7909 – Projet de loi portant modification de la loi modifiée du 18 juillet 2018 sur la Police grand-ducale

M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President.
D’Gesetz ronderëm de sougenannte Platzverweis war
fir eis Piraten keng einfach Entscheedung. Mir hu vill
missen ofweien. Op där enger Säit verstinn ech déi
Leit, déi heemkommen an hir Entrée ass blockéiert.
Si hunn doheem Problemer, si kommen net eran. Och
wann ech mer dat bei mir elo einfach virstellen, wann
ech da mat de Kanner géif heemkommen …, et ass
elo net dat, wat ech mer all Owend géif wënschen.
Dofir verstinn ech, dass dee Platzverweis muss kommen an dass et Situatioune gëtt, wou eeben eng
Police déi Méiglechkeet muss kréien, well eeben
d’Fräiheet vun engem aneren a Gefor ass, well een en
anere blockéiert an deementspriechend esou eppes
muss sinn.
Op där anerer Säit hu mer awer esou vill sozial Problemer am Land an esou vill Fäll, déi vläicht keng
aner Alternativ hunn, wéi en Agang ze blockéieren.
Huele mer elo den déiwe Wanter: vill Leit, déi op
der Strooss sinn. A kuckt een eng Kéier zum Beispill
d’Aarbecht vun de Street Angels – et gëtt der ëmmer
méi. Dëse Wanter waren d’Zuelen erëm explodéiert
vu Leit, déi keen Daach iwwert dem Kapp haten, déi
eppes gesicht hunn. Da schléit op där enger Säit bei
der Entscheedung vum Platzverweis awer d’Häerz och
fir … Ech weess, dass et desagreabel ass, wann een
een an der Entrée leien huet, mee, bei minus 10 Grad
dobaussen, wann dat deem awer op där anerer Säit
vläicht d’Liewe rett! Dat ass eeben dee Problem, dee
mer hei hu mat deem Platzverweis: op där enger Säit
esou, op där anerer Säit esou.
Dofir sinn ech och haut der Meenung, dass et esou, wéi
et geschriwwen ass, fir mat där softer Versioun – well
dat ware jo länger Diskussiounen an der Kommissioun – elo emol unzefänken, eigentlech eng gutt Etapp
ass, dass mer net direkt op déi vill méi streng Mesurë
ginn, well et eebe Leit sinn, déi a schwéiere Fäll sinn. Et
däerf ee jo net soen, dass jiddereen, dee mat Drogen a
Kontakt ass, e Kriminelle wär, wann deen an der Entrée
läit oder iergendzwousch ass. Déi si jo selwer gesondheetlech ugeschloen. Déi hu selwer hir Problemer ze
droen. Dofir muss een do wierklech awer herno och
mat Verstand an Häerz, och als Police, virgoen.
Dofir ass et gutt, dass am Text elo emol eng soft
Variant kënnt, wou ee sécherlech an een, zwee Joer
eng Kéier muss kucken, wou se higefouert huet. Ware
Problemer do? Gouf vläicht ze oft een ewechgeholl,
deem seng lescht Méiglechkeet dat awer war fir ze
iwwerliewen? Well et ass einfach gesot: „Jo, déi kënnen an eng Wanteraktioun.“ Ech weess awer ganz
genau, dass déi voll war am Wanter! Déi Leit kënnen
dann néierens hin. Dat sinn einfach Problemer, déi
opstinn.
An zu där Fro virdrun, déi ech dem Här Benoy wollt
stellen: Jo, Streetworker, ech si vollkommen averstane
mat Iech! Ech sinn och averstane mat der gesellschaftlecher Politik, déi Der hei virgestallt hutt. Mee
Dir hutt gesot: „Méi Streetworker“. Jo! Mee déi kommen awer net!
Zum Beispill, mir als Gemeng – an d’Gesetz hei ass jo
fir d’ganzt Land dann, mir schwätzen déi ganzen Zäit
iwwert d’Stad Lëtzebuerg, mee et wäert fir all d’Gemenge sinn –, mir als Gemeng hunn e Streetworker ugefrot beim Ministère. Mir hunn e Refus kritt! An
dunn hu mer gesot kritt, dat wär an anere Gemengen
dee selwechte Fall. Dat heescht: Dir kommt heihinner, Dir werft deenen anere Populismus an alles vir,
mee Dir selwer als Regierungsparteie refuséiert awer
dann de Gemengen, déi eppes wëlle maachen, de
Streetworker!
M. François Benoy (déi gréng) | Ech sinn net zoustänneg fir déi dote …
M. Marc Goergen (Piraten) | Dofir sidd Dir dann net
zoustänneg, ok! Et ass notéiert, ok.
(Brouhaha et interruptions)
D’Regierung ass net dofir zoustänneg, ok.
Ech ka just soen: Dat sinn all déi Elementer, déi mussen
an dee Plang materageholl ginn. Well mir maachen
haut vläicht déi e bësse méi repressiv Moossnamen.
Mir mussen awer op där anerer Säit och dat anert alles
ausbauen. Mir brauchen eng aner Drogepolitik. Mir
mussen déi Jonk upaken. Mir musse kucken, dass mer
mam Logement weiderkommen. Well et kann ee jo net
mengen, an dat ass e bëssen dat, wat mech an den
Diskussiounen heiansdo stéiert … Et gëtt vläicht een,
zwee Modellen, mee et ginn der net vill, déi fräiwëlleg
eng Dier blockéieren oder fräiwëlleg do leien. Déi Leit
sinn an enger Situatioun, wou et dat erfuerdert huet.
An do muss de Staat upaken: fir deene Leit eng aner
Hëllef ze ginn. Da muss d’Police emol net geruff ginn,
da muss d’Police net kommen. Well ech weess och,
dass et desagreabel ass fir d’Policebeamten. Et huet
ee jo och als Politiker vill Kontakt mat de Policebeamten. A wann déi mussen ee bei enger Dier ewechhuelen, dat ass och net elo dat Schéinst, wat se sech am
ganzen Dag kënne virstellen.
Dofir, dat heite Gesetz wäerte mir haut matstëmmen,
mee mir froen awer och ganz kloer op där anerer
Säit vill méi sozial Mesuren, fir de Leit ze hëllefen.
A mir wären och frou gewiescht, dat hat ech an der
Kommissioun jo ugeschwat, wann den Term – wat de
Staatsrot, wann ech mech richteg erënneren, jo och
kritiséiert hat – vum „bâtiment“ … Dat ass einfach
schlecht gewielt. Dat ass keng propper Aarbecht am
Text. Ech froe mech an ech weess och net, firwat de
Minister net dorop reagéiert huet. De Staatsrot huet
et kritiséiert. Dunn hu mer et nach eng Kéier an der
Kommissioun opgegraff. Et wollt awer keen drop
agoe vun der Regierung. An et ass awer en Term,
deen herno um Terrain de Beamte sécherlech nach
wäert Kappzerbrieches maachen, wat dann elo „bâtiment“ ass a wat eppes … Dat hätt ee kënne vill méi
propper léisen.
Dat selwecht ass et mat dem – dat hat ech jo och
gefrot an der Kommissioun – Problem mat de Residenzen. Dat wäert virun allem an der Stad e Problem sinn: déi éischt an déi zweet Dier an enger
Residenz. Et ass een nach net um Privatterrain, bei
engem an der Wunneng, mee wéi oft gëtt eng Schell
opgedréckt? Dat wäert elo e Phenomeen sinn, dee
geschitt, dat heescht, mir hunn herno e Platzverweis
hei, wou bei der éischter Dier de Mann do ewechgeholl gëtt – déi kréien dat jo dann och schnell spatz –,
da geet e bei déi zweet leien, déi awer erëm fir jiddereen ass, wat dann eng Aart Servitude ass, wou dann
erëm de Problem entsteet.
Dat sinn eeben alles Saachen, wou een an engem
oder zwee Joer ganz kloer nach eng Kéier muss
kucken, wéi dat sech iwwerhaapt entwéckelt huet.
Well ech hunn ëmmer e bësse Matleed mat de
Beamten, déi et herno mussen ausféieren. Wann
hei am Text Terme wéi „bâtiment“ oder esou net
kloer sinn, sinn et herno d’Beamten um Terrain, déi
mussen d’Entscheedungen huelen. An herno, wann
iergendeppes schifleeft, wësse mer jo, dass si herno
eng an d’Akaul kréien, an dat ass …
Ech hätt mer gewënscht, dass do dem Staatsrot nogelauschtert gi wär an dass een do déi Verbesserunge
matagebaut hätt. Mir stëmmen dem Gesetz haut
mat Bauchwéi zou, mee mir verstinn awer déi Leit,
déi an enger Situatioun sinn, dass se e Platzverweis
brauchen.
Merci.
M. Sven Clement (Piraten) | Ganz gutt!

M. Marc Goergen (Piraten) | An der Chamber soll ee
richteg Zuelen nennen!

Zesummenhang posts

Zu Rodange gëtt de Bau vun engem Jugend- a Familljenhotel geplangt. Dëse Projet stéisst op Widderstand vu Biergerinnen a Bierger aus der Gemeng, well
D’Office Sociaux’en hei am Land leeschten ee wichtegen Déngscht, fir deene Leit, déi et hei am Land finanziell net iwwert Ronne packen, ënnert d’Äerm
An mindestens engem Foyer fir Leit déi op Lëtzebuerg geflücht sinn elo am Wanter Zoustänn, déi esou fir Kanner an och Erwuessener net gutt