M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President.
Léif Kolleeginnen a Kolleegen, de virleiende Projet
huet a grousse Linnen d’Inhalter aus direkt zwou
Gesetzespropositioune vun de Piraten iwwerholl. An
dofir wäert et och wuel kee wonneren, datt mir haut
deen Text matstëmmen.
Schonns am Juni 2019 hate mer als Piraten eng Gesetzespropositioun agereecht, déi d’Zil hat, den Dateschutz an de Walcampagnen ze verbesseren an et de
Gemengen ze verbidden, Kopië vun den integrale
Wallëschten u Privatleit an domadder och un d’Parteien erauszeginn.
Bal dräi Joer méi spéit gouf dës Reegelung du mat
engem Amendement an de virleiende Projet agebaut,
wat eis engersäits natierlech ganz frou mécht, mee
zugläich awer och weist, wéi ongär d’Regierungsparteie mat den Oppositiounsparteien zesummeschaffen. Eise Projet louch zanter 2019 vir. Firwat hu mer
also dräi Joer misse waarden, fir dës Dispositioun ze
stëmmen, ee Saz ze änneren? Just well op en Text vun
der Regierung gewaart ginn ass?
(Interruption)
Mee d’Regierung ass net de Gesetzgeeber, mee mir,
d’Chamber!
(M. Fernand Etgen reprend la présidence.)
A mir haten net nëmmen en Text fir den Dateschutz
am Zesummenhang mat de Wallëschte virleien, éier
d’Regierung aktiv ginn ass, mee och en Text, dee
sech, genee wéi elo dee vun der Regierung, mam
Walrecht bei de Gemengewale beschäftegt huet,
en Text, deen och vun eis agereecht ginn ass. An
trotzdeem gouf decidéiert, op de Regierungstext ze
waarden an domat Doublanten ze erschafen, amplaz
gemeinsam un deene schonn deposéierten Texter an
der Prozedur ze schaffen.
Datt dann och nach am Rapport vum virleiende Projet
mat kengem Wuert ernimmt ginn ass, datt d’Inhalter
vun dësem Projet zum Deel als Éischt schonn an anere
Gesetzespropositioune stoungen, déi deposéiert waren hei am Haus, dat fanne mer bedauerlech!
Hei gesäit een, wéi strateegesch Iwwerleeungen iwwerweien an ee léiwer laang op eng Gesetzesännerung waart, amplaz mat der Oppositioun konstruktiv
zesummenzeschaffen. Mee trotz den onglécklechen Hannergrënn vun der Aarbechtsweis an dësem Dossier freeë mer eis, wéi gesot, doriwwer, datt dëse
Projet haut dann endlech gestëmmt ka ginn.
Néierens ass d’Politik esou no beim Bierger wéi an
de Gemengen. Duerfir mengen d’Piraten och, datt
d’Chance, bei de Gemengewalen dierfe matzewielen,
eng wichteg Méiglechkeet ka sinn, fir Matbierger mat
auslänneschen Originne fir d’Lokalpolitik an duerno fir d’Politik am Allgemengen ze begeeschteren.
Wann ee vu virera weess, datt ee kee Matsproocherecht huet, dann ass et net verwonnerlech, wann
den Interessi un der Politik net grouss ass. Mee doduerch, datt een den auslännesche Matbiergerinnen
a Matbierger vun Ufank un erlaabt, déi lokal Politik
matzegestalten, esou wéi et an dësem Projet de loi
virgesinn ass, motivéiert ee se och, sech mat hirer
Gemeng auserneenzesetzen. An dat hëlleft och bei
enger gelongener Integratioun.
Fir sécherzestellen, datt och all auslänneschen Awunner vun enger Gemeng weess, datt et d’Méiglechkeet
gëtt, sech op d’Wallëschten anzedroen, hate mer an
eiser Proposition de loi e bësse méi wäit gegraff a gesot, et misst een obligatoresch gefrot gi bei der Umeldung, fir sech anzeschreiwen. Dat huet d’Regierung
net zréckbehalen. Bon, et ass dee klenge Bemoll un
deem heiten Text par rapport zu eise Propositiounen.
Mee grad a klenge Gemenge kann et fir Persounen,
déi Büroszäite schaffen, jo scho méi schwéier sinn, zu
den Ëffnungszäite vun der Gemeng kënne laanschtzegoen. An do wär et da méi einfach gewiescht, wann
ee bei engem Besuch direkt zwou Demarchen hätt
kënne maachen.
Dës Propos vun der obligatorescher Opklärung, hunn
ech scho gesot, gouf net zréckbehalen. An esou bleift
et de Gemengen iwwerlooss, wéi vill si opkläre wëllen
oder eeben och net. An déi eng wäerten einfach nëmmen e Flyer maachen a soen: „Mir hu jo awer informéiert“, an déi aner wäerte méi aktiv ginn.
Mir vertrauen hei natierlech drop, datt déi meescht
Gemengen hiert Bescht wäerte maachen, fir d’Leit
ze erreechen. Mee mir fannen et eeben, wéi gesot,
bedauerlech, datt ee sech hei engem weideren Outil
beraubt huet.
Ville Leit gëtt haut nämlech ëmmer eréischt bewosst,
datt Wale virun der Dier stinn – an dat huet och de
Rapporter gesot, merci nach fir den ausféierleche
Rapport, souwuel mëndlech wéi och schrëftlech –,
déi meescht Leit gi sech eréischt bewosst, datt Wale
sinn an datt ee sech jo awer hätt missen aschreiwen,
wann dann déi éischt Plakater opgehaange ginn,
wann déi éischt Flyere verdeelt ginn, also wann, jo,
wann et no deem aktuelle Gesetz ze spéit ass. An
dat wäerte mer mat deem heite Gesetz änneren an
ech hoffen, datt duerch d’Verschibe vun deenen Delaie sech och tatsächlech da méi Leit wäerten androe
loossen.
Et muss een awer och do éierlech mat sech selwer
sinn, datt jee nodeem, wéini déi eenzel Parteie wäerten ufänke mat hire Campagnen, et och dann nach
vläicht ze spéit ka sinn. Bon, dat zum Walgesetz.
Da gëtt et awer nach en zweete Volet, an dat ass de
Volet vun der ALIA. Bon, ech hätt ganz éierlech och
léiwer gehat, mir hätten déi Saachen an zwee verschiddenen Texter behandelt, well dat hätt et awer
méi einfach gemaach, fir och circonstanciéiert iwwert déi eenzel Saachen ze schwätzen, anstatt et
hei zesummenzefaassen. Och wann et iergendwou
zesummegehéiert – mee just, well et mat de Walen
ze dinn huet –, heescht dat net, datt een et muss an
een Text puchen. Et wär, mengen ech, gutt gewiescht,
grad och, well d’ALIA selwer eng ganz Rëtsch Froen
opgeworf huet iwwert deen neie Rôle, dee se kritt, fir
dat nach eng Kéier à part ze behandelen.
Mir fannen et grondsätzlech gutt, datt mer sou e
„watchdog“ iwwert d’Campagne kréien. Mee wéi
d’ALIA selwer an hirem Avis duergestallt huet, geet
d’Beschreiwung vun den Aufgabe vun der ALIA
am neien Text net duer, fir dat eigentlecht Zil ze
erreechen, nämlech eng fair a gläich Representatioun
vun de Parteien an de Medien ze garantéieren.
D’Limitatioun vun der Kontroll op Medien, déi d’Missioun vun engem Service public ausféieren, ass extreem begrenzt. Hei fale vill Medien duerch de Raster,
an dorënner och zum Beispill Lokalradioen a Gemengekanäl, wou am Walkampf ganz vill politescht Material gesent gëtt, an dat oft ënnert der alengeger
Kontroll vun deene Parteien, déi an der Gemeng grad
um Steier sëtzen. Dat ass keng equitabel Situatioun.
An engem ganz limitéierte Beräich kann de virleienden Text d’Gläichbehandlung vun de Parteien am
Walkampf zwar verbesseren, mee iwwert dëse Beräich eraus bleift nach ganz vill onreguléiert Mediepresenz iwwreg.
Mir Piraten denken duerfir, datt et dréngend noutwendeg wier, an Zesummenaarbecht mat Politik a
Mediewëssenschaft, esou wéi dat no all Wal souwisou gemaach gëtt, déi kommend Walkämpf vun de
Gemengen- an Nationalwale vun Experten evaluéieren ze loossen. Esou kéint een eng Basis schafe fir ze
erkennen, wéi eng Medie vun de Parteien am Walkampf wéi genotzt ginn a wou et nach Ongläichheete
gëtt, Ongläichheeten, déi eng gesetzlech Regulatioun, a soumat eng Upassung vum Gesetz, néideg géife maachen.
Wéi schonns ugekënnegt wäerten d’Lacunnen um
Niveau vun der Iwwerwaachung vun de Medien am
Walkampf eis haut awer net dovunner ofhalen, dësen Text matzestëmmen. Mir sinn der Meenung,
datt een op alle Fall an Zukunft nach eemol op dëse
Punkt zréck sollt kommen, wann een déi Evaluatioune
bis gemaach huet. Mee en attendant wëlle mer den
Upassunge vum Walrecht fir Auslänner op Gemengenniveau an dem Ausbau vum Dateschutz net am
Wee stoen. Ëmmerhin hu mer dat selwer hei virgeschloen.
Ech ginn heimadder also den Accord vun de Piraten
an ech soen Iech Merci fir d’Nolauschteren.
M. Marc Goergen (Piraten) | Ganz gutt!
M. Sven Clement (Piraten) | Den Här Bettel liest
nach d’Zeitung, kee Problem.
M. Sven Clement (Piraten) | … déi Insinuatioun, Här
Di Bartolomeo?
M. Sven Clement (Piraten) | Fréier wier d’LSAP méi
grouss dra gewiescht.