7896 – Débat d’orientation sur le rapport d’activité de l’Ombudsman (2020)(suite)

M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President.
Et ass e ganz wichtege Rapport, well en eng Kéier der
Chamber erëmspigelt, wat eigentlech d’Problemer
am Land sinn, well se eis Problemer am Staat sinn,
dee mir jo als Chamber vertrieden. An et ass awer och
positiv, dass der ganz vill, iwwer 80 %, konnte geléist
ginn. Dat ass de positiven Aspekt dobäi.
E grousse Merci un d’Madamm Monti an hir ganz
Ekipp. An Dir hutt och eis voll Ënnerstëtzung, wann
Der all déi kriddeleg Fäll ugitt, well dat sinn déi, déi
ech mer e bëssen am Rapport erausgepickt hunn. Et
si ganz interessant, kriddeleg Fäll. Dëst Joer wäert
ech mech op d’Steierverwaltung konzentréieren. Do
ware ganz interessant Sätz am Dokument. A mir Piraten stinn och derzou, dass, wann den Ombudsman
weidert Personal oder Opstockunge bräicht, dass mir
deem géifen zoustëmmen, well méi Bierger am Land
bedeit och méi Aarbecht fir den Ombudsman.

Dat Digitaalt, jo, ech hu mer dat e bëssen am Rapport
ugekuckt, ech muss awer och ganz éierlech soen, wat
dat d’Digitaalt ubelaangt, do war villes 2020. An der
Tëschenzäit huet an der Coronaepidemie virun allem
de Minister fir Digitales ganz villes nei op de Wee
bruecht a sécherlech ass villes, wat 2020 an deem
Rapport zu Recht nach kritiséiert ginn ass an och esou
war, elo awer trotzdeem e Schrëtt weider.
Ech wëll elo net de Minister ze vill luewen a soen,
alles wär perfekt, mee en huet awer villes op de Wee
bruecht, wat an déi richteg Richtung geet, wat dat
Digitaalt ubelaangt. An ech sinn och sécher, dass vill
Bierger dat benotzen – zumindest ass dat de Feedback, deen ech vun de Bierger kréien –, sief et de Guichet, sief et déi nei Appen, an dass dat ganz gutt ukënnt.
Bei der Steierverwaltung, do huet mech virun allem
ee Punkt gestéiert, deen am Rapport ze fannen ass,
an zwar ass dat dee Punkt: „Saisie sur les remboursements de la CNS“. Ech hat mer deen dunn och an der Finanzkommissioun e bësse méi laang erkläre gelooss, well ech mer eigentlech, ier ech de Rapport gelies hat, net konnt virstellen, dass eis Steierverwaltung géif higoen a Saisien op der CNS (veuillez lire: op CNS-Remboursementer) maachen.
Aus dem Rapport geet ervir, dass déi Persoun
schwéier krank war an dass duerno déi Remboursementer vun der CNS, wéi si dunn hirer Aarbecht net
méi konnt nogoen, an enger Saisie gelant sinn. Do hu
mer dann e bëssen an deem ganzen Dossier gewullt
an och d’Steierverwaltung gefrot, wéi dann alleguerten déi Prozedure sinn. Do sinn dunn nach e puer
Question-parlementairen nokomm.
An ech muss soen, ech hat herno nach méi Bauchwéi,
wéi ech gelies hunn, wéi et bei der Steierverwaltung
geet, well en plus ass et e bëssen esou e Menu à la
tête du client. Dat ass dat, wat aus de Question-parlementairen erauskomm ass. An dat ass och e bëssen
dat, wat am Rapport steet. Et ass nämlech esou, dass
een eigentlech d’Chance muss hunn, dass een op e
gudde Receveur fält, dee vläicht méi sozial agestallt
ass a vläicht dem Bierger éischter entgéintkënnt.
Wann een awer op e méi knallhaarde fält, hat een
einfach Pech. An dat ass och dat, wat d’Madamm
Monti an hirem Rapport kritiséiert, a si schreift richteg: „D’Gesetzer ginn zum Deel bei der Steierverwaltung iwwerinterpretéiert.“ Si setzt se méi staark
duerch, wéi eigentlech de Gesetzgeeber, also mir, et
virgesinn hunn.
An dat ass wierklech e Punkt, dee mer als Chamber
eng Kéier misste méi déif diskutéieren, virun allem an
der Finanzkommissioun, ob d’Steierverwaltung net
awer heiansdo ze haart duerchgräift, wann et drëms
geet, déi Steieren anzedreiwen, grad wann et esou
Fäll sinn – bon, krank ginn oder aner Problemer, dat
kann ëmmer virkommen –, an dass dat dann zu esou
Problemer féiert!
Et ass a mengen Aen net d’Aufgab vun enger Steierverwaltung, fir d’Leit herno quasi dann an de Bankrott ze dreiwen, wa se scho Problemer hunn. An do
ass et och ganz kloer, dass mir Piraten fuerderen,
dass op dem Relevé, deen ee kritt, vill méi Méiglechkeete stinn, dass ee sech ka mellen, fir de Recouvrement vill méi einfach kënnen ofzebezuelen. Kucke
mer e Beispill, elo rezent, do hat de Sven Clement eng
Question parlementaire gestallt: Do si ganz vill Leit,
déi mussen eng Steierschold vun einfach emol 50.000
Euro op ee Coup zréckbezuelen. Do stellt ee sech da
Froen, wéi esou eppes iwwerhaapt maachbar ass,
wann ee bedenkt, dass déi Leit jo awer nach Famill
hunn a Prêten an esou weider ze bezuelen hunn.
Wat déi eenzel Méiglechkeeten elo an der Steierverwaltung selwer ugeet, fir de Leit ze hëllefen, do hate
mer eng Question parlementaire gestallt, fir nach
eng Kéier méi Detailer ze kréien zum Rapport vun der
Madamm Monti. A leider gëtt et do weeder eng spezifesch Formatioun nach soss iergendeppes, fir d’Mataarbechter dorop virzebereeden.
Ech muss Iech soen, mir hunn heiansdo bei eis am
Büro vun de Piraten ganz tragesch Fäll. D’Leit ruffen eis
jo ganz vill un, wa se Problemer hunn, fir eis drop opmierksam ze maachen. An do sinn och oft Problemer
mat Steierverwaltungen – ech huelen un, net eleng
mat der Steierverwaltung, mir haten der och mat der
TVA, dem Enregistrement, mee virun allem mat der
Steierverwaltung –, wou eis Mataarbechter da quasi
mussen de psychologeschen Déngscht maachen, well
déi Leit bei der Steierverwaltung net gehollef kréien. A
mir Piraten stellen eis do vir, dass d’Steierverwaltung
de Bierger awer do vill méi kéint entgéintkommen,
well net all Bierger herno déi Méiglechkeet huet. Bon,
et ass och immens komplizéiert, alleguerten déi eenzel Punkten a Bréiwer vun der Steierverwaltung do ze
liesen. Dofir stelle mir eis vir, dass et vill méi einfach
verfaasst wär (veuillez lire: verfaasst misst sinn).
Dann nach eppes, op dat ech a mengem Rapport
2018 schonn agaange war, dat ass déi Geschicht vum
Service public, wou de Staat immens vill Gelder dran
investéiert, mee d’Ombudsman keen Accès huet. 2018
hate mer dat schonn an deem Rapport dofir extra virbruecht an ech hu gesinn, dass et dës Kéier nach eng
Kéier drasteet. An ech sinn dann ëmmer e bësse wibbeleg an ech hunn net gären, wann eppes e puermol
muss an de Rapporte stoen.
Dofir hunn ech eng Resolutioun matbruecht, wou mer
froen, dass dat soll geännert ginn an dass deementspriechend och den Ombudsman Zougang soll kréien
zu den eenzelne Services publics – elo hunn ech se
fonnt, et ass d’Recommandatioun Nummer 51 vum
Ombudsman, déi solle mer nach 2023 ëmsetzen –, wat
fir eis e ganz wichtege Punkt ass. Do falen d’Seniorien,
d’Crèchen an allméigleches drënner. Et ka jo net sinn,
dass déi Leit, wann déi awer trotzdeem do betraff sinn,
net déi Méiglechkeet kréien, dass den Ombudsman
do Zougang huet. Mir schwätzen do jo awer vu Steiergelder, déi verwennt ginn. An am Fall, wou eppes sollt
schifgoen, an ech mengen, dat kann nun emol an all
Verwaltung, Administratioun oder Service public eng
Kéier geschéien, och wann et e ganz gerénge Prozentsaz ass, si mir der Meenung, dass d’Ombudsman och
sollt Zougang hunn. Dofir hunn ech haut déi Resolutioun matbruecht.
An nach e grousse Merci un d’Nathalie Oberweis
a virun allem un de Joé Spier a seng Ekipp, déi dat
Ganzt mam Rapport begleet hunn. An och alleguerten de Kommissiounen zesumme merci, well ech hu
matkritt, dass all eenzelne Sekretär vun de Kommissioune ganz vill Aarbecht all Joer mat deem formidabele Rapport huet. Mee en ass immens wichteg, well en der Chamber eng Kéier virun Ae féiert, wou
nach Problemer sinn a wat een onbedéngt misst verbesseren.
Dofir wär ech och frou, wann d’Analyse vun deem
Rapport herno och verwäert géife ginn, fir eppes
draus ze maachen. Mir mussen net all Joer einfach
widderhuelen, wat schonn d’Joer virdrun drastoung,
mee mir musse kucken: Wat kënne mer konkreet mat
deem Rapport maachen? Wat kënne mer konkreet als
eenzel Kommissioun hei an der Chamber weiderginn,
fir dass mer kënnen eppes Besseres maachen? Et ass,
fir de Bierger méi zefridden ze maachen, an et ass, fir
d’Bild vum Staat ze verbesseren.
Merci.
Résolution 1
D’Chamber vun den Deputéierte stellt fest:
– den Ombudsman an hir Ekipp droen zu enger Verbesserung vun eise Verwaltunge bäi a sinn eng wäertvoll Ulafstell fir eis Biergerinnen a Bierger;
– den Ombudsman huet laut Artikel 2 vum Gesetz vum 22.
August 2003 d’Aufgab, fir d’Uwendung vun internationale
Konventiounen ze kontrolléieren;
– de Staat huet eng Verantwortung, fir d’Établissements
de droit privé chargés d’une mission de service public
ze kontrolléieren, an dës sollten och vum Ombudsman
kontrolléiert kënne ginn;
– d’Biergerinnen a Bierger hu laut dem Code de conduite
vun der Fonction publique e Recht op eng Äntwert a sollten och e Recht hu fir ze wëssen, wéini dës Äntwert spéitstens wäert kommen;
– dass d’Recommandatioun Nummer 51 schonn Deel vu
viregte Rapporte war, esou zum Beispill am Rapport 2018.
Aus dëse Grënn decidéiert d’Chamber vun den Deputéierten,
– d’Recommandatioun Nummer 51 vum Ombudsman bis
2023 ëmzesetzen.
(s.) Marc Goergen.

M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President.
Also ech hat dat dote schonn 2018 a mengem Rapport stoen. Dofir ass et mer nämlech opgefall. Do stoung genau dat selwecht. An dofir verstinn ech elo dem Här Marc Hansen – vun der Chamber, dem Deputéierte Marc Hansen – seng Remark net, well deemools stoung och scho ganz genau dran, dass misst eng „commission parlementaire compétente enfin
discuter cette recommandation“.
Ech mengen, mir kënnen et all Joer nach eng Kéier
ofstëmmen an engem Rapport, wou dann näischt
geschitt. Ech sinn och gäre bereet ze soen, mir loossen déi doten elo en attente, a wann näischt geschitt ass an zwee Méint, da bréngen ech se erëm.
An och, dass mer an der Kommissioun virdrun eng
Kéier driwwer diskutéieren a se dann ëmsetzen. Mee
ech wëll awer net, dass elo einfach gesot gëtt: „Dat
steet an engem Rapport“, an da geschitt erëm Joren
näischt!
Ech si bereet, se en attente ze halen, fir dass mer an
der Kommissioun driwwer diskutéieren, …
(Interruption)
Gelift?
(Interruption)
… a se „en veilleuse“ ze halen …
(Brouhaha)
… an dann erëmzebréngen, sollt näischt geschéien.
Merci.

Zesummenhang posts

Zu Rodange gëtt de Bau vun engem Jugend- a Familljenhotel geplangt. Dëse Projet stéisst op Widderstand vu Biergerinnen a Bierger aus der Gemeng, well
D’Office Sociaux’en hei am Land leeschten ee wichtegen Déngscht, fir deene Leit, déi et hei am Land finanziell net iwwert Ronne packen, ënnert d’Äerm
An mindestens engem Foyer fir Leit déi op Lëtzebuerg geflücht sinn elo am Wanter Zoustänn, déi esou fir Kanner an och Erwuessener net gutt