7875 – Projet de loi portant modification : 1° de la loi modifiée du 17 juillet 2020 sur les mesures de lutte contre la pandémie Covid-19 ; 2° de la loi modifiée du 6 janvier 1995 relative à la distribution en gros des médicaments .

M. Sven Clement (Piraten)

Merci, Madamm Presidentin.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, och ech freeë mech, no der Summerpaus elo nees hei mat Iech stoen ze kënnen. An ech hoffen natierlech, datt mer eng produktiv Chambersessioun 2021/2022 virun eis hunn, déi vläicht e bësse manner vu Corona gepräägt wäert sinn, wéi dat fir déi lescht de Fall war. Selbstverständlech hätt ech mer och erhofft, datt et net alt nees eng Kéier d’Covid-19-Pandemie misst sinn, déi eis hei zesummebréngt. Mee do féiert wuel esou séier nach kee Wee derlaanscht. D’Pandemie ass net eriwwer, just well mir alleguerten esou lues d’Flemm hunn. De Virus ass weiderhi present an dofir ass et och esou wichteg, datt eist Pandemiegesetz hei verlängert gëtt. Mir hunn déi grouss Chance, haut mat Impfungen a Selbsttester dës Rentrée anescht kënnen unzegoe wéi déi vum leschte Joer. Mee trotzdeem musse mer nach virsiichteg bleiwen. Aus dem vergaangene Joer wësse mer, datt mat de Retouren aus de Vakanzen d’Infektiounszuele steigen an den Hierscht mat sengem naasskale Wieder och säin Deel wäert dozou bäidroen, datt de Virus sech nees wäert e bësse besser verbreede kënnen. Mir Piraten begréissen duerfir ausdrécklech d’Upassungen, déi mam virleiende Projet de loi gemaach ginn am Beräich vun de Spideeler. Et ass wichteg, kloer ze reegelen, fir wéi eng Persoune wéi eng Reegele gëllen, sief et fir stationär Patienten a Patientinne souwéi hir Visiteuren, mee eeben och fir Patient/innen, déi fir en eenzele endez-vous an d’Spidol gi mat eventuellen Accompagnateuren. Jiddereen, deen d’urgence medezinnesch Hëllef brauch, muss kënne medezinnesch Hëllef kréien, an dat och, wann en an deem Moment covidpositiv ass. Dat ass eng Selbstverständlechkeet. An ech si
frou, datt mer hei Ännerunge konnte virhuelen. Mee Visiteuren an Accompagnatricen, déi selwer kee medezinneschen Noutfall hunn, däerfen am Fall, wou hire Schnelltest virun der Dier positiv wär
oder si kee Certificat virleeë kéinten, net an e Spidol eragoen. Dat wär einfach ze geféierlech. Mir freeën eis duerfir, datt mer gemeinsam an der Kommissioun eng Formuléierung konnte fannen,
déi et op Basis vun enger ganzer Rei Ureegungen och elo alle Persounen, déi Hëllef brauchen, erméiglecht, Hëllef ze kréien, an trotzdeem d’Iddi vum Cordon sanitaire respektéiert. Ech stelle mer just d’Fro, well ech haut och dowéinst kontaktéiert gouf, wéi et da wär mat enger Persoun, déi dréngend psychiatresch Hëllef bräicht an déi sech duerch den Test un der Entrée dach immens enervéiert géif weisen; eng Persoun, déi also Hëllef brauch, déi Hëllef soll kréien an déi am aktuellen Text vläicht esou just nach duerch d’Rille rutscht. Vläicht fanne mer do eng ganz pragmatesch Léisung, datt mer wierklech jiddwerengem hëllefe kënnen, datt mer net Leit hunn, déi psychesch nach zousätzlech drënner leiden. Et muss awer um Terrain och séchergestallt ginn, wat de Rapporter virdrun – deem ech ausdrécklech Merci soe fir säi Rapport – gesot huet, datt Leit, déi eppes wëllen ofginn, dat och kënne maachen un den Entréeë vun de Spideeler. Well et ginn, an dat hunn ech selwer erlieft, awer Plazen, wou un der Dier keen do ass, deen eppes wëllt entgéinthuelen, fir et dann un e Patient oder eng Patientin weiderzeginn. Dat heescht, mir musse sécherstellen, datt dat net nëmmen hypotheetesch ass, mee datt et och an der Praxis realiséiert ka ginn. Och wann d’Spideeler scho virun dëser gesetzlecher Grondlag Hygiènesmesuren en place haten, sou ass et dach awer wichteg, hei elo eng eenheetlech Base légale ze schafen.
(M. Fernand Etgen reprend la présidence.)
Iwwert dëse konkreete Punkt eraus wäert de virleiende Projet keng signifikant Verschäerfungen oder Lockerunge mat sech bréngen. Et geet also gréisstendeels ëm eng Verlängerung. An dat ass an der aktueller Situatioun a mengen Aen an deenemeeschte Politikfelder och net falsch. Mir gesinn an de Spideeler mat de Resultater vum Large-Scale-Testing, datt d’Impfunge wierken, musse gläichzäiteg awer och feststellen, datt sech ëmmer nach vill Persoune mam Virus ustiechen an d’Zuele souguer nees an d’Luucht ginn. Weider d’Impfung ze promouvéieren an déi existéierend Mesuren en place
ze halen, ass duerfir ganz wichteg. D’Impfung schützt an de Risk, vu schwéieren Niewewierkunge betraff ze sinn, ass vill méi geréng wéi deen, e schwéiere Covidverlaf ze hunn. Ech hunn d’Risiken an d’Protektioun vun der Impfung viru Kuerzem eréischt ganz am Detail duerchgerechent op Basis vun den ëffentlechen Donnéeën a kann nëmme jiddereen, dee sech nach net sécher ass, wat e vun der Impfung soll halen, invitéieren, e Bléck dorop ze werfen an do op Basis vun den Zuele vum ECDC respektiv vun der Regierung selwer seng eege Rechnungen ze maachen, sech selwer ze informéieren, well et soll ee schliisslech och net ëmmer alles gleewen, wat um Internet steet, och net, wann ech et geschriwwen hunn. Loosst Iech impfen!“ Dat ass e kloren Appell. Mee mir brauchen nach méi nidderschwelleg Offeren. Et dierf net sinn, datt eng ongesond Entscheedung, wéi zum Beispill e Big Mac z’iessen, méi einfach ëmgesat ka gi wéi eng gesond, wéi sech impfen ze loossen. D’Dokteren, bei deenen ee sech haut kann impfe loossen, soen heiansdo zu Patientinnen a Patienten: „Et deet mer leed, ech muss waarden, bis ech fënnef Leit zesummenhunn, éier ech eng Dosis BioNTech opmaache kann.“ Dat ass net nidderschwelleg. Mir hu geduecht, wann ee bei den Hausdokter kéint goen, dat wär nidderschwelleg. Mee scheinbar schéngt dat zu weidere Komplikatiounen ze féieren. Mir däerfen awer och net vergiessen, datt net all Persoun, déi um aktuellen Dag nach net geimpft ass, dat fräiwëlleg ass. An u jiddereen, deen hei op der Tribün Impfappeller lancéiert huet, esou wéi ech och: Setzt Iech och bei Äre Fraktiounsmembe ren derfir an, datt se sech impfe loossen. Ech soen dat hei als een, deem seng Sensibilitéit zu 100 % geimpft ass. Dat ass bei zwee natierlech méi einfach wéi bei méi. Vill Mënsche kënnen oder däerfe sech net impfe loossen, well se entweeder nach ze jonk sinn an et duerfir keng Impfstoffer fir se gëtt oder well hinnen opgrond vun Allergien oder aneren Erkrankungen dovunner ofgerode gëtt. Fir si oder am Fall vu Kanner fir hir Eltere kann de Fait, datt d’PCR-Tester deemnächst net méi wäerte gratis sinn, zu enger finanzieller Belaaschtung féieren. Duerfir wëll ech eng änlech Motioun wéi d’CSV hei deposéieren, an där ech d’Regierung bieden, jidderengem, dee sech net impfe loosse kann, weiderhin d’Optioun vu käschtefräie PCR-Tester opstoen ze loossen. Ech kommen herno nach op den Ënnerscheed ze schwätzen.
Motion 5
D’Chamber vun den Deputéierte stellt fest:

dass de staatlech organiséierte Covid-19-LargeScale-Testing de 15. September 2021 ausleeft; dass et Persoune gëtt, déi ze jonk sinn, fir vun enger lmpfung géint de Covid-19 profitéieren ze kënnen; dass et Persoune gëtt, fir déi eng lmpfung géint de Covid-19 aus medezinnesche Grënn contre-indiquéiert ass; dass Persounen, déi ze jonk sinn, fir sech impfen ze loossen, oder opgrond vu Contre-Indicatiounen net geimpft kënne ginn, drop ugewise sinn, Covidtester ze maachen, wa si esou um gesellschaftleche
Liewen deelhuele wëlle wéi Persounen, déi geimpft kënne ginn; dass d’Bezuele vun dësen Tester fir déi Betraffen -oder am Fall vu Kanner, fir hir Elteren – eng finanziell Belaaschtung ka sinn. Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung: sécherzestellen, dass Persounen, déi aus medezinnesche Grënn net géint de Covid-19 geimpft kënne ginn oder en Alter hunn, fir deen aktuell nach kee Covid-19-Vaccin zougelooss ass, och weiderhin
d’Méiglechkeet kréien, vu gratis PCR-Tester ze profitéieren oder d’Fraise vun zertifizéierte Schnelltester oder PCR-Tester rembourséiert ze kréien.
Sven Clement.
M. Fernand Etgen, Président.- Merci.
M. Sven Clement (Piraten).- A wa mer dovu schwätzen, datt jonk Kanner nach net kënne geimpft ginn, dann däerfe mer dat och net vergiessen, wann et drëms geet, datt d’Schoul jo muer erëm ugeet. Dann däerfe mer net vergiessen, datt mer an der Primärschoul vu Kanner schwätzen, vun deenen déi ganz grouss Majoritéit net geimpft ass. An do si mer dann awer an engem Feld, an deem
ech mer muss d’Fro stellen, ob et hei wierklech richteg ass, einfach just esou weiderzemaache wéi bis elo, d’Maskeflicht ofzeschafen an ze hoffen, datt zwee Schnelltester pro Kand duerginn, fir d’Epidemie a Schach ze halen. Éierlech gesot sinn ech mer net sécher, ob de Bildungsminister sech hei wierklech am Kloren ass, wat e mécht. Ech hu gëschter nämlech en Interview am „Tageblatt“ gelies, wou de Bildungsminister gefrot ginn ass, ob et, wann 10 % vun de Schülerinnen a Schüler keng Schnelltester géife maachen, net e Risiko géif ginn, datt esou ondetektéiert Fäll an d’Schoul kéinte kommen, déi sech dann ausbreede kéinten. Dem Minister seng Äntwert war, ech zitéieren: Wann een 90 % vun den Infektiounen an enger Epidemie detektéiert, dann huet ee se am Grëff.“ Ob een eng Pandemie elo wierklech ëmmer am Grëff huet, wann nach 10 % vun de Fäll ondetektéiert ronderëmlafen an anerer infizéieren, loossen ech elo mol onkommentéiert stoen. Mir si keng Epidemiologen. De grousse Problem bei dëser Ausso ass nämlech nach e ganz aneren, an zwar deen, datt de Minister hei aus der Tatsaach, datt 90 % vun de Schülerinnen a Schüler un de fräiwëllege Selbsttester deelhuelen, einfach ofleet, datt hien duerfir och 90 % vun den Infektioune fënnt.
(Interruption)
Jo, wat soll een do soen? Eng Datz an der Mathé? Ech weess guer net, wou ech ufänke soll. Et ass jo net esou, wéi wann net säit Wochen a Méint schonn doriwwer geschwat géif ginn, datt Selbsttester net ëmmer e richtegt Resultat uweisen, ganz ze
schweigen dovunner, datt de Minister mat nëmmen zwee Selbsttester siwe Wochendeeg wëllt ofdecken a bekannt ass, datt all Test nëmmen eng Momentopnam ka sinn a souguer en zertifiéierte
Schnelltest just 48 Stonne gëlteg ass, wat och scho schwéier ze rechtfertegen ass, wat mer heibannen och schonn e puermol diskutéiert hunn. Mat zwee Selbsttester, déi net vu medezinneschem
Personal gemaach ginn, also net zertifiéiert sinn an domat deemno wéi och nach manner sécher, wat d’richtegt Resultat ugeet, wëllt de Minister also trotzdeem all eenzeg Infektioun bei all Kand, wat sech teste léisst, fannen? Positiv ausgedréckt nennt een dat wuel „zilstreebeg“ oder „héich motivéiert“. Mee wat wär dann, wann an enger Schoul just zwee Kanner krank ginn an dës zwee Kanner zu deene gehéieren, déi net getest ginn? Da wäre jo eigentlech summa summarum no Adam Riese, esou, wéi een et seet, eigentlech 100 % vun den Infektiounen net entdeckt ginn, mee et géifen och nach ëmmer 90 % vun de Kanner getest ginn. Géif de Minister sech da wuel ëmmer nach arieden, hie géif 90 % vun den Infektioune fanne mat senger super Method? Ech weess, datt mer d’Schoulen net komplett virum Virus ofschotte kënnen. Mir mussen de Kanner an och den Enseignanten d’Méiglechkeet ginn, e Schoulalldag zréckzefannen, deen net just vun dëser Kris, mee och nees vun engem gemeinsamen Alldag, dee Spaass mécht, gepräägt ass. Mee e Schrëtt zu méi Normalitéit wär och vläicht méiglech gewiescht mat engem besser duerchduechten Hygièneskonzept: dräi Selbsttester, déi obligatoresch misste méindes, mëttwochs a freides moies an der
Klass gemaach ginn ënnert der Surveillance vum Léierpersonal. Dat wär de Minimum gewiescht. Doriwwer eraus misste mer Schrëtt fir Schrëtt a Lëftungsanlagen investéieren, déi jo net nëmmen an der Pandemie Sënn maachen, mee och an deenen nächste Grippewellen. An d’Entscheedung, ob e Mask soll an der Klass gedroe ginn oder net, soulaang nach kee positive Fall opgetaucht ass, dierf net einfach op den Terrain erofgedréckt ginn. Domat setze mer just d’Kanner an d’Enseignanten ënner Drock, déi sech dann, wa se hir Mask net unhaten an een ugestach hunn, just onnéideg Virwërf maachen, ob se hir Mask net awer besser hätte sollen undoen, wat jo hire Choix war. Wat geschitt, wann e Minister keng kloer Virgabe mécht a seet, datt et jidderengem fräisteet, ze maachen, wéi e wëllt, dat hu mer gesinn, wéi d’Kanner nom Schwamme mat naassen Hoer matten am
Wanter a Klassesäll souzen, an deenen all d’Fënsteren op waren, just well een et ze gutt gemengt hat a gelëft huet, nodeems een de Kanner verbueden huet, sech ze fönen, fir datt se sech heibäi net ze no géife kommen. Dat hate mer leschte Wanter. An ech hoffen dach wierklech, datt mer dat dëst Joer net nach eng Kéier widderhuelen.
Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, Dir gesitt, ech befanne mech hei an enger Aart Zwéckmillchen. Generell ënnerstëtzen d’Piraten d’Verlängerung vun dësem Projet an ënnerstëtzen à part
vun den Dispositiounen iwwert d’Schoulen och d’Ännerungen, déi mat dësem Text solle kommen an un deene mir och aktiv an de Chamberskommissioune matgeschafft hunn. Mee et feelt eis an
deenen Abschnitter, déi sech mat der Schoul befaassen, an ech mengen hei virun allem de Fondamental, fir dee jo nach keng Impfoffer besteet, un duerchduechte Mesuren. Mir si wierklech der Meenung, datt um Niveau vun de Primärschoulen en onnéidege Risiko agaange gëtt duerch feelend Mesuren, an dat grad wärend enger Joreszäit, wou d’Infektiounen um Virmarsch kënne sinn. Ech wëll ganz sécher net soen, datt déi hei virgesinne Mesuren direkt an onausweichlech an enger katastrophaler Infektiounswell wäerten
endegen. Ech denken awer, datt een hei muss zouginn, datt et méi virsiichteg gewiescht wier, an enger éischter Phas e méi elaboréiert Hygièneskonzept fir d’Rentrée ze presentéieren an den Impakt vun de Vakanzeretouren a vum Hierscht ofzewaarden an ze evaluéieren, éier een dann an enger zweeter Phas mat neie Lackerungen hätt kënne kommen. Mee dës Pist gouf net gewielt. An elo kënne mer d’Situatioun an de Schoulen an de kommende Wochen nëmmen nach esou gutt wéi méiglech am A behalen, fir dann esou séier wéi
méiglech aschreiden ze kënnen, falls mer gesinn, datt d’Zuelen an d’Luucht ginn. Wann d’Piraten also haut hiren Accord zu dësem Projet ginn, da maache mer dat nëmme mat engem ganz däitlechen Appell, d’Situatioun net ze ënnerschätzen a sech nach eemol bewosst ze maachen, datt 90 % Participatioun beim Testen net gläichzesetzen ass mat 90 % entdeckten Infektiounen. Et ass net esou einfach. An duerfir mussen d’Entwécklungen um Terrain och ganz genee suivéiert ginn an deene kommende Wochen a Méint.
Ech soen Iech Merci

Zesummenhang posts

Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.
Deutsche Version weiter unten. De Walprogramm vun de Piraten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit
De Piratendeputéierten Marc Goergen an de Südkandidat Yann Retter hunn haut d’Vertrieder vun der FGFC (Fédération Générale de la Fonction Communale) gesi fir mat