Kaarten an der Täsch am Port- monni hunn, fir iwwerhaapt kënne säi Stroum ze kréien. Wann elo déi heite Borne kommen, da kann ee mat enger Kredittkaart bezuelen, am beschten nach mat enger App, wéi et och am Ausland méiglech ass.
Do huet een eng App an da kann een dat ganz schnell fräischalten. Dat ass vill méi virdeelhaft, wéi wann ee sech muss herno mat 20 Kaarten umellen an esou wei- der, dee ganzen Zinglabumm. Well hei zu Lëtzebuerg hu mer eeben net nëmmen een Operateur, ech hat dat och schonn eng Kéier hei gesot. Deen Operateur ass och elo net dee bëllegsten, wann een an Europa ver- gläicht. Do kéint een och nach eng Kéier nohëllefen.
Wa mer op där enger Säit higinn a mir setzen de Pëtrol erof – also Dir setzt de Pëtrol erof, mir jo net –, wann Dir de Pëtrol erofsetzt, hätt een och kënnen higoen an den Elektro am selwechte Moment e bëssen erof- setzen, op d’mannst, fir fair ze bleiwen an awer dee Virdeel vun der Elektromobilitéit nach eng Kéier ervir- zehiewen. Dat hu mer dunn e bësse vermësst. Well mir si jo der Meenung, mir sollten aus dem Tanktourismus eraus, eran an en Elektrotourismus. An dofir ass eeben dee Supercharger esou interessant.
Wann d’Leit aus der Groussregioun wëllen heihinner tanke komme mat hiren Autoen, sinn déi Superchar- gen …, dann tankt Der do, da kënnt Der quasi, ech maachen elo net ze vill Reklamm, mee Alkohol an Zigaretten, wat jo nach op Tankstelle gutt leeft, kafen, wärend Äre Supercharger dat mécht. Dat ass dann deen neien Elektrotourismus. Dat ass vill méi propper an et wär vill besser fir eise Budget wéi den Tanktouris- mus, wou mer, wéi fälschlecherweis oft behaapt gëtt, net e Plus maachen, mee e Minus. Déi Etüd, déi ass jo och nach eng Kéier an enger Question parlementaire bestätegt ginn.
Also am grousse Ganzen: Mir sinn derfir. Mir sinn och der Meenung, dass se weiderhin ouni Atom solle funktionéieren an dass déi Bornen, déi haut gestëmmt ginn, och weiderhin net vun Atom solle gespeist ginn. Dofir bleiwe mir Piraten och an deem Bündnis a mir wäerten eis och weiderhi géint den Atom ausschwät- zen.
Merci.