7906 – Projet de loi portant dissolution et liquidation de l’hospice civil de la Ville de Remich, dénommé « Jousefshaus »

M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President.
Merci dem Gilles Baum. Och wa mäin Urgroussbop vu
Réimech war, hunn ech awer am Rapport villes bäigeléiert.
De Projet a sech ass gutt. Ech hat och an der Kommissioun jo dofir e puer Froen dozou gestallt. Et ass
natierlech schwiereg fir eis als Chamber erauszefannen, firwat déi finanziell Problemer wierklech
opgetruede sinn, mee dofir hat ech jo d’Fro gestallt,
ob déi Scholden da mat eriwwerginn. An do hat d’Madamm Ministesch mir jo ganz kloer Nee geäntwert,
soudass dat fir eis awer do emol zefriddestellend ass.
Well et wär net gutt gewiescht an eisen Aen, wann
een déi Scholde mat iwwerholl hätt.
Op där anerer Säit gëtt awer d’Personal mat iwwerholl. Dat ass ganz positiv, soudass och d’Personal eng
gewësse Sécherheet huet. Ech weess: Et weess een
net, wat a fënnef, zéng Joer ass, mee op d’mannst hu
se awer elo emol eng Sécherheet, soudass mir dee
Projet haut wäerte matstëmmen.
Merci.
M. Fernand Etgen, Président | Merci villmools, Här
Goergen.
D’Regierung huet d’Wuert, d’Madamm Familljeministesch Corinne Cahen.
Prise de position du Gouvernement
Mme Corinne Cahen, Ministre de la Famille et de
l’Intégration | Jo, villmools merci, Här President. Dir
Dammen an Dir Hären, erlaabt mer fir d’éischt emol,
dem Rapporter villmools Merci ze soe fir säin exzellente Geschichtscours, säin exzellente schrëftlechen
a mëndleche Rapport. Ech mengen, do steet alles
dran. Ech géif just gären nach eng Kéier preziséieren,
dass et hei ëm d’Mënsche geet, déi zu Réimech am
Jousefshaus wunnen, dass et ëm d’Qualitéit vun der
Prise en charge geet an dorëms, dass si och weiderhi
kënnen do wunne bleiwen an dass se vun enger ganz
héijer Qualitéit, souwuel beim Personal wéi och soss,
begleet ginn a betreit ginn. Dorëms geet et emol an
éischter Linn. Et geet ëm d’Leit an ëm d’Awunner.
Ech sinn dofir och ganz frou, dass Servior bereet war,
dat Haus ze iwwerhuelen als 16. Haus vu Servior hei
am Land, wéi d’Gemeng am Fong u si erugetruden
ass. Et geet awer net nëmmen drëms, dass d’Leit a
beschtméigleche Konditioune liewen. Et geet och
drëms, dass d’Personal a ganz gudden Aarbechtskonditioune ka schaffen.
Doduerch, dass Dir haut dëst Gesetz stëmmt, geet
d’Jousefshaus, wéi gesot, eriwwer u Servior. D’Bewunner kënnen esou vun der paramedezinnescher, der
sozialer, administrativer, technescher a logistescher Expertis an Infrastruktur vu Servior profitéieren.
Ech wëll awer och soen, dass, grad wéi déi aner Haiser vu Servior, och dat heiten Haus wäert seng Identitéit a seng Séil behalen. D’Jousefshaus zu Réimech,
wéi et gesot ginn ass, do ass eng Miseler Identitéit,
an déi wäert och esou weidergefouert ginn.
Da géif ech awer gären hei nach soen, dass ech et
immens schued fannen, dass ech et wierklech regrettéieren, dass hei en Amalgamm gemaach gëtt mat
engem anere Gesetz, wat mer e Méindeg de Moien,
Madamm Cecchetti, beschwat hunn an der Familljekommissioun. An Dir hutt den Amendement matgestëmmt! Also ass dat hei nëmme schlechte Wëllen,
wat Der hei maacht, …
(Interruptions)
… well hei gëtt net privatiséiert!
Et wäert ni privatiséiert gi bei Servior. Ganz au
contraire! Et geet ëm d’Qualitéit, et geet ëm d’Héichhale vun der Qualitéit an och vun den Aarbechtskonditiounen. An dat, wat Dir gesot hutt, ass einfach
faktesch falsch! An Dir wësst et, well Dir waart an där
Kommissioun an Dir hutt den Amendement matgestëmmt. Also probéiert Der hei just nëmme schlecht
Blutt ze maachen an eppes ze soen, wat vläicht Ärer
Gewerkschaft gefält, mee awer wat total falsch ass! Ech
wëll dat hei eng Kéier gesot hunn!
An d’Madamm Modert géif ech gär rassuréieren:
D’Präisser wäerten net an d’Luucht goen, mee et wäerten déi nämmlecht bleiwen. Voilà.
Villmools merci.

Zesummenhang posts

Am Juli 2023 hat ech dem Minister e puer Froen zum Subside de Qualité+ an dem Règlement grand-ducal vum 23ten Dezember 2016 gestallt (Fro
Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.
Deutsche Version weiter unten. De Walprogramm vun de Piraten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit