M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Léif
Kolleeginnen a Kolleegen, wéi mer elo schonns e puermol héieren hunn, enthält dësen Text jo net nëmmen
eng einfach Modifikatioun, mee ganz villfälteg Modifikatiounen. An duerfir wëll ech och domadder ufänken,
dem Rapporter Merci ze soe fir déi detailléiert Presentatioun vum Kommissiounsrapport.
Et goufe vill kleng Upassunge gemaach, déi Begrëfflechkeete vereenheetlechen, d’Lieserlechkeet am
Text verbesseren, an och datt gewëssen Dispositiounen elo endlech gesetzlech verankert sinn an net
méi op engem Reglement baséieren, wat se u sech
jo net hätten däerfen, ass eng wichteg Verbesserung vun der legaler Basis. An ech soen dat ëmmer erëm: Wann eng Verbesserung vun der legaler Basis kënnt, dann ass dat als Éischt emol eng gutt Saach.
Ech begréissen duerfir all dës Upassungen, wäert
duerir haut och net eenzel op se agoen. Ech mengen,
soss si mer bis muer amgaang, esou vill verschidden
Ännerunge sinn dran. Si wäerten den Text verbesseren, mee d’Aarbecht um Terrain net forcement esou
beaflosse wéi d’Schafe vun den neien Divisiounen
um IFEN, op déi ech mech dann awer de Rescht vu
menger Riednerzäit konzentréiere wëll.
Engersäits soll jo de Service vum SCRIPT vum IFEN iwwerholl ginn. An anerersäits sollen och nach zwou ganz
nei Divisioune geschaaft ginn, eng fir d’Formatioun
vum Personnel dirigeant an eng fir den Accompagnement professionnel et psychosocial. Grad déi zwee
lescht kéinte fir den Terrain e grousse Mehrwäert
duerstellen, wann d’Ausféierung esou gestalt gëtt, datt
hir Aktivitéiten och e reellen Impakt op d’Personal aus
de Schoule wäert hunn an de Waasserkapp net just
vergréissert gëtt. Ech hunn do wierklech grouss Hoffnungen, datt dat wäert en Erfolleg ginn.
D’Erausfuerderungen, deenen d’Enseignanten nämlech géintiwwerstinn, ginn ëmmer méi villfälteg an
ëmmer méi Persounen empfannen de Beruff als
ustrengend. Do ass et sécher net verkéiert, den Accompagnement ze verbesseren. Mee natierlech däerf
een och net vergiessen, datt et net just dierf dorëms
goen, eng kontinuéierlech Symptombehandlung ze
maachen, wärend den eigentleche Problem, nämlech
d’Aarbechtskonditiounen um Terrain, onverännert
géif bleiwen.
Am Kader vun der haut nach ustoender Aktualitéitsstonn wäerte mer jo nach emol spezifesch op de Fall vum Personal aus de Centres de compétences agoen.
Mee och beim regulären Unterrecht an och bei de
Cycle-Cheffen, de Presidenten an den Direktere gëtt
et ëmmer méi Stëmmen, déi soen, datt déi wuessend
Aarbechtsbelaaschtung sou lues awer sécher erdréckend gëtt. An dat dréit net dozou bäi, datt d’Leit am Beruff bleiwen oder de Beruff fir déi jonk Generatioune méi attraktiv gëtt.
Dofir ass et wichteg, datt nieft dem Accompagnement
vum IFEN och mat de Gewerkschaften um Terrain zesummegeschafft gëtt, fir d’Aarbechtskonditiounen ze verbesseren, an dat op allen Niveauen: vun de Centres de compétences iwwert de regulären Unterrecht bis erop bei de Personnel dirigeant. Well do wësse mer
alleguerten, datt den Dialog tëscht der Regierung an de Representantë vun den Aarbechterinnen an Aarbechter nach staark verbessert kéint ginn.
Dat gesot ginn ech wéi ugekënnegt den Accord vun
de Piraten zu dësem Text an ech soen elo scho Merci.
M. Marc Goergen (Piraten) | Ganz gutt!
- January 14, 2025
- 3:41 pm
- Parlamentaresch Froen, Police & Arméi
D’Ukrain-Kontaktgrupp huet sech eng leschte Kéier zu Ramstein getraff, ier den Donald Trump nees säin Amt untrëtt. Dës Grupp war an der Vergaangenheet zentral