M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President.
Dat heiten ass e ganz sënnvollt Gesetz, well et ass dee
schéinste Moment vum Liewen. A fir déi meeschte
Leit ass en eemoleg. Net fir jiddereen, mee fir déi meeschte Leit ass en eemoleg. An ech hu bei menger Hochzäit schonn ëmmer gefrot, firwat dat just am Gemengegebai soll méiglech ginn. Do war keng Logik derhannert. An dofir ass déi Fuerderung vun eis Piraten, déi mer scho laang haten, dass dat soll opgemaach ginn, … Dass dat elo endlech a Realitéit ëmgesat ginn ass, dat gefält eis ganz gutt. Och wa mir eis natierlech, wéi ech an der Kommissioun scho gesot
hunn, eng méi grouss Ouverture gewënscht hätten, wéi elo just op d’Gemengegebaier.
Ech hunn, zum Beispill, mech bewosst net an der
Kierch bestuet. An ech hat do deemools da just d’Wiel
vum Gemengegebai. Haut ass et jo esou, dass d’Koppel soll kënnen decidéieren tëscht de Gemengegebaier bezéiungsweis de Staatsgebaier herno. De Problem, dee mir awer do gesinn, wéi ech och schonn an der Kommissioun ugedeit hat, ass: Wann ech elo
zum Beispill bei mir an der Gemeng kucken, do ass
ee Restaurant, deen uewendriwwer e Raum vun der
Gemeng huet. Dat heescht, dee fält elo ënner dat neit
Gesetz an da wäert deen e risege Konkurrenzvirdeel
hu par rapport zu engem Hotel, deen och an der Gemeng ass, an elo ëmmer d’Hochzäitskoppelen hat.
Ben, déi kënne jo uewen an hirem Raum an ënnen
am Restaurant dann net méi dee selwechte Service ubidden. Dat ass dann eigentlech eng deloyal Konkurrenz, déi hei geschaaft gëtt, well deen aneren op sengem Site, dee Locataire an engem Gemengegebai ass, dee kann dann uewe säi Raum ubidden an
huet dann direkt och d’Clientë fir de Restaurant.
Dofir hätte mir Piraten eis gewënscht, dass een do
eng gewëssen Ouverture mécht. Natierlech ëmmer
mat de Bedenken, dass et soll public sinn. Mee ech
mengen, dat ass an engem groussen Etablissement
vu Restauranten oder Hotelle jo net onbedéngt de
Problem. Dat selwecht zielt fir Schëffer. Dat gouf an der
Kommissioun schonn eng Kéier ugedeit. Et wär ganz
schéin, wann ee sech kéint op der Musel op engem
Schëff bestueden. Dat wär ganz flott. Mir Piraten
hätten an där Optik dofir gären e bëssen eng Ouverture gehat.
(Interruption)
Jo, ech weess, et fält mer och elo grad an. Et ass
eigentlech ganz piratesch, wann ech elo d’Schëff
als Beispill geholl hunn. Ech hätt och kënnen e Park
huelen oder aner flott Saachen. Mee …
(Hilarité)
… natierlech. Dofir: …
(Interruption)
Mir hoffen, et wäert do an noer Zäit oder mat der
nächster Regierung nach eng weider Ouverture
kommen. Mee natierlech stëmme mer dat haut mat,
well dat wierklech dee schéine Moment, ech soen elo
net méi schéinste Moment, dee schéine Moment vum
Liewen, dee meeschtens eemoleg ass, nach eng Kéier
opwäerte soll. A merci eeben dem Dan Biancalana fir
dee gudde Rapport. Merci.
- February 7, 2025
- 3:28 pm
- Parlamentaresch Froen
Den LCGB huet matgedeelt, datt d’Sécherheetsfirma Protection Unit hir Aktivitéiten astellt an ee Repreneur sicht. D’Firma schafft fir eng Villzuel u staatleche Verwaltungen, parastaatlechen