7891 – Projet de loi portant approbation de la déclaration unilatérale du Gouvernement du Grand-Duché denLuxembourg définissant les modalités de la poursuite transfrontalière en application de l’article 41, paragraphe 9, de la Convention d’application de l’Accord de Schengen du 14 juin 1985 entre les Gouvernements des États de l’Union économique du Benelux, de la République fédérale d’Allemagne et de la République française relatif à la suppression graduelle des contrôles aux frontières communes, signée à Schengen, le 19 juin 1990

M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President.
Jo, Här Lamberty, Dir hutt Recht! Ech komme mir es
net méi zou. Also, wann ech mech nach erënneren un
d’Diskussioune vun den Demonstratiounen a wat net
nach alles, déi den Här Kartheiser hei ugefouert huet,
an elo kënnt en hei an hätt gär méi Sécherheet. Also
ech weess net, a wéi enger Welt ech liewen!
Mee zum Projet: Natierlech wäerte mir dat matstëmmen. Och merci un d’Stéphanie Empain fir de gudde
Rapport. Ech liewen an engem Dräilännereck do ënnen zu Péiteng. De Gangster weess net, wann en zu
Rodange duerch de Rond-point fiert, a wéi engem
vun deenen dräi Länner en nach ass.
(Hilarité)
Dofir ass et wichteg, dass mer do grenziwwerschreidend ënnerwee sinn, well et mierkt een et och, wann
een …
Une voix | E weess net, wou en ass.
(Hilarité)
M. Marc Goergen (Piraten) | … grad mat de Polizisten
do ënnen um Terrain schwätzt. Da soe se, dass et genau dat doten ass, wat se brauchen, well de Gangster
soss op eemol fort ass a si stoe musse bleiwen. An ech
mengen, déi Situatioun dierfe mer net akzeptéieren an
deementspriechend ass dat heite Gesetz haut gutt.
A mir hunn elo gutt Erfarunge gemaach mat dem
Benelux-Traité, deen elo schonn dräi, véier Méint a
Kraaft ass, wou d’Poliziste just positive Feedback ginn
hunn. Da wäert dat och elo mat Frankräich an Däitschland de Fall sinn.
Merci.
M. Fernand Etgen, Président | Merci, Här Goergen.
M. Sven Clement (Piraten) | Ganz gutt!

Zesummenhang posts

D’Situatioun um Wunnengsmaart huet sech an deene leschte Joren immens geännert. Zënter der Invasioun vun der Ukrain, der uschléissender Inflatioun an der Erhéijung vun
Wärend der Covid-19-Pandemie huet een erausfonnt, dass ee vill Zäit a Ressourcë ka spueren, andeems ee Reuniounen iwwert Videokonferenz ofhält. Esou goufe wärend der
An der Press gouf bericht, datt den US-amerikaneschen Entreprise SpaceX en Accord mat der indescher Firma vum Milliardär Mukesh Ambani ënnerschriwwen huet, fir de